Charles Arendt
De Charles Arendt, gebuer de 15. Mäerz 1825 zu Veianen, a gestuerwen den 21. November 1910, war Staatsarchitekt fir Lëtzebuerg an Auteur vun iwwer 130 Publikatiounen, virun allem iwwer architektonesch a konschtgeschichtlech Themen. Seng Wierker huet hien op Franséisch mat Charles Arendt respektiv mat Jean-Venceslas-Charles Arendt ënnerschriwwen, op Däitsch mat Karl Arendt.
De Charles Arendt huet vun 1846-1849 zu Bréissel a München studéiert a gouf 1850 zum Distriktsarchitekt fir Gréiwemaacher an 1858 zum Staatsarchitekt ernannt. Hien hat déi leschtgenannt Funktioun bis zu senger Pensioun, 1898.[1]
De Charles Arendt war staark ageholl vun der Neigotik an eng ganz Rei vu Kierchen a Kapellen, déi hien entworf huet, droen nach haut säi Stempel. Am Ganze sinn ënner senger Supervisioun 78 Kierchen an den Diozeese Lëtzebuerg, Tréier, Nanzeg an Namouer gebaut ginn. Dobäi koumen eng 130 Profanbauten.[1]
Och eng sëlleche Restauratioune vun historesche Gebaier huet hien ausféiere gelooss, dorënner déi vun der Ruin vun der Buerg Veianen an déi vum Dënzelt vun Iechternach, d'Justizkräizer vu Wolz an der Fiels, d'gotesch Kierche vun Nidderwolz, Waldbriedemes an Holler, d'Greinskapell an eng Rëtsch Statuen, Fresken oder Altär.[1]
De Charles Arendt huet och eng 160 Artikelen oder Monographië geschriwwen; sief et iwwer archeologesch Ausgruewungen, bei deenen hie matgeschafft huet, historesche Beschreiwungen oder philosopheschen Iwwerleeungen.[1]
Hie war President vum Verschéinerungsveräin vu Veianen a Member am Eifelveräin, an huet deementspriechend villes zu senger Heemechtstad publiziéiert.[1]
Bauwierker (Auswiel)
Profan Gebaier
- Ëm- an Ausbau vum Groussherzogleche Palais vun 1891 bis 1894, zesumme mam Bréisseler Architekt Gédéon Bordiau[2]
- Ëm- an Ausbau vum fréiere Geriichtspalais an der Stad Lëtzebuerg;
- Hotel Grand-Chef zu Munneref;
- d'Wunnhaus Eck Aldringer-Strooss a Biederstrooss an der Stad Lëtzebuerg, fréier Fënsterschlass genannt.
Kierchen
Kapellen
Nom Charles Arendt genannt
- eng Strooss um Belair an der Stad Lëtzebuerg: rue Charles-Arendt;
- e Sall iwwer der Kapell um drëtte Stack vum Veianer Schlass, d'salle Charles-Arendt.[3]
Publikatiounen (Auswiel)
- Arendt, C., 1884. Monographie du château de Vianden. Impr. de la Cour, Luxembourg.
- Arendt, K., 1901. Monographie der Burg Falkenstein. Ons Hémecht Jg. 7. Luxemburg : P. Worré-Mertens. [27 S.]
- Arendt, K., 1903. Das Luxemburger Land in seinen kunstgeschichtlichen Denkmälern : summarisch in Wort und Bild geschildert. 60 S., P. Worré-Mertens, Luxembourg.
- Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit : mit biographischen Notizen. Luxemburg : M. Huss.
- Arendt, K., 1905. Diekirch und seine alte Pfarrkirche. Hémecht 11.
- Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen : eine kunstarchäologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
- Arendt, K., 1908. Das römische Mosaik von Nennig. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18 : 371-378].[1]
- Arendt, K., 1910. Kleine Welten. Bull. Soc. Nat. luxemb. 20 : 166-177.[2]
Gielchen
- Officier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1882)[4]
Literatur
- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes : illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 157
- Philippart, R., 2007. Charles Arendt (1825-1910). S. 83 in: Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8.
Kuckt och
- Schetzel, vun deem senger Hiel am Gréngewald de Ch. Arendt 1860 eng Zeechnung publizéiert huet.
- Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller
Um Spaweck
Commons: Charles Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 "Karl Arendt †." Luxemburger Wort 22. November 1910, S.2. op www.eluxemburgensia.lu
- ↑ Cf. Gédéon Bordiau op der franséischer Wikipedia. Kuckt och d'Internetsäit iwwer d'Geschicht vum Palais op monarchie.lu;
- ↑ Cf. d'Internetsäit iwwer d'Salle Charles-Arendt um Internetsite vum Veianer Schlass
- ↑ Lëscht vu Leit déi 1882 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen