Trofeo Matteotti
Ausgesinn
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Trofeo Matteotti ass eng Vëloscourse vun engem Dag, déi zu Pescara (Regioun Abruzzen) an Italie gefuer gëtt.
Den Numm vun der Course ass zu Éiere vum sozialistesche Politiker Giacomo Matteotti (1885 - 1924), dee vun engem faschistesche Grupp ëmbruecht gouf.
Zanter 2005 gehéiert den Trofeo Matteotti zum UCI Europe Tour an ass zanterhier an der Klass 1.1 agestuuft.