Op den Inhalt sprangen

Gare Dippech-Recken

Vu Wikipedia
Gare Dippech-Recken

Streck 7
PK 9,238
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Dippecher Gare
Gemeng Dippech
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 34’ 21’’ N
      5° 59’ 43’’ O
Websäit CFL.lu
Fréiert Gebai vun der Gare Dippech-Recken (ofgerappt)

D'Gare Dippech-Recken ass eng Gare op der CFL-Linn 7 tëscht der Gare Leideleng an der Gare Schuller vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit op der Dippecher Gare, no bei Recken. Nieft der Gare ass d'Barriär op der N13. Dat fréiert Gebai ass bei der Moderniséierung vun der Linn 7 op zwee Gleiser ofgerappt ginn.

D'Linn 7 féiert vu Lëtzebuerg bis op Péiteng vu wou et op der Linn 6 weider geet bis op Rodange a weider op d'belsch Grenz. Vu Rodange aus gëtt et Verbindungen op Attem, Virton a Lonkech.

D'Gare Dippech-Recken huet e gratis Park & Rail-Parking mat 78 Parkplazen a 6 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Leideleng   RB
CFL-Linn 70 
  Schuller Attem
Lëtzebuerg Hollerech   RE
CFL-Linn 70 
  Nidderkäerjeng-Suessem Rodange
oder Lonkech
Commons: Gare Dippech-Recken – Biller, Videoen oder Audiodateien