Jean-Paul Hurt

Vu Wikipedia
Jean-Paul Hurt
Gebuer 10. Mee 1937
Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée,
Universitéit vun Nanzeg,
Universitéit vu München,
Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Schrëftsteller

De Jean-Paul ("Jemmy") Hurt, gebuer den 13. Mee 1937[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass e pensionéierte lëtzebuergesche Lycéesprofesser. Hien ass virun allem bekannt wéinst sengen zwee autobiographesche Bicher.

Studien a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

No senger Primärschoul zu Dikrech, Lëtzebuerg a Gréiwemaacher, war de Jean-Paul Hurt Schüler am Jongelycée um Lampertsbierg, wou hien 1961 säi Premièresexame gemaach huet[1].

Vun 1961 bis 1965 huet hie Latäin, Philosophie, Germanistik a Geschicht um Cours supérieurs an duerno op den Unversitéiten zu Nanzeg, Paräis a München studéiert. No sengem Arméisdéngscht huet hie säi Stage pédagogique am Jongelycée um Lampertsbierg gemaach an huet do als Professer Däitsch, Geschicht a Lëtzebuergesch bis zu senger Pensioun am Joer 2001 enseignéiert[1]. Zesumme mam Joseph Groben an dem Léon Doemer huet de Jean-Paul Hurt vun 1984 bis 2005 d'Sprachbücher für den Deutschunterricht in Luxemburg erausginn[1].

Vun 2003 bis 2009 huet de Jean-Paul Hurt Coursen am Lëtzebuergeschen, der Geschicht an der Europäescher Integratiounsgeschicht op der Universitéit Lëtzebuerg suivéiert. Zanter 2010 enseignéiert hie Lëtzebuergesch an der evangeelescher Communautéit zu Lëtzebuerg[1].

Autobiographesch Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Paul Hurt ass virun allem bekannt wéinst sengen zwee autobiographesche Bicher vun 2016 an 2019.

A sengem Buch vun 2016 beschreift hie seng Liewensgeschicht vun 1937 bis 1967. Hien erzielt ë. a. vu sengen traumateschen Erliefnesser an de Joren nom Zweete Weltkrich, an deene säi Papp als Gielemännche wéinst senger Kollaboratioun mat den Nazien am Krich verhafft an, genee wéi och seng Mamm, an de Prisong koum.

2019 huet hien am Eegeverlag e Buch iwwer seng Passioun, vu Kandheet un, fir d'Fëscherei, virun allem op der Musel, der Sauer, der Our, dem Stauséi Uewersauer an der Äisch verëffentlecht. Op der Äisch hat hien eng Rëtsch Joren e Fëschereilous am Mariendall zesumme mam Biolog Jos Hoffmann gepacht.[2]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Rezensioune vum Buch vun 2016[änneren | Quelltext änneren]

  • Pauly, M., 2017. Jean-Paul Hurt, E Liewensulaf. Hémecht, Jg. 69 (2017), Heft 2, S. 266-267.
  • Baden, J., 2016. Dräi spannend Jorzéngter: Erënneronge vum Jean-Paul Hurt: perséinlech Erliefneisser vrun engem sozialhistoreschen Hannergrond. Die Warte Jg. 68, Nr. 34, 2016, S.16.
  • Rhein, J., 2016. Pardon ou indulgence ? Le Quotidien, Nr. 239 vum 12.10.2016, S. 44.
  • Fayot, B., 2016. Une riche biographie-histoire. La curiosité biographique et comment la satisfaire. Tageblatt, Nr. 281 vum 01.12.2016, S. 30.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Luxemburger Autorenlexikon, Online Versioun, gekuckt de 15. Februar 2020
  2. J.-P. Hurt 2019, Fëschergeschichten