Op den Inhalt sprangen

Messier 103

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Collinder 14)
Date vum Messier 103
Den oppene Stärekoup Messier 103
Stärebild Cassiopeia (Cas)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 1h 33m 4s
Deklinatioun + 60° 39'
Ausgesinn
Klassifikatioun III,2,p (Trumpler)
,d (Shapley)
Visuell Magnitude +7,4m
Wénkelduerchmiesser 6'
Zuel vu Stären 172
Hellste Stär +10,5 mag
Physikalesch Daten
Distanz 46 Mio. Lj
Routverrécklung −6
Heliozentresch radial relativ Vitess (−40,4 ± 1,6)
Absolutten Duerchmiesser 15 Lj
Alter 9 Mio Joer
Geschicht
Entdecker Pierre Méchain
Entdeckungsjoer 1781
Katalogbezeechnungen
NGC  581, C  0129+604, OCl  326, Mel  8, Cr; 14, Lund; 46, GC  341, Raab; 4, OCISM; 75,

De Messier 103 (och als NGC 581 bezeechent) ass e +7,4 mag hellen oppene Stärekoup mat enger Wénkelausdehnung vu 6' am Stärebild Cassiopeia.

Well de Koup vun der Äerd aus gesinn um Mëllechstroosse-Band läit, ass d'Bestëmmung vu senger Distanz net ganz einfach an et bleiwen nach e puer Onsécherheeten. D'Distanz vum M 103 gëtt op ronn 8500 Liichtjoer geschat. En ass ongeféier 15 Liichtjoer grouss. Déi radial Relativvitess vum M 103 zu eisem Sonnesystem ass ronn −40 km/s. Den Alter vum M 103 gëtt no neie Berechnungen op zirka 25 Millioune Joer geschat. De Stärekoup gouf am Joer 1781 vum Pierre-François-André Méchain entdeckt.
Den hellsten an opfällegste Stär am Beräich vum M 103 ass de Struve 131 (HD 9311, SAO 11822), e Méifachstär mat enger Magnitude vu +7,3 mag a mat engem +10,5 mag helle Begleeder. Dobäi handelt et sech awer ëm e Stär dee virum M 103 steet, an net zum Stärekoup gehéiert. Déi hellst Stären déi zum M 103 gehéieren, erreechen eng Visuell Magnitude vun 10,5 mag.

De Messier 103 war de leschten Objet deen offiziell an de Messier-Katalog bäigesat gouf.

Portal Astronomie

Commons: Messier 103 – Biller, Videoen oder Audiodateien