Canes Venatici

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Canes Venatici
Lëtzebuergeschen Numm Juegdhënn
Laténgeschen Numm Canes Venatici (CVn)
Laténgesche Geenitiv Canum Venaticorum
Laténgesch Ofkierzung CVn
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 12h 06m bis 14h 07m
Deklinatioun +27° 50' bis +52° 21'
Fläch 465 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 38° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α CVn (Cor Caroli)
2,90m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Ursa Major
Coma Berenices
Bootes
Kaart vum Stärebild Canes Venatici
Stéch vum Stärebild Canes Venatici

D'Juegdhënn (latäin Canes Venatici) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Juegdhënn ass e manner opfällegt Stärebild ënner dem Täissel vum Grousse Won (respektiv ënner dem Schwanz vum Grousse Bier). Si ginn duerch d'Stären α (Cor Caroli) an β Canum Venaticorum gemaach. De Cor Caroli ass mat enger visueller Magnitude vun 2,90m opfälleg hell.

An de Juegdhënn sinn en ettlech Galaxien an ee Kugelstärekoup, déi an de Messier-Katalog opgeholl goufen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Canes Venatici war an der Antiquitéit keen eegent Stärebild, mä gouf zum Grousse Bier zougerechent. Op alen Ofdréck ginn d'Stären α an β als Juegdhënn Chara (Freed) an Asterion (de Stäreräichen) vum Bierenhidder (Bootes) duergestallt.

Als eegestännegt Stärebild goufen d'Juegdhënn eréischt vum Joer 1690 duerch den Himmelsatlas vum Johannes Hevelius agefouert.

Den hellste Stär, den α Canum Venaticorum, heescht Cor Caroli (lat. Häerz vum Charel). Zum Urspronk vum Numm existàieren zwou Versiounen.

Sou soll de Stär un déi englesch Kinneke Charles I. an Charles II. erënneren. De Karl I. gouf am Joer 1649 higeriicht. Wéi säi Jong Karl II. 1660 den Troun iwwerholl hat an domat d'Dynastie vun de Stuarts fortgesat huet, soll de Stär no Aussoe vum Haffphysiker Sir Charles Scarborough besonnesch hell geliicht hunn. Den englesche Kartograph Francis Lamb huet de Stär 1673 an enger Stärekaart als gekréint Häerz duergestallt an huet hie Cor Caroli Regis Martyris genannt.

No enger anerer Quell huet den Haffastronom Edmond Halley de Karl II. am Joer 1675 bei der Ouverture vum Greenwich-Observatoire mat enger Stärebezeechnung geéiert.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 12 Cor Caroli 2,89m 110 A0 + F0
β 8 (Chara) Asterion 4,26m 27 G0
24 4,70m
20 4,73m
5 4,80m
25 4,82m A7 + F0
Y, La Superba 4,6 bis 6,3m 710 C7
6 5,02m
21 BK 5,15m
14 5,25m
3 5,29m
23 5,60m
2 5,66m
19 5,79m

Den β Canum Venaticorum, och Chara genannt, huet eng visuell Magnitude vu 4,26 mag. Hien ass nëmmen 27 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass G0.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréissten Ofstand
α 2,89m/5,61m 19,4"
17 5,9m/6,2m/6,3m 79/278"
25 5,0m/6,9m 1,8"

Den α Canum Venaticorum ass en opteschen Duebelstär. Dat heescht déi zwéi Stäre sinn net duerch Gravitatioun matenee verbonnen, mä si stinn einfach, vun der Äerd aus gesinn, am selwechte Bléckwénckel.

Den α2 CVn, läit ronn 120 Liichtjoer vun eis ewech an ass en „echten“ Duebelstär. Hien huet e Begleeder, deen hien an 5,47 Deeg ëmkreest.

De 17 CVn ass en Dräifachstäresystem op enger Distanz vu 400 Liichtjoer. E besteet aus dräi bal d'selwecht grousse Stäre mat den Hellegkeeten 5,9 a 6,2 a 6,3 mag. an de Spektralklassen F0, B9 a B7.

De 25 CVn ass 200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Déi béid Komponente sinn 5,0 a 6,9 m hell a gehéieren zu de Spektralklassen A7 respektiv F0.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
α2 2,84m bis 2,98m 5,47 Deeg Alpha-2-Canum –Venaticorum-Stär
Y 5,5m bis 6,0m zirka 157 Deeg Hallefreegelméisseg Verännerlechen

Den Y CVn, och La Superba genannt, ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet sech mat enger Period vu ronn 157 Deeg tëscht 5,5m a 6,0m ännert. Hie gehéiert zu der Spektralklass C6. Et ass e roude Stär mat engem héije Kuelestoffundeel am baussenzege Mantel.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
3 5272 6,5m Kugelstärekoup
51 5194 8,5m Galaxis Whirlpool-Galaxis
63 5055 9,0m Galaxis
94 4736 8,5m Galaxis
106 4258 8,5m Galaxis
4244 10,5m Galaxis
4449 9,5m Galaxis
4490 10m Galaxis
4631 9m Galaxis Heringsniwwelel
4656/4657 10,5m Galaxien
5195 10m Galaxis

Am Stärebild Canes Venatici sinn eng Rei vun intressanten niwwelegen Objeten. Ee Kugelstärekoup a véier Galaxien, huet de franséischen Astronom Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten opgeholl.

De M 3 ass e Kugelstärekoup, dee ronn 30.000 Liichtjoer vun eis ewech läit. Hie besteet aus méi wéi 100.000 Stären.

Ënner dem éischten Täisselstär vum Grousse Bier fënnt een den M 51, eng Spiralgalaxis op enger Distanz vun 30 Mio. Liichtjoer, deen och Whirlpool-Galaxis genannt gëtt. An der Noperchaft vum M 51 fënnt een den NGC 5195, eng kleng Begleetgalaxis.

Den M 63 ass eng Spiralgalaxis op enger Distanz vun 30 Mio. Liichtjoer.

Den M 94 ass eng Spiralgalaxis, déi ronn 20 Mio. Liichtjoer wäit ewech läit.

Den M 106 ass och eng Spiralgalaxis op enger Distanz vun 30 Mio. Liichtjoer. Den M106 gouf iwweregens net vum Charles Messier observéiert, mä eréischt nodréiglech an de Katalog opgeholl.

Den NGC 4244 ass eng relativ liichtschwaach Galaxis op enger Distanz vun 20 Mio. Liichtjoer.

Den NGC 4449 ass eng onreegelméisseg geformten, irregulär Galaxis op enger Distanz vu 16 Mio. Liichtjoer.

Den NGC 4490 ass eng Spiralgalaxis, déi ronn 40 Mio. Liichtjoer wäit ewech läit. Donieft ass nach eng kleng Begleedgalaxis NGC 4485. Déi zwou Galaxië sinn duerch Gravitatiounskraaft unenee gebonnen an duerch eng Matièrebréck verbonnen.

Den NGC 4631 ass eng längelzeg Spiralgalaxis op enger Distanz vu 35 Mio. Liichtjoer. Wéinst hirer Form gëtt si och Hierkeniwwel genannt.

Den NGC 4656 an den NGC 4657 ass eng Koppel vu Galaxien op enger Distanz vu 35 Mio. Liichtjoer. Si sti mateneen a Wiesselwierkung. D'Galaxië sinn allerdéngs zimmlech liichtschwaach. Déi béid Galaxië si gravitativ un den NGC 4631 gebonnen.

Den NGC 5195 ass déi kleng Begleetgalaxis och Whirlpool-Galaxis vum M51. Déi béid Galaxië sinn duerch eng Matièresbréck matenee verbonnen. Duerch d'Gravitatiounswierkung vun der grousser Galaxis ass den NGC 5195 onreegelméisseg verbéit ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Canes Venatici – Biller, Videoen oder Audiodateien