Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg. Fir d'Stroossebréck, kuckt wgl. Bréck zu Waasserbëlleg. |
Geographie | |
---|---|
Land |
Lëtzebuerg Däitschland |
Plaz |
Waasserbëlleg Bëllegerbréck |
Flosskilometer | 0,040[1] |
Koordinaten |
49° 42’ 49.62’’ N 06° 30’ 24.24’’ O |
Chronologie | |
Baujoer | 1861 |
Zerstéiert | 14. September 1944 |
Rekonstruktioun | 1949 / 1950 |
Funktioun | |
Benotzt als | Eisebunnsbréck |
Gleiser | 2 |
Uschloss un |
CFL-Linn-3 Weststreck |
Féiert iwwer |
Sauer CR 134 |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Längt tëscht Widderlager | 84,00 m |
Felder/Béi | 2 |
Feldbreet(en) | 2 × 39,85 m |
Material | Arméierte Bëtong |
Bemierkungen | |
Bauhär |
Lëtzebuerg Rheinland-Pfalz |
Ënnerhalt |
CFL DB |
D'Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg ass eng Bréck iwwer d'Sauer op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Tréier. Op der Bréck um Kilometerpunkt 37,442 (L) huet déi lëtzebuergesch Linn Uschloss un déi däitsch Streck 693 fir op Tréier. Déi huet do hire Pk. 19,163.
Den Ënnerhalt deele sech d'CFL an d'DB.
D'Bréck vun 1861
[änneren | Quelltext änneren]De Bau vun der éischter Bréck war d'Folleg vun engem Kontrakt den 31. Mee 1859 zu Waasserbëlleg tëscht de Vertrieder vun den zwee Länner als Convention pour la jonction de la ligne de chemin de fer de Luxembourg à Trèves ënnerschriwwe gouf.
D'Bréck hat 4 flaach Béi mat Feldwäite vun 18,33 m. Si stoung op dräi Flosspilieren déi 3 Meter breet waren, a war domat am Ganzen 82,32 Meter laang.
Déi Bréck gouf de 14. September 1944 beim Réckzuch vun der Wehrmacht an d'Luucht gejot.
D'Noutbréck
[änneren | Quelltext änneren]Am Mäerz 1945 huet d'amerikanesch Arméi eng Noutbréck installéiert. Dobäi goufe Bailey-Elementer den héije Wee als Bréckepiliere benotzt. Et goufen zwéi Flosspilieren an zwéi Landpilieren opgeriicht an driwwer goufe Grey-Trägere geluecht.
Déi haiteg Bréck
[änneren | Quelltext änneren]Mat dem Bau vun der haiteger Bréck gouf 1948 ugefaangen. Déi gouf mat zwéi Béi gebaut, soudatt ee Piliersfëllement konnt bäibehale ginn. Fir datt den Eisebunnsbetrib konnt weiderlafen, gouf se an zwou Hallschenten der Längt no opgeriicht. Den Deel dee flossopwäerts steet gouf fir d'éischt gebaut, an de Verkéier ass do derlaanscht iwwer d'Noutbréck wiedergelaf. Den 22. November 1949 gouf déi éischt Hallschent a Betrib geholl an duerno d'Noutbréck ofgerappt. Nodeem den zweeten Deel fäerdeg war, gouf dat zweet Gleis den 3. Dezember 1950 a Betrib geholl.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Flosskilometeren an dër Këscht entspriechen deenen déi um Blat 22 vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenzkaart vun 1984 festgehale goufen.