Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Toutsch

Vu Wikipedia
Versioun vum 16:40, 22. Feb. 2020 vum Soued031 (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎top: clean up, replaced: Wäisswampech → Wäiswampech using AWB).

De Jean-Pierre Toutsch, gebuer den 28. Januar 1811 zu Wäiswampech[1] a gestuerwen den 30. Juni 1887 an der Stad Lëtzebuerg am Alter vu 76 Joer, war e lëtzebuergesche Magistrat a Politiker.[2]

Den 19. Februar 1840 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Riichter vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.[3]

De 24. Juli 1848 ass hie Riichter um Bezierksgeriicht zu Dikrech genannt ginn.[4]

De 17. November 1858 gouf de Jean-Pierre Toutsch a senger Qualitéit als Deputéierte vum Kanton Klierf fir d'Sëtzungsjoer 1858 President vun der 'Assemblée des Etats'.[5]

Den 22. Juli 1885 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg[6] an hien ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.[7]

Gielchen

Referenzen

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. P. Faber, Grevenmacher, S. 91.
  2. Ukënnegung vum Doud vum Jean-Pierre Toutsch am Luxemburger Wort vum 2. Juli 1887
  3. Memorial N°11 vun 1840
  4. Memorial N°58 vun 1848
  5. Memorial N°29 vun 1858
  6. Memorial N°46 vun 1885
  7. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  8. Memorial N°66 vun 1879