Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg
Ausgesinn
Linnennummer | 7 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 20,40 km |
Gréisst Steigung | 14 ‰ |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streckentyp | duebelgleiseg |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
D'Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg gouf vun der Société des Chemins de fer Prince-Henri, kuerz PH oder de Prënz genannt, als eegleiseg Streck gebaut. Si ass 20,390 Kilometer laang a leeft haaptsächlech op de Gemengegrenzen. Deemools wollt keng Gemeng den Damp an de Stëbs an hiren Uertschaften. Zanter Dezember 2012 ass se zweegleiseg.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 8. August1900: Déi nei Streck gëtt a Betrib geholl.
- 6. September1900: Offiziell Aweiung vun der Streck a vun der aktueller Gare vu Péiteng.
- 1. Oktober1932: Ufank vun Terrassementsaarbechten tëscht de Gare Péiteng an Dippech fir d'Streck zweegleiseg ze bauen. Dës Aarbechten hu bis 1934 gedauert. En zweet Gleis ass awer deemools net geluecht ginn.
- 10. Mee 1940: D'Deutsche Reichsbahn gëtt neie Patron vun der Streck.
- 10. September 1944: E provisoresche Comité de gérance iwwerhëlt d'Verwaltung.
- 1. Juni1945: D'Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (CFL) gëtt gegrënnt an iwwerhëlt d'Streck.
- 1. Juni1981: D'Streck ass elektrifizéiert ginn (Käschtepunkt: 346 Mill. Frang) an den elektreschen Zuchbetrib gëtt offiziell ageweit.
- 25. September 1993: Dee leschte Paräisser Schnellzuch fiert iwwer d'Streck Péiteng - Lëtzebuerg.
- 13. Dezember 2004: D'Aarbechte fir d'Streck 2-gleiseg auszebaue ginn an Ugrëff geholl. Käschtepunkt: 294 Milliounen Euro.
- Summer 2009: De Gleisbau ass fäerdeg bis op Dippech-Recken.
- Mee 2010: Déi al Bréck iwwer d'Areler Autobunn gëtt ofgerappt an duerch eng modern Bowstring-Bréck ersat.
- 7. Dezember2012: Déi ewell zweegleiseg Streck gëtt ageweit.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Péiteng op der Websäit "rail.lu"
- Kabinenmitfahrt CFL Strecke Luxembourg - Petange - Rodange - Athus Video op Youtube vun der CFL
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2024, Version 2.0.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "CFL: Nei Südstreck gouf um Freideg ageweit." RTL.lu - 08.12.2012, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.12.2012, 08:54.