Portal Astronomie/Aktuelles (Archiv 2012)

Vu Wikipedia
  • De 6. Juni ass fir d'lescht an eisem Liewen e sougenannte Venustransit - e siichtbaren Duerchgank vun der Venus direkt virun der Sonnescheif - ze gesinn. E ganz besonnescht Evenement, dat sech eréischt am Joer 2117 widerhëllt.
  • 29. Mee 2012: Dee nëmmen dräi bis zéng Meter groussen Asteroid 2012 KT42 ass den 29. Mee 2012 géint 9:00 Auer MESZ op enger Minimaldistanz vun nëmme 14.440 Kilometer laanscht d'Äerd gezunn. Bei enger Kollisioun mat sou engem klengen Duerchmiesser hätt duerch d'opreiwend Wierkung vun der Äerdatmosphär keng Gefor vun engem Aschlag bestanen. [19]
  • Mueres den 20. Mäerz ass Fréijoersufank. Wéinst der Liichtbriechung an der Äerdatmosphär fënnt "Dagannuechtgläiche" awer schonn de 17. Mäerz statt. De 25. Mäerz ginn d'Aueren eng Stonn op d'Summerzäit MESZ virgestallt.
  • De 16. Mäerz hat den italieeneschen Astronom Paolo Fagotti vum Italian Supernovae Search Project Biller vun der Galaxie M 95 gemaach. Beim Kucke vun de Fotoen hu si e Stär entdeckt, deen an de Katalogen net verzeechent ass. An engem Spiralarm vun der Galaxie war e Stär méi hell ginn. Si hunn eng nei Supernova entdeckt.
  • 28. Februar: Alle fënnef mat bloussem A siichtbar Planéite stinn um Oweshimmel, woubäi d'Venus an de Jupiter opfälleg hell ënner dem Äerdmound ze fanne sinn. De Merkur weist sech aktuell a gudder Owesvisualitéit – hien ass mat bloussem A einfach um Oweshimmel ze gesinn. De roude Mars ka wärend der Oppositiounszäit déi ganz Nuecht observéiert ginn.
  • Februar: De Koméit C/2009 P1 (Garradd) ass am Februar mat enger Hellegkeet vu ronn 6½-7. Gréisst (Visuell Magnitude) bei Mueresdämmerung an der Géigend vum Zenit mat enger Spektiv ze gesinn. De C/2009 P1 weist sech nach bis Abrëll als Niwwelfleck. Hie leeft am Februar duerch d'Stärebiller Hercules an Draco a wiesselt um Enn vum Mount an d'Stärebild Ursa Minor.
  • Op der Sonn war e Méindeg, 22. Januar um 5 Auer MEZ eng ganz staark Eruptioun (Flare vun der Stäerkt M8.7), an hat e koronale Massenausworf (Coronal Mass Ejection/CME) verursacht. D'Sonneplasma war mat 2200 Kilometer pro Sekonn op d'Äerd zougerast - normal beweegt sech de Sonnewand mat 400 Kilometer pro Sekonn fort ! – De Sonnewand hat eis Äerd den 23. Januar um 16 Auer MEZ erreecht. Massiv Stéierunge vum Äerdmagnéitfeld waren d'Folleg.
  • 9. Januar um 08:30 MEZ: Vollmound
  • De 5. Januar erreecht d'Äerd hire sonnennooste Punkt (Perihel) op der järlecher Bunn ëm d'Sonn. Si steet da ronn 3½% méi no wéi am Aphel (dem sonnewäitste Punkt) dee s'am Juli erreecht.
  • 3. Januar 2012: D'Quadrantiden e Meteorstroum ass a sengem Maximum: Seng Meteoritte fale visuell gesinn aus dem Stärebild Bootes.
  1. YouTube: Mars Science Laboratory Launch