Emil

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Emil. Fir de lëtzebuergesche Film, kuckt wgl. Emil (Film).
Emil
Eng Mënz mam Keeser Aemilianus, vun deem senger Famill den Numm Emil hierkënnt
Geschlecht männleche Virnumm
Namensdag 22. Mee
Ursprong
Sprooch Latäin
Genannt no Aemilius
Varianten
Alternativen Emilio, Emiel, Aemilius, Eemil, Emīls, Jemeljan, Eemeli
Anert Geschlecht Emilie, Emilia, Emily

Emil, Emile[1] oder och Émile och ass e männleche Virnumm, deen och zu Lëtzebuerg geleefeg ass.

Ursprong a Bedeitung vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm kënnt vum Laténgeschen Aemilius, engem Familljennumm (Nomen gentile). No der Antiquitéit gouf den Numm kaum nach gebraucht a war sou gutt wéi vergiess. Dat huet sech op ee Coup geännert, wéi 1762 dem Jean-Jacques Rousseau säin Erzéiungsroman Émile ou De l'éducation erauskoum. Duerno huet sech den Numm an Europa verbreet.

Namensdag[änneren | Quelltext änneren]

Dem Emil säin Namensdag ass den 22. Mee, als Referenz un den Emil (Aemilius), e Chrëscht vu Karthago. Wéi hie gefoltert gouf, huet e säi Glawen opginn, well en d'Péng net méi ausgehalen huet. Wéi hie sech duerno awer nees zum Chrëschtentum bekannt huet, ass en ëm 250 um Scheiterhaufe gestuerwen[2].

Varianten an Ofkierzungen[änneren | Quelltext änneren]

Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Ëmmel, Mil(l), Milli, Mull, Mulles an d'Kuerzform Eem[1].

An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou z B.: Emilio (am Italieeneschen a Spueneschen), Emiel (am Hollänneschen), Aemilius, Eemil, Emīls, Jemeljan, Eemeli (am Finneschen).

Emil(e) gëtt et och als Prefix oder Suffix an zesummegesate Virnimm, absënns Émile-Auguste, Émile-Louis, Paul-Émile oder Charles-Émile. Déi weiblech Forme sinn Emilie, Emli oder Milli, Emilia oder Emily.

Leit mat dem Virnumm[änneren | Quelltext änneren]

Ënner de Leit mat deem Virnumm sinn:

Emil[änneren | Quelltext änneren]

Emile[änneren | Quelltext änneren]

Émile[änneren | Quelltext änneren]

Emilio[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emile – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Émile – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-12.
  2. (de)Namenstage Online - namenstage.katholisch.de. namenstage.katholisch.de. Gekuckt de(n) 12.10.2023.