Antony Hewish

Vu Wikipedia
Antony Hewish
Gebuer 11. Mee 1924
Gestuerwen 13. September 2021
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea, Koninklijke Vlaamse Academie van België voor Wetenschappen en Kunsten

Den Antony Hewish, gebuer den 11. Mee 1924 zu Fowey, Cornwall ass e brittesche Radioastronom a Physik-Nobelpräisdréier.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Antony Hewish gouf als jéngste vun dräi Bridder zu Fowey (Cornwall) gebuer an ass zu Newquay opgewuess. Nom King's College zu Taunton hat hien 1942 säi Studium op der Universitéit vu Cambridge ugefaangen. Vun 1943 bis 1946 huet hie säi Krichdéngscht a Fuerschungsariichtungen, vum Royal Aircraft Establishment zu Farnborough an am Telecommunications Research Establishment zu Malvern, an der Radarfuerschung geleescht. 1946 koum hien nees op Cambridge zeréck an huet säi Studium 1948 ofgeschloss. Uschléissend ass hien an de Cavendish Laboratory zu Martin Ryle gewiesselt. Mam Ryle hat hie scho wärend sengem Krichsdéngscht zesummegeschafft. No senger Promotioun 1952 war hien am Ufank an de Gonville and Caius College gewiesselt an 1961 als Studieleeder fir Physik an den Churchill College. 1971 gouf hien zum Professer fir Radioastronomie ernannt an huet 1989 emeritéiert. 1977 huet hien no enger schwéierer Krankheet vum Martin Ryle d'Féierung vun der Radioastronomiegrupp zu Cambridge iwwerholl a war vun 1982 bis 1988 Chef am Mullard Radio Astronomy Observatory zu Lord's Bridge (Cambridgeshire).

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Hewish hat seng Aarbecht um Gebitt vun der Radioastronomie am Cavendish Laboratory zu Cambridge ugefaangen an hat praktesch wéi och theoreetesch Fortschrëtter an der Observatioun an Auswäertung vun der Szintillatioun vu Radioquellen duerch d'Wiesselwierkung vun hirer Stralung mat der Ionosphär erzilt. No der Entdeckung vun der interplanetarer Szintillatioun duerch de Sonnewand 1964 hat hie Sue fir d'Finanzéierung vun en ettlechen Teleskopen zu Cambridge gesammelt, fir d'Observatiounsméiglechkeete vu Radiogalaxien ze verbesseren. Nodeem 1965 d'Konstruktioun ugefaangen hat, goufen d'Teleskopen, déi zu engem groussen Array zesummegeschalt sinn, 1967 fäerdeg. Am Kader vun deem Projet hat eng vu senge Studentinnen, d'Jocelyn Bell Burnell, deen éischte Pulsar PSR B1919+21 bemierkt.

Den Hewish gouf 1974 zesumme mam Martin Ryle mam Nobelpräis fir Physik fir seng Roll bei der Entdeckung vun de Pulsaren ausgezeechent. Den Nobelkommitee gouf uschléissend hefteg kritiséiert, virun allem vum Fred Hoyle, well d'Jocelyn Bell, déi déi eigentlech Entdeckerin war an an der Originalpublikatioun vun der Entdeckung un zweeter Plaz nom Hewish genannt war, eidel ausgoung.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie