Op den Inhalt sprangen

Departement Finistère

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Finistère (29)
Regioun Bretagne
Prefecture Quimper
Ënnerprefecture Brest
Châteaulin
Morlaix
Bevëlkerung 852 418 Aw.(1999)
Fläch 6 733 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 54
Gemengen 283

De Finistère (29) ass e franséischt Departement an der Regioun Bretagne. Op Bretonesch ass säin Numm Penn-ar-Bed

D'Departement gouf wéi déi aner 82 Departementer, wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790, an Applikatioun vum Gesetz vum 22. Dezember 1789, geschaf. Et setzt sech zesummen aus engem Deel vun der fréierer Provënz Bretagne.

Kaart vum Finistère

De Finistère ass dat westlechst Departement vu Frankräich, a grenzt am Norden, Westen, a Süden un den Äermelkanal an den Atlantik. Am Oste stéisst un d'Côtes d'Armor an de Morbihan.

D'Längt vu senger Küst ass 1.250 km, wat ongeféier engem Véirel vun der Küstelängt vu ganz Frankräich entstprécht. Den Deel vum Mier deen am Weste vum Finistère läit gëtt Mer d'Iroise genannt. Dozou gehéieren en ettlech Insele wéi Ouessant, den Archipel de Molène, d'Île de Sein, déi virun der Pointe du Raz leien, an am Süden den Archipel des Glénan.

De Finistère huet en temperéiert ozeanescht Klima, dat vum Nordatlantikstroum beaflosst gëtt. D'Wänter sinn am grousse Ganze mëll, an d'Summere si frësch. D'Reenperiode sinn iwwer d'ganzt Joer verdeelt, et reent awer méi am Hannerland, an op den Héichten, wéi op der Küst. De Frascht ass rar, awer mat Wand ass ëmmer ze rechnen.

Commons: Finistère – Biller, Videoen oder Audiodateien