Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Ablécklech WikiProjeten: Kënschtlerbiographien a Leit op Stroosseschëlter.

Artikel vun der Woch

D'Koffergrouf vu Stolzebuerg war eng Minière, an där bis 1944 Koffer ofgebaut gouf. Si läit annerhallwe km nordwestlech vu Stolzebuerg, am Dall vun der Klangbaach, ënner dem Goldbierg, a kann zanter 2000 nees deelweis besicht ginn.

D'Grouf geet, op 12 Stäck, bis zu 169 m ënner de Buedem. Déi längst Galerie, um 9. Stack, ass 400 m laang.

Warscheinlech hate schonn zu der Zäit vun de Kelten a vun de Réimer d'Leit Koffervirkommen do entdeckt an ofgebaut. Déi éischt schrëftlech Mentioun vun der Grouf ass vu 1717 a geet ëm d'Konzessioun vun Ofbaurechter. Bis zum Enn vum 18. Joerhonnert huet d'Grouf e puermol hire Proprietär gewiesselt. Déi éischt begleewegt Konzessioun gouf 1749 dem Franz Eduard Anton, Freiherr von Stolzemburg, zougesprach. No deem sengem Doud, 1755, war d'Grouf fir 9 Joer ausser Betrib. Da krut e gewëssen Thilman Steyer vun Tréier, d'Exploitatiounsrecht. Aus finanzielle Grënn huet hie sech mam Antoine Pescatore aus der Stad Lëtzebuerg associéiert. Vu 1768 bis 1773 war de Pescatore eenzege Konzessionär. Duerno louch d'Grouf erëm wärend Jore brooch... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • … den Henri Tudor (1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u Bläivergëftung gestuerwen ass?
  • … et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlossportler mam Numm Nicolas Frantz gouf, woubäi een dovun, den Nicolas Frantz II, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, z'iwwerhuelen?
  • ... d'Bundesamt für Seeschifffahrt und Hydrographie zu Hamburg déi gréisst Sammlung vu Fläscheposten op der Welt huet?
Archiv

Op engem 11. September

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... den 11. September...soss en Dag2024
Archiv

Kierzlech verstuerwen

Caterina Valente (1966)
Caterina Valente (1966)
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen