Charles Arendt
Charles Arendt | |
---|---|
Gebuer |
15. Mäerz 1825 Veianen |
Gestuerwen |
21. November 1910 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Famill | |
Kanner | Ernest Arendt |
De Jean Charles Wenzeslas Arendt[1], gebuer de 15. Mäerz 1825 zu Veianen, a gestuerwen den 21. November 1910 zu Lëtzebuerg, war Staatsarchitekt fir Lëtzebuerg an Auteur vun iwwer 130 Publikatiounen, virun allem iwwer architektonesch a konschtgeschichtlech Theemen. Seng Wierker huet hien op Franséisch mat Charles Arendt respektiv mat Jean-Venceslas-Charles Arendt ënnerschriwwen, op Däitsch mat Karl Arendt.
De Charles Arendt huet vun 1846-1849 zu Bréissel a München studéiert a gouf 1850 zum Distriktsarchitekt fir Gréiwemaacher an 1858 zum Staatsarchitekt ernannt. Hien hat déi leschtgenannt Funktioun bis zu senger Pensioun, 1898[2].
De Charles Arendt war staark ageholl vun der Neigotik an eng ganz Rei vu Kierchen a Kapellen, déi hien entworf huet, droen nach haut säi Stempel. Am Ganze sinn ënner senger Supervisioun 78 Kierchen an den Diözese Lëtzebuerg, Tréier, Nanzeg an Namouer gebaut ginn. Dobäi koumen eng 130 Profanbauten[2].
Och eng sëllege Restauratioune vun historesche Gebaier huet hien ausféiere gelooss, dorënner déi vun der Ruin vun der Buerg Veianen an déi vum Dënzelt vun Iechternach, d'Justizkräizer vu Wolz an der Fiels, d'gotesch Kierche vun Nidderwolz, Waldbriedemes an Holler, d'Gräinskapell an eng Rëtsch Statuen, Fresken oder Altär[2].
De Charles Arendt huet och eng 160 Artikelen oder Monographië geschriwwen; sief et iwwer archeologesch Ausgruewungen, bei deenen hie matgeschafft huet, historesche Beschreiwungen oder philosopheschen Iwwerleeungen[2].
Hie war President vum Verschéinerungsveräi vu Veianen a Member am Eifelveräin, an huet deementspriechend villes iwwer seng Heemechtsstad publizéiert[2].
Bauwierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Profan Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- Ëm- an Ausbau vum Groussherzogleche Palais vun 1891 bis 1894, zesumme mam Bréisseler Architekt Gédéon Bordiau[3];
- Ëm- an Ausbau vum fréiere Geriichtspalais an der Stad Lëtzebuerg;
- Hotel Grand-Chef zu Munneref;
- d'Wunnhaus Eck Aldringer-Strooss a Biederstrooss an der Stad Lëtzebuerg, fréier Fënsterschlass genannt;
- d'fréiert Gemengenhaus an der Fiels.
Kierchen
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Angelsbierg
- Kierch Bech-Maacher
- Jousefskierch Esch-Uelzecht
- Kierch St. Donatus an der Fiels
- Kierch Hierber
- Kierch Ielwen
- Kierch Leideleng
- Kierch Lëtzebuerg-Bouneweg
- Kierch Lëtzebuerg-Clausen
- Kierch Lëtzebuerg-Hollerech
- Kierch Lëtzebuerg-Pafendall
- Kierch Räichel
- Kierch Trënteng
- Kierch Weiler-la-tour
Kapellen
[änneren | Quelltext änneren]Nom Charles Arendt genannt
[änneren | Quelltext änneren]- eng Strooss um Belair an der Stad Lëtzebuerg: rue Charles-Arendt;
- e Sall iwwer der Kapell um drëtte Stack vum Veianer Schlass, d'salle Charles-Arendt[4]
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Arendt, C., 1884. Monographie du château de Vianden. Impr. de la Cour, Luxembourg.
- Arendt, K., 1895. Die ehemalige Schlossburg der Grafen u. Herzoge von Luxemburg auf dem Bockfelsen daselbst. 62 S., J. Beffort. [1]
- Arendt, K., 1901. Monographie der Burg Falkenstein. Ons Hémecht Jg. 7. Luxemburg: P. Worré-Mertens. [27 S.]
- Arendt, K., 1903. Das Luxemburger Land in seinen kunstgeschichtlichen Denkmälern: summarisch in Wort und Bild geschildert. 60 S., P. Worré-Mertens, Luxembourg.
- Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss.
- Arendt, K., 1905. Diekirch und seine alte Pfarrkirche. Hémecht 11.
- Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen: eine kunstarchäologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
- Arendt, K., 1908. Das römische Mosaik von Nennig. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18: 371-378].[2]
- Arendt, K., 1910. Kleine Welten. Bull. Soc. Nat. luxemb. 20: 166-177.[3]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1882)[5]
- Chevalier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1884)[2][6]
- Chevalier vum Ordre de Léopold[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 157
- Philippart, R., 2007. Charles Arendt (1825-1910). S. 83 in: Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Schetzel, vun deem senger Hiel am Gréngewald de Ch. Arendt 1860 eng Zeechnung publizéiert huet.
- Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charles Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ sou steet den Numm op der Grafplack
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 "Karl Arendt †." Luxemburger Wort 22. November 1910, S.2. op www.eluxemburgensia.lu
- ↑ Cf. Gédéon Bordiau op der franséischer Wikipedia. Kuckt och d'Internetsäit iwwer d'Geschicht vum Palais op monarchie.lu;
- ↑ Cf. d'Internetsäit iwwer d'Salle Charles-Arendt um Internetsite vum Veianer Schlass
- ↑ Mémorial A N° 12 vum 18. Februar 1882 Säit 1 Lëscht vu Leit déi 1882 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
- ↑ Nouvelles locales. L'indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (5. September 1884). Gekuckt de(n) 23.01.2023.