Douglas Slocombe

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Douglas Slocombe, gebuer den 10. Februar 1913 zu London ass en englesche Filmkameramann a Fotograf.

Seng Jugend huet den Douglas Slocombe zu Paräis verbruecht, wou säi Papp Diplomat war an an engems Auslandskorrespondent vun Zeitungen wéi dem Daily Express oder The Evening Standard. Wann den Douglas un de Weekenden aus dem Internat heem koum, huet en d'Frënn vum Haus kennegeléiert, den James Joyce, den Sinclair Lewis an nach anerer. No der Sorbonne huet de Slocombe drop gelauert, fir beim Film eng Aarbecht ze fannen. Mä vun der franséischer Administratioun krut hie keng Erlaabnes. Sou koum et datt hien zwee Joer zu London an der Noriichteredaktioun vum englesche Bureau vun der United Press geschafft huet. En hat déi Zäit ëmmer seng Leica bei sech an esou konnt hie Paris-Match a Life munnech Fotoe verkafen.

1948 koum hien bei d'Londoner Ealing Studios als Chefkameramann. 17 Joer laang huet hien do geschafft. E puer vu senge Filmer aus där Zäit:

  • Kind Hearts and Coronets (1949)
  • The Man in the White Suit (1951)
  • The Lavender Hill Mob (1951)

Säin allerleschte Film war 1989 dem Steven Spielberg säin Indiana Jones and the Last Crusade.

Inhaltsverzeechnes

Seng Filmer [änneren]

Gielercher [änneren]

Seng Oscar-Nominatiounen [änneren]

Um Spaweck [änneren]

  • Den Douglas Slocombe op der IMDb