Beruffspompjeeën
D'Beruffspompjeeën (Ofkierzung: BF, fir Berufsfeuerwehr (de)), offiziell “Service d'incendie et d'ambulances”, war bis den 30. Juni 2018 e Pompjeescorps, deen nëmmen aus haaptberuffleche Pompjeeë bestanen huet an dee vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert gouf. Et war - nieft de Pompjeeë vum Fluchhafen - den eenzege Corps vu Beruffspompjeeën zu Lëtzebuerg.
Zënter dem 1. Juli 2018 sinn d'Beruffspompjeeën mat den anere Rettungsdéngschter am CGDIS regroupéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Corps grand-ducal d'incendie et de secours.
.
Presentatioun vun de Stater Beruffspompjeeën
[änneren | Quelltext änneren]Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Beruffspompjeeë goufen 1922 gegrënnt an de Corps bestoung deemools aus 9 Leit[1]. Enn 2017 (31.12.) waren et 183 Leit. Vun deene waren 23 Leit an enger Féierungspositioun, 157 ware Pompjeeën a 6 Persounen haten eng administrativ Aufgab.
Kommandate vun de Beruffspompjeeën[2]
[änneren | Quelltext änneren]vun | bis | Kommandant |
---|---|---|
1922 | 5. September 1949 | Nicolas Kieffer |
31. August 1949 | 1. Juli 1955 | Robert Polfer |
1955 | 15. Juli 1959 | Mathias Wiwinius |
5. Dezember 1958 | 1. November 1987 | Aloyse Lickes |
23. November 1987 | 12. Juli 1991 | Valentin Dahm |
12. Juli 1991 | 27. Abrëll 2018[3] | Erny Kirsch |
1. Mee 2018 | Serge Heiles |
Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]D'Aufgab vun de Beruffspompjeeë war fir bei Feier an Accidenter, bei Gefor fir Mënsch an Natur asw. z'intervenéieren. Am Joer 2017 hate si 17.809 Asätz, wouvu et 468 (2,63 %) Feierasätz, 1.452 (8,15 %) Rettungsasätz a 15.889 (89,22 %) Asätz mat enger Ambulanz waren[4].
Plaze vun de Feier- a Rettungsasätz (2017)
[änneren | Quelltext änneren]Rang | Plaz vum Asaz | Unzuel |
---|---|---|
1 | Strooss | 587 |
2 | Appartementshaus | 389 |
3 | Eefamilljenhaus | 138 |
4 | Autobunn | 91 |
5 | Bürosgebai | 60 |
6 | Schantjen, Réibau | 57 |
7 | Industriebetrib | 55 |
8 | Schoul, Spillschoul | 47 |
9 | Baussefläch | 46 |
10 | Ëffentlecht Gebai | 42 |
Aner Plazen | 408 | |
Total | 1.920 |
Plaze vun den Ambulanzenasätz (2017)
[änneren | Quelltext änneren]Rang | Plaz vum Asaz | Unzuel |
---|---|---|
1 | Appartementshaus | 3.374 |
2 | Eefamilljenhaus | 2.485 |
3 | Gebai | 2.384 |
4 | Trëttoir | 1.903 |
5 | Klinick | 1.881 |
6 | Strooss | 892 |
7 | Plaz | 682 |
8 | Schoul | 479 |
9 | Hotel, Café-Restaurant | 473 |
10 | Handwierks- oder industrielle Betrib | 359 |
aner Plazen | 1.206 | |
Total | 16.118 |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Groussasätz zanter 1921 (Lëscht net komplett)
[änneren | Quelltext änneren]- 1921: Lagerbrand am Speditiounsgeschäft „Debicke“, Groussbrand an der „Columeta“ um Fëschmaart, Brand an der Buchbënnerei „Kommer“ an der Fleeschiergaass, Brand an der Zementfabréck zu Dummeldeng.
- 3. Juli 1922: Deen éischten dokumentéierten Asaz vun de Beruffspompjeeën aus der Stad Lëtzebuerg besteet aus engem Asaz vun 2 Stonne mat 7 Mann beim Brand vun engem Haus am Leidelenger Wee zu Zéisseng.
- 29. Januar 1929: Groussbrand am Haus „Kraus-König“ an der Arsenalstrooss.
- 3. Dezember 1934: Groussbrand an der Schräinerei „Bintner“ zu Koplescht.
- 23. Abrëll 1941: Groussbrand am Terres-Rouges-Gebai an der Stad; d'Pompjeeë vun Tréier hu missen hëllefe komme fir d'Feier ze läschen[5].
- 10. September 1944: Groussbrand an der Mälzerei „Malterie de Luxembourg S.A.“ a Clausen[6].
- 12. August 1950: Groussbrand an der „Manufacture de produits de cirage Scarabée“ am Rollengergronn[6].
- 5. Oktober 1972: Groussbrand bei der „Monsanto“ zu Iechternach[6].
- 30. Mee 1976: Explosioun am Béinchen am Pafendall
- 15. August 1980: Brand am Hotel Kons op der Stater Gare
- 29. September 1982: Fligeraccident am Bireler Gronn
- 5. Abrëll 1985: Groussbrand an der Kathedral
- 3. Mee 1986: Feier am Golf-Club um Findel
- 4. Januar 1991: Explosioun am Lycée technique du Centre
- 14. Mäerz 1991: Groussbrand an der Kierch am Rollengergronn
- 23. Juni 1991: Groussbrand beim Uebst- a Geméishändler „Cafruta“
- 8. November 1992: Groussbrand am Elektro-Buttek „Kaurisch“ an der Aler Avenue
- 23. Juli 1993: Groussbrand an de Garagë vun de Stater Bussen
- 7. Abrëll 1997: schwéiert Zuchaccident zu Hollerech
- 6. November 2002: Fligeraccident bei Rued-Sir
- 19. Juli 2015: Groussbrand am „Cat-Club“ zu Hollerech[7]
Kasär
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1930[8] bis 2021 war d'Kasär vun de Stater Beruffspompjeeën op der Areler Strooss, just nieft dem Stade Josy Barthel an der Stad Lëtzebuerg.
Den 12. September 2021 sinn d'Beruffspompjeeën an engem Cortège an den neie Centre national d'incendie et de secours zu Gaasperech geplënnert.
Material an Ekipement
[änneren | Quelltext änneren]Enn 2017 haten d'Beruffspompjeeë follgend Gefierer:
11 Pompjeesgefierer
[änneren | Quelltext änneren]- 4 HLF2 (Pompel-Tankwon mat Rettungsekipementer)
- 2 ULF (Pompel-Tankwon mat enger a Pudder-Läschariichtung vu 750 kg a mat CO2)
- 1 TLFW (Pompel-Tankwon fir Allrad-Undriff)
- 2 DLK2 (Dréileeder vun 23 Meter mat Kuerf)
- 1 DLK3 (Dréileeder vun 30 Meter mat Kuerf)
- 1 RW2 (Gefier fir schwéier Rettungsasätz)
16 Speziell Gefierer
[änneren | Quelltext änneren]- 1 FWK2 (70-Tonnen Kran)
- 1 ELW2 (mobil Kommandozentral)
- 3 WLFA (Chassis-Kabinn, Container-Transportgefier)
- 1 AB-Gefahrgut (mobille Container fir cheemesch Interventiounen)
- 1 AB-Rüst (mobille Container fir schwéier Rettungsasätz)
- 1 AB-Schlauch (mobille Container mat 3000 Meter Schlauch mat engem Duerchmiesser vuin 110 mm)
- 1 AB-Umwelt (mobille Container fir Asaz bei Ëmweltschied duerch Kuelewaasserstoffer)
- 1 AB-Atemschutz (mobille Container fir Ootmungs Ënnerstëtzung)
- 1 AB-GSE (mobille Container fir d'Gestioun vun aussergewéinleche Situatiounen)
- 1 AB-MGV (mobille Container fir d'Belëftung)
- 1 AB-Rüstholz (mobille Container mat hëlze Stäipen)
- 1 AB-Schaum (mobille Container fir de Stockage an d'Verdeele vun 9.000 Liter Schaum)
- 1 AB-Wasser (mobille Container fir de Stockage an d'Verdeele vun 9.000 Liter Waasser fir d'Stroossen ze botzen)
- 1 AB-Pulver (mobille Container mat enger Pudder-Läsch Ariichtung vu 750 kg)
13 Ambulanzen
[änneren | Quelltext änneren]- 12 RTW Ambulanzen
- 1 IRTW Infektiouns-Ambulanz (Unité infectieuse vun der Administration des services de secours)
21 Transportgefierer
[änneren | Quelltext änneren]- 3 KDOW (Kommandoween)
- 2 ELW1 (Kommandoween)
- 7 DIW (Déngschtween)
- 5 MTW (Minibussen)
- 3 MZF (Camionnetten)
- 1 GW (Fourgonnette)
Ekipement
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]E puer Gefierer vun de Beruffspompjeeën
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pompjeesgefierer zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Erny Kirsch, Welche Zukunft für die Berufsfeuerwehr der Stadt Luxemburg?, an ons stad Nr. 90, 2009, S. 4-8
- Offiziell Websäit vun de Beruffspompjeeë Gemeng Lëtzebuerg
- Service d'incendie et d'ambulances: présentation du rapport d'activités 2017 op vdl.lu, der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg, gekuckt de 5. August 2018
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Welche Zukunft für die Berufsfeuerwehr der Stadt Luxemburg?, an ons stad Nr. 90, 2009, S. 4
- ↑ Die Kommandanten der Berufsfeuerwehr von 1922 bis 2009 an Ons stad, Nr 90/2009, S. 45
- ↑ Départ en retraite de M. Erny Kirsch op 112.lu, gekuckt den 3. Mee 2018
- ↑ D'Differenz vun 229 Asätz tëscht de 15.889 Asätz mat enger Ambulanz an de 16.118 Asätz déi am Tableau no de Plaze vun den Asätz opgelëscht sinn, kënnt doduerch, datt bei verschiddenen Asätz zwéi Patiente mat enger Ambulanz gefouert ginn, wat als een Ambulanzasaz awer zweemol als lieu d'intervention gezielt gëtt.
- ↑ Depliant Bienvenue au Ministère de la culture, Ministère ouvert vum Ministère de la culture (2011) S. 7
- ↑ 6,0 6,1 6,2 Pompierën an Industriën zu Lëtzebuerg (sic) op industrie.lu, fir d'lescht gekuckt de 5. August 2018
- ↑ Großbrand verwüstet Cat Club in Hollerich op lesssentiel.lu den 19. Juli 2015
- ↑ Jean-Paul Hoffmann Von der Autospritze zum Tanklöschfahrzeug an Ons stad, Nr 90/2009, S. 45