Weltraumfuerschung

Vu Wikipedia

Weltraumfuerschung (engl. space exploration) ass d'erfuersche vum Weltraum entweeder duerch Observatioun, Sondéierung vun Himmelskierper oder duerch terrestresch (op der Äerd duerchgefouert) Experimenter, déi sech op Zoustänn am Weltraum iwwerdroe loossen.

Am Ufank vum 21. Joerhonnert Fuerschungen am Weltraum si besonnesch

Raumfaart a Weltraumfuerschung ginn dacks verwiesselt, d'Weltraumfuerschung ass awer effektiv en Deel vun der Raumfaart: Si beschäftegt sech haaptsächlech mat der Fuerschung an der technescher Entwécklung, wärend Raumfaart och den Transport vun z. B. Satellitten an den Orbit oder änlech Missiounen aschléisse kann.

Bemannt Weltraumfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Ufank 1961[änneren | Quelltext änneren]

Den Buzz Aldrin trëtt op de Mound.

Wéi d'Sowjetunioun hiren éischte Kosmonaut Juri Gagarin op d'Äerdëmlafbunn geschéckt hat, hat an der Sowjetunioun an an den USA déi bemannt Weltraumfuerschung, och als Wettlaf tëscht de gesellschaftleche Systemer ugefaangen. Mat der Moundlandung vun den d'USA hat déi bemannt Weltraumfuerschung hiren éischten Héichpunkt erreecht. Dozou ziele virun allem d'Apollo-Flich, mat en ettleche Landungen um Mound.

Pläng[änneren | Quelltext änneren]

An Zukunft kéint d'Weltraumfuerschung d'Raumfuerer och op aner astronomesch Objete schécken, wéi de Mars oder d'Jupitermounden, woubäi d'Ineffizienz vun den Undriffer, d'Weltraumreesen zu längeren Operatiounen mécht. Gläichzäiteg si Ravitaillementsproblemer z'erwarden, wat Dreifstoff, Iessen, Loft, Waasser asw. ubelaangt. Ausserdeem gëtt fir Raumfuerer, déi sech wäit baussenzeg vum Magnéitfeld vun der Äerd beweegen, déi kosmesch Stralung zum Beispill bei Sonneneruptioune geféierlech, déi bei méi laanger Aussetzungsdauer de Kribs-Risiko erhéije kann. Soumat bleift d'bemannt Weltraumfuerschung op friemen Objeten, op d'mannst an den 2010er Joren, onwarscheinlech.

Nei wëssenschaftlech Erkenntnesser aus der bemannter Weltraumfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Ënnersicht ginn haaptsächlech d'Auswierkunge vun der Schwéierlosegkeet op de Mënsch, op d'Déieren an op d'Planzen.

Onbemannte Weltraumfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Voyager-Programm

Start an d'Weltraumzäitalter am Joer 1957[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 1, den éischte kënschtleche Satellit am Oktober 1957 gestart, markéiert den Ufank vun der onbemannter Weltraumfuerschung. Am Laf vun de follgende Joerzéngte koume vill Raumfluchkierper no, déi den äerdnoe Raum, Asteroiden, d'Récksäit vum Äerdmound a souguer d'Uewerfläch vum Mars wëssenschaftlech erfuerscht hunn.

Héchstwarscheinlech gëtt och an Zukunft haaptsächlech Weltraumfuerschung mat automatesche Sonde gemaach, well dës déi meescht erfuerdert Aufgaben och gutt oder souguer nach besser wéi Mënschen ausféiere kënnen, op hirem Fluch keng Ravitaillementsproblemer hunn, souwéi weeder op e Réckfluch, nach op eng ëmfaassend Liewenserhalung u Bord ugewise sinn. Dat alles mécht si bedeitend méi gënschteg a gëtt hinnen vill Virdeeler bei Asazméiglechkeeten an Asazdauer. Den eenzegen Nodeel géigeniwwer der bemannter Weltraumfuerschung ass de Manktem vu Flexibilitéit vun de Sonden, déi nëmmen déi programméiert Aufgaben erfëlle kënnen.

Déi mat Ofstand längst onbemannt Fuerschungsmissiounen am Weltraum sinn déi béid am Joer 1977 gestart Sonden Voyager 1 a Voyager 2, déi ëmmer nach operéieren an an der Tëschenzäit d'Sonnesystem verlooss hunn. Aner onbemannt Missiounen sinn Deep Impact oder déi béid Mars-Rover Spirit an Opportunity.

Spektakulär wëssenschaftlech Erkenntnesser aus der onbemannter Weltraumfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Vun de villen onerwaarte Raumsonderesultater ass hei notéiert: De Vulkanismus um Jupitermound Io, déi dicht Atmosphäre vun der Venus, Geysiren um Neptunmound Triton, Methanséien um Saturnmound Titan.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Weltraumfuerschung – Biller, Videoen oder Audiodateien