Glaciskapell

Vu Wikipedia
Glaciskapell

Uertschaft / Plaz Lampertsbierg
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Mariä Geburt
Konsekratioun 1885
Architekt(en) Charles Arendt
Koordinaten 49° 36’ 52.5’’ N
      06° 07’ 19.8’’ O
6° 07′ 19,8″ E
Kierchen - Kapellen


D'Kapell um Glacis ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Parverband Notre-Dame, Lampertsbierg, Rollengergronn, zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg, zum Dekanat Lëtzebuerg-Ost an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

D'Kapell ass der Gebuert vun der Muttergottes Maria geweit. De Festdag ass den 8. September.

Se steet op der Glacis-Plaz um Lampertsbierg um Rond-point wou de boulevard Joseph II (CR211), d'rue Nicolas Adames an de boulevard de la Foire (N51) zesummekommen.

Zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame gehéiert ausser der Glacis-Kapell och nach d'Kathedral vu Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi aktuell Glaciskapell steet gutt 100 m ewech vun do wou schonn eng éischt Kapell, déi sougenannt Neipuertskapell aus dem Joer 1628 stoung. Déi 'nei' Glaciskapell gouf op Wonsch vum Bëschof Nicolas Adames gebaut, no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt an am Joer 1885 vum Bëschof Jean Joseph Koppes geweit.

Beim Agank vum Nikloskierfecht steet eng Erënnerungsplack un déi éischt Muttergotteskapell um Glacis, déi am Joer 1796 vun den Truppe vun der franséischer Revolutioun zerstéiert gouf.

Den 31. Januar 2020 gouf d'Glaciskapell als National Monument klasséiert.[1]

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Bis 2016 hat d'Kapell just eng Klack mam Numm Maria a mam Toun "mi". Den 2. September 2016 gouf am Kader vun der Forainsmass déi zweet Klack vun der Kapell mam Numm Jacques Brocquart geseent. Dës Klack mam Toun "do#" gouf vun de Franziskanerrinne gestëft a staamt aus hirem 1869 gegrënnte Klouschter vu Gréiwemaacher.[2]. Dat Klouschter gouf 2010 ofgerappt.[3]

D'Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Sechs grouss Fënsteren aus dem Joer 1966 vum Emile Probst an deem senger Fra Denise Probst-Massin bilden en Zyklus deen d'Geschicht vun der Muttergottesveréierung zu Lëtzebuerg erëmgëtt. Si goufen 1966 zum 300. Jubiläum vun der Wiel vun der Muttergottes zur Patréinesch vun der Stad (dem sougenannten Tricentenaire) agesat.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1624: De Pater Broquart SJ leet déi éischt Pressessioun mat der Statu vun der Tréischterin am Leed.
  • 1628: Wei vun der éischter Glaciskapell, der Neipuertskapell.
  • 1640-1642: D'Kapell gëtt duerch e rechteckegen Ubau vergréissert.
  • 1642: Duerch Zaldote vu Lëtzebuerg kënnt eng Gravur vun der Lëtzebuerger Stat op Kevelaer.
  • 1666: D'Maria gëtt zu der Patréinesch vun der Stad erkläert.
  • 1678: D'Herzogtum Lëtzebuerg an d'Grofschaft Chiny maachen d'Muttergottes och zu hirer Patréiensch.
  • 1684: D'Stad ass zerstéiert, iwwer de Mauere géif den Zaldoten d'Muttergottes erschéngen.
  • 1796: an der Zäit vun der franséischer Revolutioun gouf d'Neipuertskapell profanéiert a 1796 ewechgerappt. D'Statu vun der Muttergottes koum dunn an Jesuittekierch.
  • 1866: Bicentenaire, d'Muttergottesstatu kritt vun engem peepstleche Legat (vum Poopst Pius IX.) eng Kroun opgesat.

Soss Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

De grousse Wandteppech am Fong vum Chouer gouf, wéi och d'Fënsteren, 1966 zum Tricentenaire ubruecht. E weist d'Maria, Tréischterin am Leed, a staamt vum E. Probst an Zesummenaarbecht mat senger Fra.

An der Kapell sinn d'Griewer an d'Grafsteng vun den zwéin éischte Bëscheef vu Lëtzebuerg, Nicolas Adames a Jean Joseph Koppes.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Glaciskapell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Forainsmass a Seene vun der zweeter Klack fir d'Glacis-Kapell
  3. Eine zweite Glocke für die Glaciskapelle, Luxemburger Wort, 10./11. September 2016, S.32