Astérix

Vu Wikipedia
Astérix
Den Obelix (Mëtt uewen), Asterix (Mëtt ënnen), an aner Personnagen
Ass en(g) Comicserie
Besteet aus Den Astérix an d'Goten, Den Astérix als Gladiateur, Astérix et Cléopâtre, Den Astérix op der Olympiad, Den Astérix bei den Helveten, La grande traversée, Obélix et compagnie, Den Astérix bei de Belsch, Le grand fossé, Dem Astérix séng Odyssee, Dem Astérix säi Jong, Den Astérix beim Dranazàhd, Den Astérix d'Rous an d'Schwert
Produktiounsland Frankräich

Astérix ass eng Serie vu franséische Comicalbume vum Albert Uderzo (Zeechnungen) a René Goscinny (Texter). D'Haaptpersonnagë sinn den Asterix an den Obelix, säi beschte Frënd. Den Asterix huet säin Numm vum franséische Wuert "astérisque" (*).

Synopsis[änneren | Quelltext änneren]

Mir sinn am Joer 50 vru Christus. Ganz Gallien ass vun de Réimer besat... Ganz? Neen! Ee gallescht Duerf wiert sech nach ëmmer verbruet géint d'Réimer, an do komme se net eran. An d'Garnisounsliewen ass net liicht fir d'Légionären an de verschanzte Lagere vu Babaorum, Aquarium, Laudanum a Petibonum.

Sou fänkt all Geschicht mam Asterix a senge gallesche Kolleegen un. An effektiv gëtt een net fäerdeg mat ziele wann ee sech d'Onmass vu Réimer ukuckt, déi ëmmer sou duerch d'Géigend fléien.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

De Comic ass 1959 an der Zäitschrëft Pilote fir d'éischt erauskomm.

De Succès léisst sech virun allem erkläre well all Mënsch iergendwéi matlaache kann, ob dat elo d'Kläppereie mat de Réimer sinn, oder Anachronismen wéi datt Lutezia am Stau ënnergeet. Natierlech duerf een déi immens Wuertspiller net vergiessen, déi een ë. a. an den Nimm erëmfënnt.

Vum Album Le grand fossé (1980) un huet den Albert Uderzo nom Doud vum René Goscinny eleng weidergemaach. 2013 huet den Uderzo mam Molen opgehalen; zanterhier ginn déi nei Asterix-Aventurë vum Didier Conrad gemoolt, no engem Zenario vum Jean-Yves Ferri.

Wandmolerei zu Bréissel mat den Haaptpersonnagen.

D'Häre Goscinny an Uderzo hale sech natierlech net ganz un d'historesch Tatsaachen, a sou ass de Comic voll mat falsche Biller iwwer d'Gallier:

  • d'Endung vun den Nimm an ix: nëmme verschidde Cheffen haten en Numm dee mat rix opgehalen huet (vum laténgesche rex).
  • all d'Hütten hunn e Schaarschtech, dobäi hunn d'Gallier dat guer net kannt.
  • den Druid Panoramix huet ëmmer säin Zeremoniekleed un.

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuergesch Iwwersetzungen (vum Lex Roth) sti bei de respektiven Albumen hannendrun.

  1. Astérix le Gaulois (éischt Publikatioun: 1959 - éischt Albumseditioun: 1961)
  2. La serpe d'or (1960-1962)
  3. Astérix chez les Goths (1961-1963) - Den Astérix an d'Goten (1993)
  4. Astérix gladiateur (1962-1964) - Den Astérix als Gladiateur (1991)
  5. Le Tour de Gaule d'Astérix (1963-1965)
  6. Astérix et Cléopâtre (1963-1965)
  7. Le combat des chefs (1964-1966)
  8. Astérix chez les Bretons (1965-1966)
  9. Astérix et les Normands (1966-1967)
  10. Astérix légionnaire (1966-1967)
  11. Le bouclier Arverne (1967-1968)
  12. Astérix aux Jeux olympiques (1968-1968) - Den Astérix op der Olympiad (1988)
  13. Astérix et le chaudron (1968-1969)
  14. Astérix en Hispanie (1969-1969)
  15. La zizanie (1970-1970)
  16. Astérix chez les Helvètes (1970-1970) - Den Astérix bei den Helveten (1996)
  17. Le domaine des dieux (1971-1971)
  18. Les lauriers de César (1971-1972)
  19. Le devin (1972-1972)
  20. Astérix en Corse (1973-1973)
  21. Le cadeau de César (1974)
  22. La grande traversée (1975)
  23. Obélix et compagnie (1976)
  24. Astérix chez les Belges (1979) - Den Astérix bei de Belsch (1989)
  25. Le grand fossé (1980)
  26. L'odyssée d'Astérix (1981) - Dem Astérix séng Odyssee (1990)
  27. Le fils d'Astérix (1983) - Dem Astérix säi Jong (1987)
  28. Astérix chez Rahàzade (1987) - Den Astérix beim Dranazàhd (1988)
  29. La rose et le glaive (1991) - Den Astérix d'Rous an d'Schwert (1991)
  30. La galère d'Obélix (1996)
  31. Astérix et Latraviata (2001)
  32. Astérix et la rentrée gauloise (2003)
  33. Le ciel lui tombe sur la tête (2005)
  34. L'Anniversaire d'Astérix & Obélix (2009)
  35. Astérix chez les Pictes (2013); gemoolt vum Didier Conrad no engem Zenario vum Jean-Yves Ferri
  36. Le Papyrus de César (2015); gemoolt vum Didier Conrad no engem Zenario vum Jean-Yves Ferri
  37. Astérix et la Transitalique (2017); gemoolt vum Didier Conrad no engem Zenario vum Jean-Yves Ferri
  38. La fille de Vercingétorix (2019); gemoolt vum Didier Conrad no engem Zenario vum Jean-Yves Ferri

Wierker inspiréiert vum Astérix[änneren | Quelltext änneren]

  1. Les 12 travaux d'Astérix (1976)
  2. Astérix et la rentrée gauloise (1993)
  3. Comment Obélix est tombé dans la marmite du druide quand il était petit
  4. Uderzo croqué par ses amis

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Mickymausen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Astérix le Gaulois (1967)
  2. Astérix et Cléopâtre (1968)
  3. Les douze travaux d'Astérix (1976)
  4. Astérix et la surprise de César (1985)
  5. Astérix chez les Bretons (1986)
  6. Le coup du menhir (1989)
  7. Astérix et les Indiens (1994)
  8. Astérix et les Vikings (2014)
  9. Astérix – Le Domaine des dieux (2018)
  10. Astérix – Le Secret de la Potion Magique (2018)

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Et goufen och bis ewell 4 Filmer gedréint. Den Asterix gouf vun 3 verschiddene Schauspiller interpretéiert, den Obelix do dergéint gouf an hinnen alle 4 vum Gérard Depardieu verkierpert:

  1. Astérix et Obélix contre César (1999) vum Claude Zidi mam Christian Clavier als Astérix
  2. Astérix & Obélix: Mission Cléopâtre (2002) vum Alain Chabat mam Christian Clavier als Astérix
  3. Astérix aux Jeux Olympiques (2008) vum Frédéric Forestier an Thomas Langmann mam Clovis Cornillac als Astérix
  4. Astérix et Obélix: Au service de sa Majesté (2012) vum Laurent Tirard mam Édouard Baer als Astérix

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Astérix – Biller, Videoen oder Audiodateien