Bunnkräizer
Als Bunnkräizer ginn Asteroide bezeechent, deenen hir Ëmlafbunn déi vun engem Planéit kräizt, d. h. Perihel an Aphel leie bausse resp. banne vun enger Planéitenëmlafbunn, wat seng Ursaach an der grousser Exzentrizitéit vun dësen Objeten huet. Wann d'Gebitt vun der Planéitebunn nëmmen deelweis gekräizt gëtt, da schwätzt ee vun engem Bunnsträifer (englesch: grazer). Zu de Bunnkräizer zielen och Objeten déi sich an enger koorbitaler Ëmlafbunn zum jeeweilege Planéit beweegen.
D'Tatsaach, datt en Asteroid d'Bunn vun engem Planéit „kräizt“ féiert net onbedéngt dozou, datt eng Kollisiounsgefor besteet, well d'Orbiten net ëmmer op engem Niveau leien.
Déi meescht Asteroiden an eisem Sonnesystem, déi baussenzeg vun der Haaptasteroidenceinture leien, si Bunnkräizer. D'Schwéierkraaft vum Jupiter suergt allerdéngs dofir, datt sech Asteroiden, bis op e puer Ausnamen, nëmme bannen oder bausse vu senger Ëmlafbunn beweegen.
Bunnkräizertyppen am Sonnesystem
[änneren | Quelltext änneren]Äerdbunnkräizer
[änneren | Quelltext änneren]Asteroiden, déi d'Äerdbunn kräizen, gehéieren zu den Äerdnoen Asteroide vum Apollo- oder Atentyp. Déi kräizen d'Äerdbunn vu baussen (Apollo) resp. vu bannen (Aten).
Vun Äerdbunnkräizer geet e gewësse Risiko fir en Aschlag op d'Äerd aus. Trotzdeem ass den Duerchstousspunkt (= Knuet) duerch d'Ekliptik meeschtens méi oder wéineger wäit vun der Äerdbunn ewech, soudatt sech geometresch keng Kollisioune mat der Äerd kënnen erginn. Déi grouss Zuel vun Asteroide bréngt et awer dann dach mat sech, datt verschidden Objete ganz geféierlech no un Äerd erukomme kënnen. Am August 2006 waren ongeféier 31 Objete bekannt, déi theoreetesch bis op manner wéi 50.000 km un den Äerdmëttelpunkt erukomme kéinten. Vun der NASA ginn z.Z. 58 Objeten als potentiell geféierlech aklasséiert, déi bei hirem nooste Rendez-vous méi no wéi de Mound kommen:
Bezeechnung | Distanz | |
---|---|---|
Mounddistanzen | km | |
(7482) 1994 PC1 | 0,005966988 | 2294 |
(152664) 1998 FW4 | 0,010080437 | 3875 |
(37638) 1993 VB | 0,017828967 | 6853 |
2002 EY2 | 0,030332494 | 11660 |
(177049) 2003 EE16 | 0,049877584 | 19173 |
(267337) 2001 VK5 | 0,054504037 | 20951 |
(297300) 1998 SC15 | 0,056665098 | 21782 |
2001 EC | 0,076372277 | 29358 |
(433953) 1997 XR2 | 0,078531003 | 30187 |
(137108) 1999 AN10 | 0,094539511 | 36341 |
(216985) 2000 QK130 | 0,099837672 | 38378 |
(99942) Apophis | 0,105483750 | 40548 |
(292220) 2006 SU49 | 0,114382901 | 43969 |
(247360) 2001 XU | 0,196846856 | 75668 |
2003 GG21 | 0,241523183 | 92842 |
2005 LW3 | 0,245039334 | 94193 |
(143487) 2003 CR20 | 0,253009925 | 97257 |
(162173) Ryugu | 0,267567218 | 102853 |
(35396) 1997 XF11 | 0,291597298 | 112090 |
(163132) 2002 CU11 | 0,341506404 | 131275 |
(90416) 2003 YK118 | 0,341603697 | 131312 |
(162416) 2000 EH26 | 0,379825639 | 146005 |
(405212) 2003 QC10 | 0,394575571 | 151675 |
(267131) 2000 EK26 | 0,422109349 | 162259 |
2000 TU28 | 0,425312218 | 163490 |
(141495) 2002 EZ11 | 0,462579137 | 177815 |
(164207) 2004 GU9 | 0,474406013 | 182362 |
(85640) 1998 OX4 | 0,484831878 | 186369 |
(89959) 2002 NT7 | 0,497230834 | 191136 |
2002 JZ8 | 0,525465117 | 201989 |
(85236) 1993 KH | 0,537066275 | 206448 |
2000 KA | 0,543028360 | 208740 |
2005 GY8 | 0,551103637 | 211844 |
(144898) 2004 VD17 | 0,580155178 | 223012 |
(467351) 2003 KO2 | 0,589440774 | 226581 |
(152685) 1998 MZ | 0,600792863 | 230945 |
(387668) 2002 SZ | 0,635187707 | 244166 |
(171576) 1999 VP11 | 0,639997848 | 246015 |
(2201) Oljato | 0,643165692 | 247233 |
1997 GL3 | 0,680343102 | 261524 |
(434734) 2006 FX | 0,681214843 | 261859 |
(330233) 2006 KV86 | 0,684390470 | 263080 |
2002 SQ41 | 0,696649325 | 267792 |
(89958) 2002 LY45 | 0,714169759 | 274527 |
(153814) 2001 WN5 | 0,723809500 | 278232 |
2002 NY40 | 0,739948380 | 284436 |
(101869) 1999 MM | 0,748467311 | 287711 |
2001 QJ96 | 0,761263220 | 292630 |
2004 XP14 | 0,822826023 | 316294 |
2003 MK4 | 0,840513799 | 323094 |
(387746) 2003 MH4 | 0,847359300 | 325725 |
(85713) 1998 SS49 | 0,850044573 | 326757 |
1999 RM45 | 0,871810851 | 335124 |
(162162) 1999 DB7 | 0,893514862 | 343467 |
2004 FU4 | 0,938390054 | 360717 |
(444193) 2005 SE71 | 0,984105854 | 378290 |
(154276) 2002 SY50 | 0,986736643 | 379302 |
Venuskräizer
[änneren | Quelltext änneren]Dat sinn Apollo- an Aten-Asteroide mat Periheldistanze bannent der Venusbunn. Ofgesi vun e puer wéinegen Apohel-Asteroiden, déi eng Ënnergrupp vun den Aten-Asteroide sinn, kräizen all d'Venuskräizer och d'Äerdbunn.
Merkurkräizer
[änneren | Quelltext änneren]Objete vun dësem Typ si meeschtens Aten-Asteroiden, awer och e puer Apollo-Asteroiden, deenen hire Perihel bannent der Ëmlafbunn vum Merkur (Planéit) läit. Bekannt Vertrieder sinn d'Apollo-Objeten (1566) Icarus an (3200) Phaethon, deenen hir Aphelpositioune baussenzeg vun der Marsbunn leien. All Merkurkräizer si gläichzäitig souwuel Venuskräizer, well et keng bekannt Objete gëtt deenen hir Bunn komplett bannenzeg vun der Ëmlafbunn vun der Venus verleeft.
Marskräizer
[änneren | Quelltext änneren]Zu den Asteroiden déi d'Marsbunn kräize gehéieren Apollo- an Amor-Asteroiden, vun deenen déi vum Apollotyp och Äerdbunnkräizer sinn. All Amor-Asteroide si bis op e puer Exemplare vum Amor I-Subtyp Marskräizer. Besonnesch Vertrieder sinn den (5261) Eureka, deen e Mars-Trojaner ass, souwéi d'Damocloiden 1999 XS35 an 1998 WU24.
Jupiterkräizer
[änneren | Quelltext änneren]Zu de wéinege Jupiterkräizer nieft den Trojaner, gehéieren Asteroide vum Amor IV-Subtyp, souwéi déi meescht bekannt Damocloiden. E puer Apollo Asteroide kräizen och d'Ëmlafbunn vum Jupiter. Dës an d'Amor IV-Asteroide hunn e Perihel no bei der Äerdbunn a sinn dofir och Marskräizer. D'Damocloide sinn koméitenänlech Objeten, deenen hir Apheldistanzen deelweis wäit baussent der Uranusbunn leien. D'Trojaner beweege sech ëmmer 60° vir an hanner dem Jupiter an 1:1-Resonanz ëm d'Lagrangepunkte vun der Jupiterbunn an zielen als Bunnsträifer oder koorbital Objeten, deelweis awer och als echt Kräizer. E weidere Jupiterkräizer ass den ongewéinlechen Objet (944) Hidalgo, deem säi Perihel an der Haaptasteroidenceinture läit.
Saturnkräizer
[änneren | Quelltext änneren]Déi meescht Asteroiden déi d'Ëmlafbunn vum Saturn kräize si sougenannt Zentauren, awer och Damocloiden. D'Zentaure si warscheinlech vergloust Koméiten, deenen hir ufanks flüchteg Bestanddeeler méi oder wéineger subliméiert sinn. Awer d'Beispill vum Zentaur (2060) Chiron, ass anescht, zanter en Halo entdeckt gouf, hie gëtt och als Koméit klassifizéiert. Zentaure si gréisstendeels och Uranus- an a munneche Fäll och Neptunkräizer. Den Asteroid Hidalgo sträift d'Ëmlafbunn vum Saturn ouni se ze kräizen.
Uranuskräizer
[änneren | Quelltext änneren]Objeten déi d'Bunn vum Uranus kräize si meeschtens Zentauren an e puer Damocloide wéi z. B. den (5335) Damocles.
Neptunkräizer
[änneren | Quelltext änneren]Zu den Neptunkräizer gehéieren nieft e puer Zentaure wéi z. B. (5145) Pholus, och Damocloiden. En ettlech Asteroiden déi d'Bunn vum Neptun kräizen zielen zu den transneptuneschen Objeten. Dorënner Plutinos wéi z. B. (28978) Ixion an (38628) Huya awer och staark exzentresch SDOs wéi (87269) 2000 OO67. Och den Zwergplanéit Pluto huet e Perihel bannescht der Neptunbunn. Neptun huet ausserdeem eng Grupp vun Trojaner.
Tabellen
[änneren | Quelltext änneren]Bunnkräizer bannent der Jupiterbunn
[änneren | Quelltext änneren]Asteroid | Typ | Merkurbunn | Venusbunn | Äerdbunn | Marsbunn |
---|---|---|---|---|---|
(1566) Icarus | Apollo | Kräizer | Kräizer | Kräizer | Kräizer |
(3200) Phaethon | Apollo | Kräizer | Kräizer | Kräizer | Kräizer |
(2101) Adonis | Apollo | Kräizer | Kräizer | Kräizer | Kräizer |
(1865) Cerberus | Apollo | - | Kreuzer | Kräizer | Sträifer |
(2063) Bacchus | Apollo | - | Kräizer | Kräizer | Sträifer |
(1862) Apollo | Apollo | - | Kräizer | Kräizer | Kräizer |
(2100) Ra-Shalom | Aten | - | Kräizer | Kräizer | - |
(3554) Amun | Aten | - | Kräizer | Kräizer | - |
(3753) Cruithne | Aten | - | Kräizer | Kräizer | - |
(163693) Atira | Aten (Apohele) |
- | Kräizer | - | - |
(69230) Hermes | Apollo | - | Kräizer | Kräizer | Kräizer |
(4769) Castalia | Apollo | - | Kräizer | Kräizer | Sträifer |
(4183) Cuno | Apollo | - | Sträifer | Kräizer | Kräizer |
(2340) Hathor | Aten | Sträifer | Kräizer | Kräizer | - |
(3362) Khufu | Aten | - | Kräizer | Kräizer | - |
(2062) Aten | Aten | - | - | Kräizer | - |
2002 AA29 | Aten | - | - | koorbital | - |
(1620) Geographos | Apollo | - | - | Kräizer | Sträifer |
(1866) Sisyphus | Apollo | - | - | Kräizer | Kräizer |
(4179) Toutatis | Apollo | - | - | Kräizer | Kräizer |
(6489) Golevka | Apollo | - | - | Sträifer | Kräizer |
(25143) Itokawa | Apollo | - | - | Kräizer | Kräizer |
(4015) Wilson-Harrington | Apollo | - | - | Sträifer | Kräizer |
(433) Eros | Amor | - | - | - | Kräizer |
(719) Albert | Amor | - | - | - | Kräizer |
(887) Alinda | Amor | - | - | - | Kräizer |
(1036) Ganymed | Amor | - | - | - | Kräizer |
(1221) Amor | Amor | - | - | - | Kräizer |
(5261) Eureka | Mars- Trojaner |
- | - | - | koorbital |
Den Amor-Asteroid (3552) Don Quixote kräizt d'Bunne vu Mars a Jupiter.
Bunnkräizer baussent der Jupiterbunn
[änneren | Quelltext änneren]Bekannt Bunnkräizer déi Säit vun der Jupiterbunn, ouni Trojaner.
Asteroid | Typ | Jupiterbunn | Saturnbunn | Uranusbunn | Neptunbunn |
---|---|---|---|---|---|
(944) Hidalgo | Anomalie? | Kräizer | Sträifer | - | - |
(20461) Dioretsa | Damocloid/ SDO |
Kräizer | Kräizer | Kräizer | Kräizer |
(5335) Damocles | Damocloid | Kräizer | Kräizer | Kräizer | - |
(2060) Chiron | Zentaur | - | Kräizer | Sträifer | - |
(5145) Pholus | Zentaur | - | Kräizer | Kräizer | Kräizer |
(8405) Asbolus | Zentaur | - | Kräizer | Kräizer | - |
(65407) 2002 RP120 | Damocloid/ SDO |
- | Kräizer | Kräizer | Kräizer |
(7066) Nessus | Zentaur | - | - | Kräizer | Kräizer |
(10199) Chariklo | Zentaur | - | - | Sträifer | - |
(10370) Hylonome | Zentaur | - | - | Sträifer | Kräizer |
(31824) Elatus | Zentaur | - | Kräizer | - | - |
(32532) Thereus | Zentaur | - | Kräizer | - | - |
(52975) Cyllarus | Zentaur | - | - | Kräizer | Kräizer |
(54598) Bienor | Zentaur | - | - | Sträifer | - |
1993 SB | Plutino | - | - | - | Kräizer |
(28978) Ixion | Plutino | - | - | - | Sträifer |
(38628) Huya | Plutino | - | - | - | Kräizer |
(87269) 2000 OO67 | SDO | - | - | - | Kräizer |
(84719) 2002 VR128 | Plutino | - | - | - | Kräizer |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu bemierkenswäerten Asteroiden
- Äerdnoen Asteroid
- Kuiperceinture
- Koméit
- Planetar Verdeedegung
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Damocloiden
- (en)Liste von Zentauren und SDOs