Gemeng Fréiseng
Gemeng Fréiseng | |
---|---|
d'Fréisenger Märei (2023) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Frisange de: Frisingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Roger Beissel |
Awunner | 4.968 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.843 ha |
Héicht | 262 m |
Koordinaten |
49° 30’ 57’’ N 06° 11’ 16’’ O |
LAU-Code | LU0205 |
Websäit | https://frisange.lu/ |
D'Gemeng Fréiseng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu, no deem se genannt ass, ass Fréiseng.
Uertschaften an der Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Fréiseng läit am Süde vu Lëtzebuerg a gehéiert zum Kanton Esch-Uelzecht. D'Nopeschgemenge vu Fréiseng si Réiser, Weiler-la-Tour an Duelem. Am Süde grenzt Fréiseng un dat franséischt Departement Moselle (Loutrengen). D'Landschaft vun der Gemeng besteet gréisstendeels aus Wisen a Felder, vereenzelt awer och Bëscher. D'Albaach eng vun de Quellbaache vun der Gander entspréngt bei Helleng, fléisst a Richtung Osten duerch Fréiseng an Uespelt.
Duerch d'Gemeng Fréiseng leeft d'Nationalstrooss N3, déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert, d'Nationalstrooss N13 an d'Autobunn A13 (Saarautobunn).
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: Tiercé en pairle; à dextre d'azur à la demi-aigle d'argent, à senestre d'or à la demi-aigle de sable, au chef du même chargé de deux crosses d'abbé adossées mises en pal, mouvant de la partition, celle de dextre d'or, celle de senestre d'argent. |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vu Fréiseng gëtt zanter 2011 nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | Är Equipe | CSV | DP | LSAP |
---|---|---|---|---|
2011 | 5 | 4 | 2 | |
2017 | 5 | 3 | 1 | 2 |
2023 | 5 | 2 | 2 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Charles Dupaix[2]
- ...
- ëm 1977: Mathias Rauchs
- 1982 - 2005: Gaston Gibéryen
- 2005 - 2011: Claude Wiltzius
- 2011 - 2017: Marie-Louise Aulner
- zanter 2017: Roger Beissel
Jumelage
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Fréiseng ass zanter 2004 mat der franséischer Gemeng Saint-Julien de Coppel am Departement Puy-de-Dôme jumeléiert.
Leit vu Fréiseng
[änneren | Quelltext änneren]- Robert Alesch (1906-1949), kathoulesche Priister
- Henri Hartmann (1820-?), Architekt
- Jean Morbach (1884-1967), Schoulmeeschter an Ornitholog
- Émile Raus (1904-1980), Jurist, Politiker
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Fréiseng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Fréiseng
- Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng
- D'Gemeng Fréiseng op der Websäit vum Syvicol
- Fréisenger Schoulen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844