Wale fir d'Europäescht Parlament 2009

Vu Wikipedia

D'Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 waren déi 7. Direktwal fir d'Europäescht Parlament. Se goufen tëscht dem dem 4. und 7. Juni 2009 ofgehalen. Et war dës déi éischt Kéier, wou all 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, no hirer leschter Erweiderung 2007, matgemaach hunn. D'chrëstdemokratesch-konservativ Europäesch Vollekspartei (EVP) konnt sech dobäi als déi stäerkst Franktioun behaapten, iwwerdeems d'Sozialdemokratesch Partei vun Europa (SPE) däitlech Verloschter huet missen astiechen. Déi Europäesch Gréng Partei (EGP) war déi Partei mat de meeschte Sëtzgewënner. A verschiddene Länner hunn och rietsextrem an europaskeptesch Parteie vill Stëmme krut.

Waltermin, Walmodus a Sëtzzuel[änneren | Quelltext änneren]

D'Europawal gouf getrennt, no de jeeweils nationalstaatleche Walgesetzer ofgehalen. Dofir hunn déi national Parteie Lëschten opgesat; déi gewielten Deputéiert hu sech dann jee no politescher Orientéierung enger europäescher Parteigruppéierung ugeschloss. Bis ewell gëtt et sou gutt wéi keng Parteien[1], déi länneriwwergräifend oder souguer europawäit Lëschten opsetze géifen.

All Memberstaat huet eng bestëmmt Zuel vu Sëtz zegutt. Lëtzebuerg zum Beispill huet der sechs. Walberechtegt (aktiv a passiv) sinn nieft de Staatsbierger vum jeeweilegen EU-Land och all EU-Bierger, déi zanter enger bestëmmter Zäit do liewen (a sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn, woubäi se da mussen deklaréieren, net och am Land, vun deem se d'Nationalitéit hunn, ze wielen).

Gewielt gouf a Groussbritannien an an Holland schonn donneschdes, de 4. Juni, an Irland de 5. Juni, an Tschechien de 5. a 6. Juni, an der Slowakei, Zypern, Lettland a Malta de 6. Juni, an an Italien de 6. und 7. Juni. An all deen anere Länner waren d'Wale sonndes, de 7. Juli; zu Lëtzebuerg war dat zesumme mat de Wale fir d'Chamber.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 (Lëtzebuerg).

An alle Länner gouf nom Proporzwalrecht gewielt; jee no Land konnt een nëmmen 1 Stëmm pro Lëscht ginn (z. B. an Däitschland), méi Stëmmen (Irland, Luxemburg) an/oder d'Reiefolleg op der Lëscht änneren (Éisträich). A Groussbritannien, Frankräich, Irland, Italien, der Belsch an a Pole gouf et e puer Walbezierker, an deenen anere Länner (wourënner Lëtzebuerg) just een eenzegen.

Duerch den Traité vu Lissabon gouf d'Zuel vun den Deputéierten op 751 festgeluecht. A verschiddene Länner gouf et Ännerunge par Rapport zu virdrun; dofir waren Iwwerganksléisunge virgesi ginn.

Walresultater[änneren | Quelltext änneren]

Sëtzverdeelung de 14.07.09
     EVP (265)
     S&D (184)
     ALDE (84)
     Gréng/EFA (55)
     ECR (54)
     EUL-NGL (35)
     EFD (32)
     ouni Fraktioun (27)

D'Walbedeelegung louch an der Moyenne bei 43 %, liicht ënner der vireger vun 2004 (45,5 %). Ausser an der Belsch an zu Lëtzebuerg, wou Walflicht besteet, an d'Beddelegung ëm déi 90 % louch, war se op Malta (78,8 %) an an Italien (65,1 %) besonnesch héich. Besonnesch niddreg war se a Litauen (21,0 %) an an der Slowakei (19,6 %).

An de Wochen duerno hu sech déi eenzel national Parteien den Europäesche Fraktiouen ugeschloss.

Bei senger konstitutiver Assemblée, de 14. Juli 2009, huet dat nei gewielte Parlament sech sou zesummegesat:

Fraktioun
Land
EVP S&D ALDE ECR Gréng/EFA GUE-NGL EFD ouni Fraktioun zesummen Bedeelegung
EU 265 184 84 55 55 35 32 26 736 43,0 %
Belsch 3 (CD&V)
1 (CDH)
1 (CSP)
3 (PS)
2 (SP.A)
3 (Open VLD)
2 (MR)
1 (LDD) 1 (Groen!)
2 (Ecolo)
1 (N-VA)
2 (VB) 22 90,4 %
Bulgarien 5 (GERB)
1 (SDS)
4 (BSP) 3 (DPS)
2 (NDSV)
2 (Ataka) 17 39,0 %
Dänemark 1 (C) 4 (A) 3 (V) 2 (F) 1 (N) 2 (O) 13 59,5 %
Däitschland 34 (CDU)
8 (CSU)
23 (SPD) 12 (FDP) 14 (Grüne) 8 (Linke) 99 43,3 %
Estland 1 (IRL) 1 (SDE) 1 (RE)
2 (KE)
1 (onofh.) 6 43,9 %
Finnland 3 (Kok.)
1 (KD)
2 (SDP) 3 (Kesk.)
1 (SFP)
2 (Vihr.) 1 (PS) 13 40,3 %
Frankräich 24 (UMP)
3 (NC)
2 (LGM)
14 (PS) 6 (MoDem) 14 (EE) 4 (FG)
1 (PCR)
1 (Libertas) 3 (FN) 72 40,7 %
Griicheland 8 (ND) 8 (PASOK) 1 (Gréng) 2 (KKE)

1 (SYRIZA)

2 (LAOS) 22 52,6 %
Irland 4 (FG) 3 (Lab) 3 (FF)
1 (unabh.)
1 (SP) 12 57,6 %
Italien 29 (PdL)
5 (UdC)
1 (SVP)
21 (PD) 7 (IdV) 9 (LN) 72 65,1 %
Lettland 1 (JL)
2 (PS)
1 (SC) 1 (LPP/LC) 1 (TB) 1 (PCTVL) 1 (SC) 8 53,7 %
Litauen 4 (TS-LKD) 3 (LSDP) 1 (DP)
1 (LRLS)
1 (LLRA) 2 (TT) 12 21,0 %
Lëtzebuerg 3 (CSV) 1 (LSAP) 1 (DP) 1 (Déi Gréng) 6 90,8 %
Malta 2 (PN) 3 (PL-MLP) 5 78,8 %
Holland 5 (CDA) 3 (PvdA) 3 (VVD)
3 (D66)
1 (CU) 3 (GL) 2 (SP) 1 (SGP) 4 (PVV) 25 36,8 %
Éisträich 6 (ÖVP) 4 (SPÖ) 2 (Grüne) 3 (Martin)
2 (FPÖ)
17 46,0 %
Polen 25 (PO)
3 (PSL)
7 (SLD-UP) 15 (PiS) 50 24,5 %
Portugal 8 (PSD)
2 (CDS-PP)
7 (PS) 2 (CDU)
3 (BE)
22 36,8 %
Rumänien 10 (PD-L)
3 (UDMR)
1 (onofh.)
11 (PSD-PC) 5 (PNL) 3 (PRM) 33 27,7 %
Schweden 4 (M)
1 (KD)
5 (SAP) 3 (FP)
1 (C)
2 (MP)
1 (PP)
1 (V) 18 45,5 %
Slowakei 2 (SDKÚ-DS)
2 (KDH)
2 (SMK)
5 (Smer-SD) 1 (LS-HZDS) 1 (SNS) 13 19,6 %
Slowenien 2 (SDS)
1 (N.Si)
2 (SD) 1 (LDS)
1 (Zares)
7 28,3 %
Spuenien 23 (PP) 19 (PSOE)
2 (PSC)
1 (CDC)
1 (PNV)
1 (ERC)
1 (ICV)
1 (IU) 1 (UPyD) 50 46,0 %
Tschechesch Republik 2 (KDU–ČSL) 7 (ČSSD) 9 (ODS) 4 (KSČM) 22 28,2 %
Ungarn 14 (Fidesz) 4 (MSZP) 1 (MDF) 3 (Jobbik) 22 36,3 %
Vereenegt Kinnekräich 13 (Lab) 11 (LD) 25 (Con)
1 (UUP)
2 (Greens)
2 (SNP)
1 (PC)
1 (SF) 13 (UKIP) 2 (BNP)
1 (DUP)
72 34,7 %
Zypern 2 (DISY) 1 (EDEK)
1 (DIKO)
2 (AKEL) 6 59,4 %
Fraktioun EVP S&D ALDE ECR Gréng/EFA GUE-NGL EFD ouni Fraktioun am Ganzen Bedeelegung

Nom Akraafttriede vum Traité vu Lissabon, den 1. Dezember 2009, huet d'Fraktioun vun der EVP aacht Sëtz bäikritt, d'S&D fënnef, déi Gréng/EFA zwéin, d'ECR een, an nach zwéin zousätzlech Deputéiert ouni Fraktioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: European Parliament Election 2009 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. eng éischt Tentativ war déi ephemär europafeindlech Partei Libertas, déi an e puer Länner Lëschten opgesat hat.