Victor Thorn
Victor Thorn | |
---|---|
Gebuer |
31. Januar 1844 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
15. September 1930 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Riichter |
Partei | Liberal Liga |
De Victor Thorn gebuer den 31. Januar 1844 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 15. September 1930 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Victor Thorn huet vun 1863 bis 1866 zu Gent, Heidelberg an Dijon Droit studéiert.
1867 gouf hien Affekot an huet bis 1883 an der Magistratur geschafft. 1883 gouf hie Staatsprocureur.
Tëscht 1885 an 1888 war e Member vum Staatsrot.
Vun 1888 bis 1892 war hie Generaldirekter (Minister) fir ëffentlech Bauten an der Regierung Eyschen.
1899 gouf de Victor Thorn Procureur général.
1915 war en an der Regierung Mongenast Minister fir Justiz an ëffentlech Bauten.
1916 huet d'Regierung Loutsch, déi no där vum Mongenast um Rudder war, missen demissionéieren, well s'e de Vertrauensvott an der Chamber net iwwerstanen hat.
E knappse Mount méi spéit konnt de Victor Thorn eng nei Regierung presentéieren, an där déi dräi grouss Parteie vertruede waren. Et goung virun allem drëms, d'Versuergungskris am Land, déi duerch de Krich ëmmer méi grouss gouf, meeschter ze ginn. D'Regierung huet d'Liewensmëttel rationéiere gelooss an Héchstpräisser festgeluecht, mä doduerch gouf just de Schwaarzmaart gestäerkt an d'Spannungen tëscht der Stad- an der Landbevëlkerung vergréissert.
1917 koum et am Minett zu engem Streik, dee vun der däitscher Arméi opgeléist gouf. Schliisslech huet de Landwirtschaftsminister Michel Welter d'Vertraue vun der Chamber entzu kritt, a mat him ass déi ganz Regierung gefall.
Vum 19. Juni 1917 bis zu sengem Doud war de Victor Thorn President vum Staatsrot. Vun 1921 bis 1927 war hie permanente Member vun der Cour d'Arbitrage zu Den Haag.
De Victor Thorn war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[1]
Hien ass 1930 an der Stad gestuerwen.
No him benannt
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Victor Thorn z'erënneren huet de Stater Schäfferot de 14. Juni 1962 decidéiert eng Strooss no him ze benennen; de boulevard Victor Thorn verbënnt vun den Dräi Tierm aus de boulevard Jean Ulveling mam Clausener Bierg.
Gielercher[2]
[änneren | Quelltext änneren]- Grand'Croix vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1920)[3]
- Grand'Croix vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1927)
- Grand'Croix vum Ordre de la Couronne de Belgique (Promotioun 1922)
- Grand'Croix vum Ordre de la couronne d'Italie (Promotioun 1916)
- Grand'Croix vum Ordre de la couronne de Roumanie (Promotioun 1911)
- Commandeur mat Plaquette vum Ordre du Lion néerlandais (Promotioun 1881)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Regierung Thorn
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Regierungsmemberen
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Victor Thorn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
- ↑ "Victor Thorn". aus: 'Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 17 - page 105 op luxemburgensia.bnl.lu
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1920 Memorial A N° 8 vun 1920 Archivéiert de(n) 03.03.2016. Gekuckt de(n) 06.01.2013.
- Citation
- Presidente vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Premierministere vu Lëtzebuerg
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Justizministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Magistraten
- Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne
- Gebuer 1844
- Gestuerwen 1930
- Grand-croix de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand-Croix vum Ordre de la Couronne
- Lëtzebuergesch Fräimaurer
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass