Henri vu Lëtzebuerg
Henri vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1998 bis 2000 |
Groussherzog vu Lëtzebuerg | |
Zäit | zanter dem 7. Oktober 2000 |
Virgänger | Jean |
Biographie | |
Gebuer |
16. Abrëll 1955 Schlass Betzder |
Bestuet mat | Maria Teresa Mestre |
Papp | Jean vu Lëtzebuerg |
Mamm | Joséphine-Charlotte vun der Belsch |
Geschwëster | Margaretha vu Lëtzebuerg, Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg |
Kanner | Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg |
Den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg, gebuer de 16. Abrëll 1955 um Schlass zu Betzder, ass zanter dem 7. Oktober 2000 Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien ass dee sechste Lëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vun Nassau-Weilburg.
Säi vollstännegen Titel ass "Seng kinneklech Altess Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".
Säi Liewen
De Prënz Henri ass um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, gebuer. Hie geet zu Lëtzebuerg an a Frankräich an d'Schoul.
1973, wéi e groussjäreg gouf, krut hien den Titel Ierfgroussherzog. 1974 ass hien op d'Militärakademie vu Sandhurst gaangen, wou en 1975 Offizéier gouf. An der Lëtzebuerger Arméi dréit hien zanter dem 6. Oktober 2000 den Titel Generol. Duerno huet hien op der Universitéit vu Genf Politikwëssenschafte studéiert, an dës Studien 1980 mat enger Licence ofgeschloss.
De 14. Februar 1981 huet hien d'Maria Teresa Mestre bestuet, déi en do kennegeléiert hat. Zesummen hu se fënnef Kanner.
Den Henri ass Dokter Honoris Causa vun der Sacred Heart University vu Fairfield, Connecticut (USA), vun der Miami University, Oxford, Ohio (USA), vun der Universitéit vu Khon Kaen (Thailand) a vun der Universitéit vun Tréier.
Vun 1980 bis 1998 war hie Member vum Staatsrot.
De 4. Mäerz 1998 gouf hien, entspriechend dem Artikel 42 vun der Lëtzebuerger Constitutioun, vu sengem Papp zum "Lieutenant-Représentant" ernannt.
De 7. Oktober 2000 ass säi Papp Jean fräiwëlleg als Groussherzog zeréckgetrueden, an den Henri gouf als Groussherzog vereedegt. D'Feierlechkeete fir d'Trounbesteigung ((fr) joyeuse entrée) si wéinst engem Autosaccident vum Prënz Guillaume a senger Fra op de 6. Abrëll 2001 verluecht ginn[1].
Wéi hien am Kader vum Nationalfeierdag 2024 ugekënnegt hat[2], huet de Grand-Duc Henri den 8. Oktober 2024 dem Prënz Guillaume d'Lieutenance iwwerdroen.[3]
Promulgatioun a Sanctioun vun de Gesetzer
Op internationale Medienecho ass seng Intentioun gestouss, d'Gesetz iwwer Euthanasie, wann et an der Chamber beim Zweete Vott gestëmmt géif, net z'ënnerschreiwen. Domat hätt et, der Verfassung no net a Kraaft triede kënnen. Effektiv stoung do am Artikel 34, de Groussherzog "promulgéiert a sanctionéiert" Gesetzer, an deelt seng Schlussfollgerung der Chamber bannent 3 Méint nom Vott mat.[4] Hien hat dat den 2. Dezember 2008 de Fraktiounscheffe vun den an der Chamber vertruedene Parteie matgedeelt. Als Grond sot en, hie kéint dat net mat sengem Gewëssen iwwerenee bréngen.[5] Mat sengem Averständnes huet d'Chamber den 11. Dezember 2008 an éischter Lecture mat 56 Stëmme (vu 60) dofir an enger Enthalung enger Ännerung vun der Verfassung zougestëmmt. Den Artikel 34 sollt sou geännert ginn, datt de Groussherzog d'Gesetzer just nach "promulgéiere" sollt (wat een als en administrativ-techneschen Akt bezeechne kéint), mä net méi "sanctionéieren" (wat eng explizitt Stellungnam bedeit).[6] Domat verzicht en deemno op d'Vetorecht, dat e bis dohin hat.
Dës Ännerung ass den 12. Mäerz 2009 a Kraaft getrueden.
Kanner
Den Henri ass Papp vu fënnef Kanner:
- Ierfgroussherzog Guillaume Jean Joseph Marie (* 11. November 1981).
- Félix Léopold Marie Guillaume (* 3. Juni 1984)
- Louis Xavier Marie Guillaume (* 3. August 1986)
- Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine (* 16. Februar 1991)
- Sébastien Henri Marie Guillaume (* 16. Abrëll 1992)
Enkelkanner
- Gabriel (* 12. Mäerz 2006), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
- Noah (* 21. September 2007), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
- Amalia (* 15. Juni 2014), Duechter vum Prënz Félix a senger Fra Claire
- Liam (* 28. November 2016), Jong vum Prënz Félix a senger Fra Claire
- Charles (* 10. Mee 2020), Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie
- François (* 27. Mäerz 2023), Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie
- Balthasar (* 7. Januar 2024), Jong vum Prënz Félix a senger Fra Claire
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Henri vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Jean |
Groussherzog vu Lëtzebuerg zanter 2000 |
Nofollger: - |
Referenzen
- ↑ Marc Gerges, Monarchie - Nouvelles têtes, nouveau style, amd'Lëtzebuerger Land vum 4. Abrëll 2001, fir d'lescht gekuckt den 9. Januar 2019
- ↑ (fr)Annonce de la Lieutenance de Son Altesse Royale le Grand-Duc Héritier | Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 24.06.2024.
- ↑ Kevin Kayser a Pierre Weimerskirch: "Lieutenant-Représentant huet Eed ofgeluecht: 'Nei Etapp, déi fir déi ganz Famill ufänkt', esou den Ierfgroussherzog." rtl.lu, 08.10.2024.
- ↑ Article 34: Le Grand-Duc sanctionne et promulgue les lois. Il fait connaître sa résolution dans les trois mois du vote de la Chambre.
- ↑ Deklaratioun vum Premier Juncker vum 2. Dezember 2008
- ↑ gouvernement.lu
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Membere vum Internationalen Olympesche Comité
- Groussherzoge vu Lëtzebuerg
- Haus Lëtzebuerg-Nassau
- Gebuer 1955
- Ritter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw
- Groß-Stern des Ehrenzeichens für Verdienste um die Republik Österreich (1952)
- Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz
- Lieutenant-Représentantë vu Lëtzebuerg