René Burri

Vu Wikipedia
René Burri
Gebuer 9. Abrëll 1933
Zürich
Gestuerwen 20. Oktober 2014
Zürich
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Hochschule für Gestaltung und Kunst
Aktivitéit Fotograf, Fotoreporter
Member vun Magnum Photos
Famill
Bestuet mat Rosellina Bischof

De René Burri, den 9. Abrëll 1933 zu Zürich gebuer, an do och den 20. Oktober 2014 gestuerwen, war e Schwäizer Fotograf.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1949 an 1953 huet hien op der Zürcher Hochschule der Künste studéiert, wou zu senge Professeren ënner anerem den Hans Finsler, den Alfred Willimann an de Johannes Itten gezielt hunn.

Tëscht 1954 an 1955 huet de René Burri als Kamera-Assistent fir Walt Disney Film Productions an der Schwäiz geschafft.

Zanter 1955 kollaboréiert hie mat der Agence Magnum Photos, wou hien 1959 zum Member ernannt gouf. Nodeem hie matgehollef hat, Magnum Films New York op d'Been ze stellen, huet hien 1982 d'Magnum Gallery kreéiert a gouf zum President vu Magnum Photos Paris ernannt.

Als Korrespondent fir Magnum ass de René Burri tëscht 1956 an 1958 ënner anerem an d'Tschechoslowakei, Tierkei, Egypten, Syrien, den Irak, Jordanien, de Libanon, Italien, Frankräich, Spuenien a Griicheland gereest, vun 1959 un dann an Egypten, Brasilien a Japan, 1962 an Israel, de Libanon a Jordanien, 1963 op Kuba an 1964 a China. Vun där Rees ass e Reportage ënner dem Titel "Red China - Spruced up for show" am Life Magazine publizéiert ginn. Aner Reportagë vum René Burri goufen nieft dem Life am Look, Stern, Du, Paris Match, Epoca, The Sunday Times an der New York Times publizéiert.

Dem René Burri seng éischt Ausstellung war 1967 am Art Institute zu Chicago.

De René Burri huet och eng Rei vun Documentairë fir d'Tëlee produzéiert a war bei alle wichtege Krisen op der Welt dobäi, fir déi ze couvréieren. Dorënner d'Zypern-Kris an d'Kuba-Kris oder d'Kricher a Korea an am Vietnam.

Berüümt gouf de René Burri virun allem wéinst senge Biller vum kubanesche fréiere Revolutionär Ernesto Che Guevara, wéi en eng Zigar fëmmt.

Donieft huet hien awer och nach eng ganz Rëtsch weider Perséinlechkeete fotograféiert, wéi de Muhammad Anwar as-Sadat, Leonid Brejnew, Richard Nixon, Fidel Castro, Adrien Wettach (Grock), Maria Callas, Le Corbusier, Henri Cartier-Bresson a Pablo Picasso.

De René Burri huet zu Zürich a Paräis gelieft a geschafft. Hien ass den 20. Oktober 2014 doheem zu Zürich un engem Kriibsleide verscheet.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Documentairen[änneren | Quelltext änneren]

  • The Two Faces of China, 1965
  • Braccia si - uomini no, 1970
  • Jean Tinguely, 1972

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Deutschen, 1962
  • Les Allemands, 1963
  • A l'Est de Magnum, 1945-1990, 1990
  • Cuba y Cuba, 1994
  • Ché Guevara, 1997
  • Le Corbusier, 1998
  • Luis Barragán, 2000
  • René Burri Photographies, 2004
  • Nous sommes treize à table, 2008
  • Blackout New York, 2009
  • Brasilia, 2011

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

De René Burri gouf ënner anerem mam Kulturpräis vum Kanton Zürich am Joer 1999 ausgezeechent.

Literatur, Quell[änneren | Quelltext änneren]

100 Photos de René Burri pour la Liberté de la Presse, Reporters sans frontières (éds.) No 36, März 2011, SS. 20-24

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Spiegel Online Kultur, ofgeruff den 21. Oktober 2014