Organization of the Petroleum Exporting Countries
D'OPEC, Organization of the Petroleum Exporting Countries - Organisatioun vun de Länner déi Pëtrol exportéieren, gouf op enger Konferenz am September 1960 zu Bagdad gegrënnt. D'Grënnungslänner waren den Irak, Iran, Kuwait, Saudi-Arabien a Venezuela.
Spéider hu sech sechs weider Staaten ugeschloss: Libyen (1962), d'Vereenegt Arabesch Emirater (1967), Algerien (1969) an Nigeria (1971). Ecuador war vun 1973 bis 1992 a vun 2007 bis 2020 Member, de Gabun vun 1975 bis 1994, Indonesien vun 1962 bis 2008 a vun 2015 bis 2016, Katar vun 1961 bis 2018
Zanter 1965 huet de Kartell säi Sëtz zu Wien.
D'OPEC-Memberstaate fërderen zirka 40 % vun der weltwäiter Äerduelegproduktioun a verfügen iwwer dräi Véirel vun de weltwäite Äerduelegreserven. Allerdéngs vermudde verschidden Experten, ë. a. de Matthew Simmons), datt d'Donnéeen iwwer d'Reserven zum Beispill vu Saudi-Arabien net zoutreffen. Nodeem all Net-OPEC-Staaten hire Fërdermaximum "Peak-Oil" iwwerschratt hunn, ass z'erwaarden datt den Afloss vun der OPEC steige wäert. Ënner den 10 gréisste Äerduelegfërderer weltwäit sinn nëmme Saudi-Arabien, den Iran, Venezuela an d'VAE Member an der OPEC.
Memberstaaten
[änneren | Quelltext änneren]- Iran (September 1960)
- Irak (September 1960)
- Kuwait (September, 1960)
- Saudi-Arabien (September 1960)
- Vereenegt Arabesch Emirater (November 1967)
- Venezuela (September 1960)
- Indonesien (Dezember 1962)
Fréier Memberen
[änneren | Quelltext änneren]Organer an Aflossberäich
[änneren | Quelltext änneren]Beim Iwwerschreide vu festgeluechte Quote kann d'OPEC Sanktiounen aleeden. D'Organisatioun funktionéiert follgendermoossen:
Zweemol am Joer treffe sech d'Ministere vun der OPEC déi fir Energie a Äerdueleg zoustänneg sinn, fir de Stand vum Pëtrolsmaart ze beuerteelen a Moossnamen anzeleeden, fir d'Offer vum Äerdueleg ze sécheren. D'Konferenz mécht dann déi nei Richtlinne publik.
Den OPEC-Sekretariat féiert d'exekutiv Funktiounen aus. Him ënnerleien d'Aufgabe vun der Fuerschung am Beräich Energie a Finanzen. Ausserdeem gi Statistiken erstallt a verëffentlecht. Och Virträg a Seminaire leien am Aufgabeberäich vum Sekretariat. Ausserdeem huet de Sekretariat eng grouss Bibliothéik, déi fir d'Vertrieder vun de Memberstaaten a fir Fuerscher a Studenten op ass. Finanzéiert gëtt de Sekretariat duerch Bäiträg vun de Memberstaaten.
De Representant vun der OPEC ass de Generalsekretär, deen och Leeder vum Sekretariat ass. Dëse gëtt entweeder fir dräi Joer gewielt oder alphabetesch duerch e Rotatiounsprinzip fir zwee Joer ernannt.
Departementer vum Sekretariat sinn: Fuerschung, Energiestudien, Wirtschaft a Finanzen, Dateservice, Personal a Verwaltung, OPECNA (OPEC-News Agency), Büro vum Generalsekretär an Droit.
Generalsekretäre vun der OPEC
[änneren | Quelltext änneren]- Fuad Rouhani (Iran): (21. Januar 1961 – 30. Abrëll 1964)
- Abdul Rahman al-Bazzaz (Irak): (1. Mee 1964 – 30. Abrëll 1965)
- Ashraf Lutfi (Kuwait): (1. Mee 1965 – 31. Dezember 1966)
- Muhammad Saleh Joukhdar (Saudi-Arabien): (1. Januar 1967 – 31. Dezember 1967)
- Francisco R. Parra (Venezuela): (1. Januar 1968 – 31. Dezember 1968)
- Elrich Sanger (Indonesien): (1. Januar 1969 – 31. Dezember 1969)
- Omar el-Badri (Libyen):(1. Januar 1970 – 31. Dezember 1970)
- Nadim Pachachi (Irak): (1. Januar 1971 – 31. Dezember 1972)
- Abderrahman Khène (Algerien): (1. Januar 1973 – 31. Dezember 1974)
- M.O. Feyide (Nigeria): (1. Januar 1975 – 31. Dezember 1976)
- Ali M. Jaidah (Katar): (1. Januar 1977 – 31. Dezember 1978)
- René G. Ortiz (Ecuador): (1. Januar 1979 – 30. Juni 1981)
- Marc Saturnin Nan Nguema (Gabun): (1. Juli 1981 – 30. Juni 1983)
- Fadhil J. al-Chalabi (Irak), (acting): (1. Juli 1983 – 30. Juni 1988)
- Subroto (Indonesien): (1 Jul 1988 – 30. Juni 1994)
- Abdallah Salem el-Badri (Libyen): (1. Juli 1994 – 31. Dezember 1994)
- Rilwanu Lukman (Nigeria): (1. Januar 1995 – 31. Dezember 2000)
- Alí Rodríguez Araque (Venezuela): (1. Januar 2001 – 30. Juni 2002)
- Álvaro Silva Calderón (Venezuela): (1. Juli 2002 – 31. Dezember 200)
- Purnomo Yusgiantoro (Indonesien),: (1. Januar 2004 &)
- Iin Arifin Takhyan (Indonesien), (fir de Yusgiantoro): (1. Januar 2004 – Februar 2004)
- Maizar Rahman (Indonesien), (fir de Yusgiantoro): (Februar 2004 - 31. Dezember 2004)
- Sheikh Ahmad Fahad Al Ahmad Al Sabah (Kuwait),: (1. Januar 2005 – haut)
- Adnan Shihab-Eldin (Kuwait), (fir den Al Sabah): (1. Januar 2005 – haut)
Objektiver
[änneren | Quelltext änneren]Den Objektiv vun der OPEC ass eng gemeinsam Uelegpolitik, fir sech ënner anerem géint e Präisverfall ofzesécheren. Duerch d'Festleeë vun de Fërderquote fir déi eenzel OPEC-Membere soll d'Äerduelegproduktioun gereegelt ginn an doduerch, mat Hëllef vun enger Drosselung oder Steigerung vun der Äerduelegfërderung, de Präis fir den Äerdueleg gedréckt, stabiliséiert oder ugehuewe ginn. Allerdéngs kënnt et och fir, datt sech eenzel Memberen net un déi festgesate Fërderquoten halen an hir eege wirtschaftlech a politesch Ziler verfollegen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Wärend den 1950er Joren ass de Pëtrolspräis erofgaangen, well ëmmer nei Quellen erschloss goufen, an d'Offer um Weltmaart gewuess ass. Dëst huet zu schwéiere Verloschter an de Staatskeese vun den Äerdueleglänner gefouert. Ëm 1960 hate vill vun dëse Staaten eescht Haushaltskrisen. An dëser Situatioun huet Saudi-Arabien de Virschlag gemaach, e Fërderkartell ze grënnen. Et sollt net nëmmen de Montant vum Äerdueleg kontrolléieren, dee gefërdert gëtt, mä och e Géigegewiicht zu de grousse Pëtrolskonzerner bilden, déi op der Basis vun Traitéen aus der Kolonialzäit hir Gewënner ouni Bedeelegung vun de Staaten erwirtschaft hunn, op deenen d'Äerduelegquelle louchen.
De 14. September 1960 gouf d'OPEC zu Bagdad gegrënnt. Hir éischt Membere waren Irak, Iran, Kuwait, Saudi-Arabien a Venezuela. Als éischt Moossname goufen eng Verstaatlechung vun den Äerduelegquellen, d'Ofschwätze vum Fërdermontant an eng méi héich Besteierung vun de Pëtrolsfirme beschloss. D'Steiere sollten eng Geldquell opmaachen, déi onofhängeg vum Fërdermontant ass. Am Ufank gouf d'OPEC weltwäit net wierklech wichteg ageschat, zemools well se nëmmen e klengen Deel vun de Fërderlänner ëmfaasst huet.
1965 gouf Wien zum Sëtz vun der OPEC. D'Länner hu sech op eng gemeinsam Fërderpolitik gëeenegt, fir d'Präisser ze stäipen.
1970 gouf de Präis vum Réiueleg ëm 30 % an d'Luucht gehuewen an d'Pëtrolsgesellschaften hu misse Steieren an der Héicht vu mindestens 55 % vun den Nettoverdéngschter bezuelen.
1971 goufen no Verhandlunge mat anere Pëtrolskonzerner d'Präisser fir réie Pëtrol an d'Luucht gehuewen. Weiderhin huet d'OPEC e Staatsundeel vun iwwer 50 % ugestrieft.
1973 ass den Äerduelegpräis vun 1972, 2.89 US-$ pro Barrel, op 11.65 Dollar an d'Luucht gaangen, nodeem d'OPEC als Reaktioun op de Jom-Kippur-Krich e Pëtrolsboykott géint d'westlech Staaten ausgeruff hat. Zu dëser Zäit hunn d'OPEC-Staate 55 % vum Weltbedarf un Äerdueleg gefërdert. Dësen Zäitraum gëtt als Éischt Pëtrolskris bezeechent.
Vun 1974 bis 1978 goufen d'Äerduelegpräisser meeschtens all halleft Joer ëm 5 bis 10 % erhéicht, fir d'Inflatioun vum US-Dollar ze kompenséieren.
1975 Geiselnam am Wiener OPEC-Haaptgebai duerch Terroristen ënner dem Carlos
1979 koum déi Zweet Pëtrolskris. No der islamescher Revolutioun gouf den Äerduelegpräis vu 15,5 op 24 US-Dollar pro Barrel ugehuewen, Libyen, Algerien an den Irak hu souguer 30 US-Dollar fir hire Pëtrol verlaangt.
1980 war den Héichpunkt vun der Héichpräispolitik vun der OPEC, Libyen huet 41 US-Dollar verlaangt, Arabien 32 an déi aner OPEC-Staate 36 US-Dollar pro Barrel.
1981 ass den Äerduelegofsaz zeréckgaangen. D'Industriestaate waren a Rezessioun an opgrond vun den héije Pëtrolspräisser an der éischter Pëtrolskris hu vill Länner an alternativ Energiequellen investéiert, wat an de Jore 1979 bis 1983 de weltwäite Äerduelegverbrauch ëm 11 % an de Weltmaartundeel vun der OPEC ëm 40 % zeréckgoe gelooss huet.
1982 gouf eng Produktiounsdrosselung beschloss, déi awer net agehale gouf. Den OPEC-Undeel um Weltmaart ass op 33 % erofgaangen an 1985 op 30 %, d'Fërderung hat hiren Déifstwäert mat 17,34 Mio. Barrel pro Dag erreecht.
1983 goufen d'Präisser vu 34 op 29 US-Dollar pro Barrel erofgesat, d'Fërderquot vun 18,5 op 16 Mio. Barrel pro Dag. D'Kartell vun der OPEC huet d'Muecht verluer.
1986 ass de Präis op manner wéi 10 US-Dollar pro Barrel gefall. Dëst koum duerch eng Iwwerproduktioun vun Äerdueleg an dem Versuch vu vereenzelten OPEC-Staaten, hir Plaz um Weltmaart ze verbesseren, andeems si d'Präisser erofsetzen. Duerch dëse staarke Präisverfall war d'OPEC an enger Kris, wat d'Ministeren dozou bruecht huet, 1988 Diskussioune mat de Staate vun der IPEC, den "Independent Petroleum Exporting Countries", ze féieren. Déi haten awer kee groussen Effet.
1990 gouf de Riichtpräis vun 18 op 21 Dollar pro Barrel erhéicht. D'Präiszil gouf nëmmen opgrond vum Zweete Golfkrich an der Invasioun vum Kuwait erreecht.
An de Joren 1990 bis 1994 gouf de Fërdermontant ëm 8,5 Prozent erhéicht, trotzdeem sinn d'Recetten duerch den Äerduelegexport vun 143 Milliarden an der Moyenne op 126 Milliarden Dollar pro Joer erofgaangen.
De Pëtrolspräis louch am Abrëll 2005 bei ronn 55 Dollar pro Barrel. D'US-[[Äerduelegpräisser hunn den 11. August 2005 mat 66 Dollar eng Rekordhéicht erreecht. De Grond läit haaptsächlech am chineesesche Wirtschaftsboom. 1990 huet China fënnefmol méi Äerdueleg exportéiert wéi importéiert. Zanter 1993 huet China méi Äerdueleg importéiert wéi exportéiert. Zanter 2003 importéiert et méi Äerdueleg wéi Japan. 2004 huet d'Räich vun der Mëtt 120 Milliounen Tonnen Äerdueleg a -produiten importéiert. D'OPEC schätzt, datt an den nächsten 30 Joer ronn 23 % vun der Nofro vu China ausgoe wäert.
Südkorea huet virgeschloe fir en Zesummeschloss vun de Länner déi Äerdueleg importéieren ze grënnen, als Géigegewiicht zu der OPEC.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: OPEC – Biller, Videoen oder Audiodateien |