Regierung Bettel-Schneider

Vu Wikipedia

D'Regierung Bettel-Schneider ass eng Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng, déi aus de virgezunnene Chamberwale vum 20. Oktober 2013 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si baséiert um Koalitiounsaccord[1] tëscht dësen dräi Parteien, dee vun allen dräi den 3. Dezember 2013 guttgeheescht gouf.[2] De 4. Dezember 2013 gouf se vereedegt.[3]

Et ass zanter der Regierung Thorn-Vouel-Berg, 1974-1979, déi éischt Regierung ouni eng Bedeelegung vun der CSV. Et ass och déi éischt Regierung, un där Déi Gréng bedeelegt sinn.

Wéinst de Faarwe Rout, Blo a Gréng, déi d'Parteie symboliséieren, an aus Analogie zu deenen am Fändel vu Gambia, krut si de Spëtznumm Gambia-Koalitioun.

Si besteet aus 15 Ministeren an 3 Staatssekretären.

Den 28. Mäerz 2014 huet de Marc Hansen de Staatssekretär André Bauler ersat.[4]

De 18. Dezember 2015 huet de Premier Xavier Bettel de Ressort Kultur vun der Maggy Nagel iwwerholl, déi hiert Amt opginn hat, woubäi de Guy Arendt neie Staatssekretär dofir gouf. De Marc Hansen sengersäits gouf vum Staatssekretär zum Minister fir de Logement, amplaz vun der Mme Nagel, ernannt, souwéi zousâtzlech zum Delegéierte Minister fir Educatioun a Fuerschung.[5]

Zesummesetzung

(zënter dem 18. Dezember 2015)

  • Xavier Bettel (DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus an (zënter dem 18.12.2015) Minister fir Kultur;
  • Etienne Schneider (LSAP): Vizepremierminister; Aussenhandels- a Wirtschaftsminister; Minister fir Mëttelstand an Tourismus; Minister vun der Force publique;
  • Félix Braz (Déi Gréng), Justizminister;
  • Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister, Minister fir Immigratioun an Asyl;
  • Pierre Gramegna: Finanzminister, Minister fir den Tresor an de Budget;
  • Dan Kersch (LSAP): Inneminister, Minister fir d'Fonction publique;
  • Nicolas Schmit (LSAP): Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft;
  • François Bausch (Déi gréng): Minister fir nohalteg Entwécklung, Transport, ëffentlech Aarbechten an Infrastruktur;
  • Claude Meisch (DP): Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung;
  • Fernand Etgen (DP): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Minister fir d'Relatioune mam Parlament a fir Verbraucherschutz;
  • Corinne Cahen (DP): Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun;
  • Romain Schneider (LSAP): Minister fir Sport, humanitär Hëllef a Sozialversécherung;
  • Lydia Mutsch (LSAP): Ministesch fir Gesondheet a fir Chancëgläichheet;
  • Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Ëmwelt, Waasserwirtschaft a Landesplanung;
  • Marc Hansen (DP), Minister fir de Logement an Delegéierte Minister fir Erzéiung a Fuerschung (zënter dem 18.12.2015)[6];
  • Francine Closener (LSAP), Staatssekretärin fir Wirtschaft a Force publique;
  • Camille Gira (Déi Gréng), Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt;
  • Guy Arendt (DP), Staatssekretär fir Kultur (zënter dem 18.12.2015).

Um Spaweck

Schabloun:Lëtzebuerger Regierungen

Referenzen

  1. Service Information et Presse, Accord de coalition verëffentlecht den 2. Dezember 2013
  2. "Blo, Rout a Gréng: Ganz grouss Zoustëmmung!" RTL.lu - 03.12.2013, 18:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.12.2013, 23:01
  3. Zu der Bildung vun der neier Regierung: "La formation du Gouvernement 2013" op gouvernement.lu.
  4. "Wiessel an der Regierung: André Bauler raus, Marc Hansen ran." rtl.lu, 19.03.2014, 15:24:04.
  5. "Regierungsëmbildung: Bettel Kultur, Arendt do Staatssekretär, Hansen Logement." rtl.lu, 16.12.2015, 13:54:56.
  6. Hie war virdrun zënter dem 28. Mäerz 2014 Staatssekretär fir Erzéiung a Fuerschung, eng Fonctioun, an där en den André Bauler ersat hat)