Geesseknäppchen
Vue op de Campus Geesseknäppchen | |
Situatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Märel, Hollerech |
Koordinaten | 49°36'15,998"N, 6°6'16,999"O |
Morphologie | |
Héicht i. M. | 277 m |
De Geesseknäppchen (och nach Märeler Wisen, oder vereelzt Geessecht[1] genannt) ass eng Kopp am Weste vun der Stad Lëtzebuerg an de Quartieren Hollerech a Märel.
Et ass eng kleng Kopp déi südlech vum Belair op engem Ausleefer vum Plateau vun der Stad läit. E läit op enger Duerchschnëttshéicht vu ronn 275 Meter. De Fouss vum Geesseknäppche stéisst am Süden un den Dall vun der Péitruss. Vu Süden no Norde miesst de Knäppche ronn 800 Meter a vun Osten no Westen ongeféier 500 Meter.
Bis an d'1960er Jore war de Geesseknäppchen nach eng Wiselandschaft, déi am Norden an Nordweste vun der Rue Marguerite de Brabant an der Rue Charles Martel ofgeschloss gouf. Am Osten ass et de Boulevard Pierre Dupong, an am Süde war et bis d'Escher Autobunn gebaut gouf, d'Rue de Bouillon. Aus dësem Gronn gëtt de Geesseknäppchen och nach Märeler Wise genannt. Bei de Kanner war de Geesseknäppche beléift well se do am Wanter mam Schlitt fuere konnten.
1964 ass um Geesseknäppchen den neie Kolléisch opgaangen. No an no koumen aner Schoulen dobäi, soudatt haut do e grousse Schoulkomplex mat engen 9000 Schüler, de Campus Geesseknäppchen entstanen ass.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Op der Ferrariskaart aus de Jore 1770-1778 gesäit een um Geesseknäppchen a ronderëm just Felder a vereenzelt Bëscher. Spéiderhi gouf dunn den Dällchen a Richtung Stad opgeschott fir en notzbar ze maachen.
Kuerz virum Enn vun der Festung Lëtzebuerg, déi duerch de Londoner Vertrag 1867 opgeléist gouf, hat déi preisesch Garnisoun nach geplangt d'Festung bis op de Geesseknäppchen ze vergréisseren[2].
Militäresch war d'Gebitt awer interessant: Am Éischte Weltkrich huet d'Kopp als Geschëtzstellung gedéngt a gouf nach bis an 1920er Jore benotzt fir ze léieren, mat Kanounen ze schéissen. Vun do aus goufen och bis 1961 den 23. Januar d'Kanouneschëss fir Groussherzoginsgebuertsdag ofgeschoss[3].
Tëschent 1900 an 1902 huet déi deemoleg Gemeng Hollerech ënner dem Geesseknäppchen en neit Schluechthaus gebaut.
An de Joren 1911 bis 1913 an nom Krich vun 1918 bis 1927 goufen an de Märeler Wisen och Fluchmeetingen organiséiert.
Am Joer 1916 krut déi nei gegrënnt Société anonyme pour la construction et l'exploitation d'un Crématoire en Hektar Land op Geissegt an den Architekt Georges Traus huet Pläng vun engem Krematorium am egyptesche Stil entworf. Dëse Projet gouf awer ni realiséiert.
No der Fusioun vun der Gemeng Hollerech mat der Stad Lëtzebuerg am Joer 1920 huet de Buergermeeschter Gaston Diderich 1923 Märel elektrifizéieren an 1925 den Tram derlaanscht fuere gelooss.
Den Entreprener Achille Giorgetti huet duerno de Quartier a Richtung Geesseknäppche gebaut an de Gaston Diderich léisst d'Nanzegerplaz amenagéieren.
Mam Kolléisch gouf 1964 den Ufank vum Campus Geesseknäppche gemaach, den zënterhier Hollerech mat Märel an dem Belair verbënnt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Lecorsais Diane, Von Ziegen, Kanonenschüssen und einem Krematorium, ein Blick in die Vergangenheit des "Geesseknäppchen", Der Historiker Robert L. Philippart schildert, wie sich das vormals ländliche Areal im Laufe der Jahrzehnte entwickelte, Luxemburger Wort, 19. 8. 2014, S. 2-4.
- Isabelle Yegles-Becker, Firwat heescht… de Geesseknäppchen Geesseknäppchen? Ons stad 133/2021
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Paul Mederenach, Neumerl. onsstad.lu 42/1993 S. 6-9. Gekuckt de(n) 06.05.2021.
- ↑ Den Historiker Jean-Pierre Koltz schreift vun engem: "ganz neuen Gürtel von detachierten Außenforts rund um die alte Festung", zitéiert nom Artikel am LW 19.8.2014
- ↑ Isabelle Yegles-Becker, Firwat heescht… de Geesseknäppchen Geesseknäppchen?. onsstad.lu 133/2021 S. 63. Gekuckt de(n) 06.05.2021.