Hippolyte Aucouturier
Ausgesinn
Hippolyte Aucouturier | |
---|---|
Gebuer |
17. Oktober 1876 La Celle |
Gestuerwen |
22. Abrëll 1944 16. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Den Hippolyte Aucouturier, gebuer de 17. Oktober 1876 zu La Celle, a gestuerwen den 22. Abrëll 1944 zu Paräis, war e franséische professionelle Vëlossportler.
Den Aucouturier mam Spëtznumm « Le Terrible », huet seng Profiscarrière 1900 ugefaangen.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]- 1901: Bruxelles-Roubaix
- 1902: 3. bei Paris-Rennes a bei Luchon-Toulouse-Luchon
- 1903: Paris-Roubaix
- 1903: Bordeaux-Paris
- 1903: 2. bei Paris-Valenciennes
- 1904: Paris-Roubaix
- 1905: Bordeaux-Paris
Resultater um Tour de France
[änneren | Quelltext änneren]- Tour de France 1903: Opginn an der 1. Etapp, Gewënner vun der 2. an 3. Etapp (kuckt wgl. Erklärungen)
- Tour de France 1904: Deklasséiert (Virum Deklassement 4. am Generalklassement)
- Tour de France 1905: 2. am Generalklassement a Gewënner vun 3 Etappen
- Tour de France 1906: Opginn an der 7. Etapp
- Tour de France 1908: Opginn an der 3. Etapp
Erklärungen
[änneren | Quelltext änneren]Am éischten Tour de France konnt e Coureur deen opginn hat, awer bei den nächsten Etappen erëm matfueren. E gouf just net méi am Generalklassement gefouert.