Martin Schwarzschild
De Martin Schwarzschild, gebuer den 31. Mee 1912 zu Potsdam a gestuerwen den 10. Abrëll 1997 zu Princeton (New Jersey) war en US-amerikaneschen Astrophysiker vun däitscher Ofstamung.
De Martin Schwarzschild gouf als Jong vum Astrophysiker Karl Schwarzschild gebuer. Scho kuerz nom Doud vu sengem Papp am Joer 1916 ass d'Famill op Göttingen geplënnert. De Martin Schwarzschild studéiert do an zu Berlin. Hie promovéiert 1935 zu Göttingen beim Hans Kienle iwwert d'Pulsatiounstheorie vun de δ-Cephei-Stären. Kuerz drop verléisst hie wéinst senge jiddeschen Originnen dat nationalsozialistescht Däitschland, fir sech no verschiddenen Tëschestatiounen an den USA ze etabléieren. Déi amerikanesch Staatsbiergerschaft hëlt hien am Joer 1942 un a gëtt 1947 op d'Princeton University beruff. Bis zu senger Pensioun am Joer 1979 bleift hie mat dëser Universitéit verbonnen.
Säin Haaptaarbechtsgebitt war d'Stärenentwécklung. D'theoretesch Modelliséierung hat zënter den 1950er Jore mat der Entwécklung vun der Computertechnik grouss Fortschrëtter gemaach.
Hien huet säin Interessi op héich opléisend Observatioune konzentréiert. Zesumme mam Lyman Spitzer an James Van Allen entwéckelt hien d'Konzept vun engem mat engem Ballon an d'Stratosphär gedroenen Teleskop, dat iwwert der allgemenger Loftonrouh eng besser Bildqualitéit maache kann. Mat de Projeten Stratoscope I an II verwierklecht hien dës Iddi an de spéideren 1950er an 1960er Joren an huet héich opgeléiste Fotoe net nëmme vun der Sonn mä och vu Galaxie gemaach. Dës Qualitéit ass eréischt duerch d'Hubble-Weltraumteleskop iwwertraff ginn.
De Schwarzschild huet sech och zënter den 1970er Jore mat der Dynamik vu Galaxie beschäftegt.
Wierker (Auswiel) [änneren]
- Structure and Evolution of the Stars, 1958
Éierungen [änneren]
- 1959 Karl-Schwarzschild-Medail
- 1960 Henry Norris Russell Lectureship
- 1963 Eddington-Medail
- 1965 Bruce Medail
- 1969 Goldmedail vun der Royal Astronomical Society
- 1994 Balzan-Präis (mam Fred Hoyle)
- 1997 National Medal of Science