Justizkräiz (Iechternach)

Vu Wikipedia
D'Iechternacher Justizkräiz op der Maartplaz (2015).

D'Justizkräiz zu Iechternach ass déi fréier Geriichtssail, am ale Sproochgebrauch och nach Urtsel genannt, op der Maartplaz. Si besteet aus enger Sail mat engem Kräiz a steet op engem oktogonale Sockel mat néng Träppleker.

Am Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Dem Karl Arendt no wier d'Justizkräiz am Joer 1236 opgeriicht ginn, wéi d'Gräfin Ermesinde der Stad Iechternach hire Fräiheetsbréif ginn huet, ouni dat awer mat Dokumenter beleeën ze kënnen, wat him och direkt virgeworf ginn ass.[1] No dem Bau vum Dënzelt, mengt den Arendt wier d'Sail da benotzt ginn, fir vun do aus d'Urteeler ze proklaméieren, dohier deen alen Numm Urtsel (Urteelssail).[2]

Am 18. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

D'Iechternacher Justizkräiz am Joer 1774 (no enger Zeechnung vum deemolege Schultheiss vun der Abtei Théodore Lorent)

An der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert ass d'Sail nëmmen nach als Symbol vun der ëmmer méi kontestéierter Muecht vun der Abtei verstane ginn. 1774 wollten d'Iechternacher Bierger d'Justizkräiz duerch e Monument ersetzen, dat dem Geescht vun der Zäit entsprach hätt: e Sockel mat den allegoresche Statue vun der Justitia (fr.: la Justice) an der Pax (fr.: la Paix), a mat engem klenge Baseng, wou d'Awunner Waasser hätte schäffe kënnen.[3] Aus deem Plang gouf awer näischt. 1794, nodeem d'franséisch Revolutiounstruppen an Iechternach amarschéiert waren, gouf d'Justizkräiz ofgerappt. Ob d'Fransousen oder d'Iechternacher Bierger oder béid zesummen dofir gesuergt hunn, ass net gekläert;[4] feststeet jiddefalls, datt d'Fransousen den 13. August 1794 eng éischt Kéier zu Iechternach opgedaucht sinn, duerno, den 11. Oktober 1794,[5] mat regulären Truppen an d'Abteistad amarschéiert sinn, an datt do d'Justizkräiz ewech koum an e Fräiheetsbam opgeriicht ginn ass.[6] De Jurist an Historiker Michel-François-Joseph Müller, dee warscheinlech en Aenzeie war, huet dozou dëse Commentaire gemaach: Am 11. Oktober [1794] wurde das auf dem Markte gestandene steinerne Kreuz, bei welchem sich die Ziegen-Heerde (sic) täglich vor ihrem Ausrücken versammelte, und mit einem freundlichen Köpfestoßen sich einander begrüßten, weggeschaftt und an dessen Stelle unter Gesang und Musik der erste Freiheitsbaum gepflanzt.[7] Zwéin Deeg méi spéit sinn éisträichesch Husare[8] vun der Festung Lëtzebuerg hier op Iechternach komm an hunn an engem Handstreech de Fräiheetsbam ëmgehaen.[6] D'Fransousen hate sech nëmme kuerz zeréckgezunn, méiglecherweis war souguer een Deel vun hinnen an der Stad bliwwen.[8] An der Nuecht vum 13. op de 14. Oktober ass d'Abtei geplëmmt ginn. Iechternach sollt bis 1814 franséisch bleiwen, grad sou wéi d'ganzt Land no der Kapitulatioun vun der Festung Lëtzebuerg am Juni 1795![9] De 24. Januar 1798 ass en neie Fräiheetsbam geplanzt ginn.[6]

Dem Karl Arendt säi Plang[änneren | Quelltext änneren]

1897 huet de Staatsarchitekt Karl Arendt, deen an de Joren 1895-1896 den Dënzelt restauréiert hat, proposéiert, dat aalt Justizkräiz, vun deem nach genee Zeechnungen existéiert hunn, als Kopie op Staatskäschten nees op der Maartplaz opzeriichten. D'Resultat vun der Propositioun war eng vehement Poleemik, déi am Oktober 1897 an den Zeitunge gefouert gouf, mam Resultat, datt näischt geschitt ass.[10]

Um klenge Maart[änneren | Quelltext änneren]

D'Iechternacher Justizkräiz um klenge Maart (virun 1944 fotograféiert)

Uganks 1920 sinn d'Reschter vum 1794 zerstéierte Justizkräiz an engem Iechternacher Gaart entdeckt ginn, deem seng Proprietär se aacht Joer duerno dem Staatsminister Bech geschenkt hunn. Am Mee 1929 huet den Iechternacher Verschéinerungsveräin de Gemengerot opgeruff, d'Urtsel erëm a senger aler Form opbauen ze loossen.[11] De Gemengerot war zwar och der Meenung, datt eppes ënnerholl misst ginn,[12] e konkreet Resultat huet sech awer eréischt 1938 ugekënnegt. Do huet d'Kommissioun vun de Sites et Monuments sech um Maart ëmgesinn, fir eng Plaz fir d'Justizkräiz ze fannen. An deem Moment louch dat eigentlecht Kräiz am Stadhaus, de Kapitell beim Jos Peusch (Papp vum Apdikter Emile Peusch, Pharmacie du Lion) an de Schaft vun der Sail beim Willy Decker-Bastin. De 26. August 1938 huet de Gemengerot ënner dem Virsëtz vum Buergermeeschter Mathias Schaffner proposéiert, d'Justizkräiz op dem klenge Maart ze rekonstruéieren.[13] De Staatsarchitekt Paul Wigreux gouf mat dem Ausschaffe vun de Pläng an dem Devis chargéiert.[14] De 4. Juni 1939 waren d'Rekonstruktiounsaarbechte fäerdeg an d'Justizkräiz stoung op senger neier Plaz, op engem Sockel, deen awer nëmmen nach siwen Träppleker hat.[15]

Um Vulpert[änneren | Quelltext änneren]

D'Iechternacher Justizkräiz um Vulpert (1979)

D'Ardennenoffensiv hat d'Justizkräiz, ofgesi vun e puer Schréipsen, gutt iwwerlieft. Wéi d'amerikanesch Truppen awer 1945 en direkten Accès zu der Behëllefsbréck iwwer d'Sauer amenagéiert hunn, ass d'Justizkräiz ewechgeholl ginn, well et gehënnert huet. 1955 ass et op dem Vulpert zur Säit vun der Basilika nees opgeriicht ginn, awer op engem méi klenge Sockel mat nëmmen nach dräi Stufen.[16]

Zeréck op d'Maartplaz[änneren | Quelltext änneren]

An den 1970er Joren ass d'Iddi opkomm, d'Justizkräiz nees op seng al Plaz um Maart ze placéieren, woufir sech de Georges Calteux a mat him d'Commission des Sites et Monuments staark gemaach hunn. 1975 gouf d'Post souguer am Kader vum europäeschen Denkmalschutzjoer en Timber eraus mat enger Zeechnung vum Alfred an dem Christiane Steinmetzer, wou de Maart mat dem ale Justizkräiz duergestallt ass.[17] Den 21. Januar 1979 huet den Iechternacher Gemengerot säi Feu-vert gi fir d'Justizkräiz, oder besser gesot eng Replik dovun, nees um Maart opriichten ze loossen,[18] wat d'Sites et Monuments dann och 1982 gemaach hunn.

De 4. Juli 1983 huet d'Lëtzebuerger Post e weideren Timber mat dem Iechternacher Justizkräiz erausginn, op deem d'eigentlecht Kräiz an e Stéck vun der Sail ze gesinn ass. Den Ulass dozou war den 30. Kongress vun der Union internationale des avocats, deen zu Lëtzebuerg war.[19].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Ch., 1898. Notice sur les Croix de Justice en général et l'ancienne Croix du Marché d'Echternach en particulier. Publications de la Section historique de l'Institut g.-d. de Luxembourg, vol. XLVI: 335-340.
  • Cy., 1939. Der Echternacher Marktplatz und sein Justizkreuz. In: Willibrordus-Feierlichkeiten. - Echternach. - 1939, Nr. 9(28. April), p. 2
  • G. Calteux: Eine Stadt möchte ihr Gesicht bewahren. In: Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Impr. Burg, Echternach: 181-200.
  • Echternacher Anzeiger 1897, Nr. 79 (3. Oktober); Nr. 81 (10. Oktober): 1; Nr. 82 (14. Oktober): 1; Nr. 83 (17. Oktober): 1; Nr. 85 (24. Oktober): 1.
  • Hess, Jos., 1938. Das Marktkreuz in Echternach. Luxemburger Zeitung 1938, Nr. 180, Abendausgabe, 29. Juni 1938.
  • Hess, Jos., 1960. Altluxemburger Denkwürdigkeiten. Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde. Luxemburg, Buchdruckerei P. Linden, 389 S. (cf. S. 85-88).
  • Kauthen, P., 1998. L'histoire d'Echternach racontée par les timbres-poste luxembourgeois. In: Cercle Philatélique Echternach (éd.): 57e Journée du Timbre Echternach, S. 21-39.
  • Luxemburger Wort 1897, Nr. 280 (7. Oktober): 2 (Das Marktkreuz in Echternach).
  • Massard, J.A. (1979): 200 Jahre Streit um das Echternacher Justizkreuz. Tageblatt 1979, Nr. 27 (1. Februar): 7. [2]
  • Spang, P., 1982a. Das Echternacher Justizkreuz. In: Die Warte. - Luxembourg. - Année 35(1982), n° 11, S. 2 ; n° 12, S. 2.
  • Spang, P., 1982b. La croix de justice d'Echternach (quelques documents inédits à verser au dossier d'une affaire locale). In: Hémecht, Jg. 34(1982), H. 1, S. 43-61.
  • Spang, P., 1983. Echternach: Geschichte einer Stadt. Luxemburg, RTL Edition, 125 S. (Justizkräiz: S. 64-65).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Echternacher Anzeiger 1897, Nr. 79 (3. Oktober): 1-2. Vgl. Arendt 1898.
  2. Arendt 1898.
  3. Arendt 1898, Spang 1982a,b.
  4. Hess 1938, 1960.
  5. De P.J. Muller, Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes, Luxemburg 1968, S. 172, gëtt als Datum den 12. Oktober 1794 un, grad wéi de J.P. Brimmeyr, Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach, Bd. 2, Luxemburg 1923, S. 112.
  6. 6,0 6,1 6,2 Walin, T., 2001. Die Notizen des Echternacher Schullehrers J.P. Achen (9.9.1734-20.6.1806). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 2001, S. 27.
  7. Delleré, M., 1932. Echternach sous un régime de conquête. In: Programme Echternach 1931-1932, Luxembourg, S. 11 (zitéiert bei Spang 1982b, S. 49).
  8. 8,0 8,1 J.P. Brimmeyr, Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach, Bd. 2, Luxemburg 1923, S. 113.
  9. Spang 1982b, S. 49; Spang 1983, S. 67.
  10. Massard 1979.
    Echternacher Anzeiger 1897, Nr. 79 (3. Oktober); Nr. 81 (10. Oktober): 1; Nr. 82 (14. Oktober): 1; Nr. 83 (17. Oktober): 1; Nr. 85 (24. Oktober): 1.
    Luxemburger Wort 1897, Nr. 280 (7. Oktober): 2 (Das Marktkreuz in Echternach).
  11. Bréif vum 4. Mee 1929 vum Verschéinerungsveräin un den Iechternacher Gemengerot; signéiert vum President Paul Ossyra an dem Sekretät Jos Peusch (Archiv vun der Stad Iechternach)
  12. Spang 1982b, S. 54.
  13. Massard 1979; Deliberatiounsregëster vum Iechternacher Gemengerot Nr. 80/33, Sitzung vum 26. August 1938 (fol. 92). — Kuckt och: Spang 1982b, S. 54, wou awer iertemlecherweis steet, déi Sitzung wier de 27. Juni 1938 gewiescht.
  14. Bericht der letzten Gemeinderatssitzung. Echternacher Anzeiger 1938, Nr. 68 (2. September), S. 2-3. — Am Deliberatiounsregëster vum Gemengerot ass dës Decisioun net expressis verbis festgehalen. Si gëtt confirméiert duerch e Bréif vum Minister Jos Bech vum 30. September 1938 an d'Note op deem Dokument vum Buergermeeschter M. Schaffner vum 8. Oktober 1938 (Archiv vun der Stad Iechternach, Dossier Nr. 13/8b (Croix du marché).
  15. Calteux 1977, S. 196s., Spang 1982a,b. Kuckt och: Jonghémecht 1939, 13 (7-9), S. 208 (Errichtung des Justizkreuzes in Echternach) [1]
  16. Hess 1960, S. 88. Am Guide touristique officiel de la ville d'Echternach, édition 1990, S. 38, steet iertemlecherweis, d'Justizkräiz wier an der Ardennenoffensiv zerstéiert ginn. Net grad sou kategoresch ass d'Christina Mayer, dat schreift: "Durch Kriegshandlungen wurde [das Justizkreuz] 1944 beschädigt und von den Amerikanern 1945 als Verkehrshindernis beseitigt." (Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg 2010, S. 267.
  17. Calteux 1977, S. 192; Kauthen 1998, S. 29.
  18. Massard 1979.
  19. Kauthen 1998, S. 29.