Op den Inhalt sprangen

Sireenereseau zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

De Sireenereseau zu Lëtzebuerg begräift déi ronn 160 Sireenen[1] déi uechter d'Land am ëffentleche Raum opgestallt si fir d'Zivilbevëlkerung am Fall vun enger Katastroph, absënns enger Nuklearkatastroph am Atomkraaftwierk Cattenom ze warnen.

De Reseau vun de Sireenen zu Lëtzebuerg ënnersteet dem CDGIS[2].

De Reseau deen ëm 1939 opgebaut gouf, bestoung uganks aus 43 Sireenen an hat den Zweck d'Bevëlkerung viru Loftattacken ze warnen. Déi éischt Sireene goufen an deenen Deeler vum Land opgestallt wou de Risiko vun enger Attack am gréisste war. Den Alarm konnt entweeder manuell op der Plaz (lokal) oder iwwert den Telefonsreseau an der regionaler oder nationaler Alarmzentral ausgeléist ginn[3].

Sireene pro Regioun am Joer 1939[3]
Regioun Gemeng oder Uertschaft Alarmzentral Zuel vu Sireenen / Gruppen Awunner
A. Lëtzebuerg Gemeng Lëtzebuerg, Hesper, Walfer Postgebai an der Uewerstad 13 Sireenen (1 Grupp) 60.000
B. Esch-Uelzecht Gemeng Esch-Uelzecht, Gemeng Schëffleng, Bieles Postgebai zu Esch 8 Sireenen, inkl. 3 vun der ARBED (1 Grupp) 35.000
C. Déifferdeng Gemengen Déifferdeng, Péiteng an Nidderkäerjeng Postgebaier zu Déifferdeng a Péiteng 8 Sireenen (2 Gruppe mat 4 Sireenen) 28.000
D. Diddeleng Gemengen Diddeleng, Beetebuerg, Rëmeleng a Keel Postgebai zu Diddeleng 10 Sireenen, inkl. 2 vun der ARBED (1 Grupp) 28.000
E. Ettelbréck Gemengen Ettelbréck an Dikrech Postgebai zu Ettelbréck 2 Sireenen (1 Grupp) 9.000
F. Gréiwemaacher Gemenge Gréiwemaacher a Waasserbëlleg Postgebai zu Gréiwemaacher 2 Sireenen (1 Grupp) 5.000
Total 43 Sireenen (7 Gruppen) 165.000

Och Enn vun den 1950er Jore gouf et just ronn 40 Anlagen. Duerch Budgetserhéijunge konnten awer an der Zäit duerno zousätzlech Sireenen opgestallt ginn, sou datt der 1969 am Ganzen 214 a Betrib waren. Änlech wéi den Telefonsreseau waren d'Sireenen an néng geographesch Warngruppen agedeelt: Lëtzebuerg, Esch/Uelzecht, Péiteng, Diddeleng, Fëlschdref, Réiden, Ettelbréck, Wecker an Näidsen. All Warngrupp konnt vum deemolegen « Centre national d'alarme » bei Bedarf aktivéiert ginn. Bei engem Feier oder lokaler Katastroph war et och méiglech déi eenzel Sireenen individuell anzeschalten[4].

Ausser fir viru Loftugrëff ze warnen, gouf d'Sireen och aktivéiert fir d'Pompjeeën am Fall vun engem Brand an den Asaz ze ruffen. An deem Fall gouf den Alarm lokal, meeschtens beim Pompjeesbau, aktivéiert. Dat hat natierlech den Nodeel, datt absënns nuets déi ganzt Noperschaft an net just d'Männer vun der Sprëtz wakereg goufen. Als éischt Gemeng zu Lëtzebuerg huet d'Stad Diddeleng 1954 d'Pompjeessireen mat enger „Signal- an Alarmanlag“ ersat: vum Policebüro aus goufe Kabelen an d'Wunnenge vu 24 Pompjeeë verluecht fir datt déi geographesch zoustänneg Pompjeeën alarméiert konnte ginn. 1965 gouf d'Anlag moderniséiert an ass dunn iwwert den normalen Telefonsreseau geschalt ginn[5].

Hautdesdaags gëtt et zu Lëtzebuerg ronn 160 Sireenen, déi meeschtens op den Diech vu Schoulen oder aner ëffentleche Gebaier installéiert sinn. An eenzele Fäll stinn se op engem eegene Potto[1]. Déi mechanesch Sireenen, déi fréier am Asaz waren, goufe mëttlerweil[Wéini ?] duerch elektronescher ersat.

Verschidden Alarmsignaler

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt haaptsächlech dräi verschidden akustesch Signaler:

Tounbeispill
Viralarm (préalarme) – Gëtt ausgeléist, wann eng radioaktiv Kontaminatioun an enger oder e puer Regioune méiglech, awer net imminent ass.

D'Signal besteet aus engem op- an ofschwëllenden Toun vun enger Minutt.

Dësen Toun gouf fréier als Loftalarm gebraucht, fir virun enger Loftattack mat méi Fligeren ze warnen[4].

Tounbeispill
Nuklearalarm (alarme nucléaire) – Gëtt ausgeléist, wann eng nuklear Kontaminatioun an enger oder e puer Regiounen imminent bevirsteet.

D'Signal besteet aus dräimol hannerteneen engem op- an ofschwëllenden Toun vun 12 Sekonnen an enger Paus vun 12 Sekonnen.

Dësen Toun gouf fréier als ABC-Alarm (atomaren, biologeschen oder cheemeschen Alarm) oder NBC-Alarm (nuklearen, biologeschen oder cheemeschen Alarm) bezeechent a sollt virun Ugrëff mat atomare Waffen oder viru radioaktivem Néierschlag warnen[4].

Tounbeispill
Entwarnung (fin d'alarme) – Gëtt ausgeléist, wann d'Gefor eriwwer ass.

D'Signal besteet aus engem onënnerbrachenen Toun vun enger Minutt. (Net ze verwiessele mam Feieralarm, deen dräi Minutten hault).

Communiqué am Luxemburger Wort vum 6. August 1958

Iwwert d'Joerzéngte gouf ëmmer nees Tester duerchgeféiert, absënns fir d'Equipement ze testen, awer och fir d'Bevëlkerung mat de verschiddenen Alarmsignaler ze familiariséieren. Aktuell(Abrëll 2022) ginn déi Tester all éischte Méindeg vum Mount géint Mëtteg duerchgefouert, ausser an der Stad Lëtzebuerg, wou keng där Tester gemaach ginn.

Standuerter vun de Sireenen

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Commons: Sireenereseau zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Quell: Siren Brothers Switzerland (kuckt Um Spaweck)
  2. Loi du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile Art. 1 – La sécurité civile a pour mission (…) l'information et l'alerte des populations ainsi que la préparation et la mise en œuvre de mesures et de moyens appropriés. Art. 2 – Les missions de sécurité civile sont assurées par les pompiers volontaires et professionnels du Corps grand-ducal d'incendie et de secours, en abrégé CGDIS
  3. 3,0 3,1 Protection aérienne Service d'alerte.. Luxembourg - Quotidien du matin, 5. Jg., nº 321, S. 2 (16.11.1939). Gekuckt de(n) 03.04.2022.
  4. 4,0 4,1 4,2 (de)Sirenenprobe der „Protection Civile". Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 69, S. 4. (10.03.1969). Gekuckt de(n) 03.04.2022.
  5. (de)Die Signal- und Alarmanlage der Feuerwehr Düdelingen – Ein „Jubiläum“ besonderer Art. Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 265, S. 6. (20.11.1974). Gekuckt de(n) 03.04.2022.