Gemeng Ettelbréck
Gemeng Ettelbréck | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Ettelbruck de: Ettelbrück |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Dikrech |
Buergermeeschter | Bob Steichen (LSAP) |
Awunner | 9.965 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.518 ha |
Héicht | 264 m |
Koordinaten |
49° 50’ 47’’ N 06° 05’ 57’’ O |
LAU-Code | LU0605 |
Websäit | https://ettelbruck.lu/ |
D'Gemeng Ettelbréck ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech an ass se no der Uertschaft mam selwechten Numm benannt.
Ettelbréck bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad.
Uertschaften an der Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Ettelbréck
- Grenzen (Grentzingen)
- Waarken
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Ettelbréck läit op enger Héicht vun 199 Meter (NG-L). Duerch d'Uertschaft Ettelbréck fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Den déifste Punkt ass nieft Déifert am All op 191,5 m do wou d'Uelzecht an d'Sauer leeft.
Déi héchst Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbréck am Wald nieft dem CR345 op der Grenz mat der Gemeng Feelen tëscht dem Kräizwee an der Useldéngerfréin op enger Héicht vun 386 m.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Zu der Gemeng Ettelbréck hu bis den 30. Juni 1850 och nach follgend Uertschafte gehéiert: Schieren, Biertreng, Colmer Bréck, Matgeshaff, Schierenerhaff, Ierpeldeng, Angelduerf a Bierden. Den 1. Juli 1850 (Gesetz vum 22. Januar 1850) goufen d'Gemenge Schieren an Ierpeldeng geschaaft.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]{{{1}}}
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: Écartelé: aux I et IV les armoiries nationales, aux II et III d'azur à un pont d'or sur une eau d'azur, en chef un caducée et deux gerbes de blé d'or, liées de gueules. |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun Ettelbréck gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 5 | 3 | 1 | 4 |
2005 | 6 | 1 | 1 | 5 |
2011 | 5 | 2 | 2 | 4 |
2017 | 5 | 2 | 2 | 4 |
2023 | 5 | 2 | 1 | 5 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1836 - 1841: Guillaume Herckmans
- 1845 - 1848: Pierre Schmit
- 1851 - 1854: Jean-Pierre Salentiny[2]
- 1855 - 1874: Jean-Pierre Schmit
- 1874 - 1878: Théodore Mongenast
- 1879 - 1888: Gustave de Marie
- 1888 - 1905: Emil Salentiny
- 1905[3] - 1914: Gustave de Marie
- 1915: Nicolas Pierre Kunnen
- 1915 - 1934: Lucien Salentiny
- 1935 - 1937: Michel Weber
- 1937 - 1939: Albert Cloos
- 1939 - 1941: Jean-Pierre Thill
- 1945 - 1950: Jean-Pierre Thill
- 1950 - 1957: Marcel Wiser
- 1958 - 1967: Léon Mischo
- 1967 - 1975: Eugène Simon
- 1976 - 1998: Edouard Juncker
- 1998 - 2003: Pierre Kraus
- 2003 - 2023: Jean-Paul Schaaf
- zanter 2023: Bob Steichen[4]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Flies, Joseph: Ettelbrück, die Geschichte einer Landschaft, 2274 Säiten, 1970, Imprimerie Saint-Paul
- 100 Joer Ettelbréck, Bäilag vum Wort vum 6. Juni 2007, 36 S.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Ettelbréck ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Ettelbréck
- Stadhaus Ettelbréck
- Gare Ettelbréck
- Kierch Ettelbréck
- Nordstad
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Ettelbréck
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Ettelbréck
- D'Gemeng Ettelbréck op der Websäit vum Syvicol
- Fotoe vun Ettelbréck
- Säit vun der Ettelbrécker Musek
- Gesetz iwwer d'Enstoe vun de Gemenge Schieren an Ierpeldeng Loi du 22 janvier 1850,qui érige deux nouvelles communes, l'une sous le nom de Schieren et l'autre sous le nom d'Erpeldange
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Memorial N° 11 vun 1851 mam Arrêté royal grand-ducal du 21 janvier 1851, N° 59, portant nomination d'un bourgmestre.
- ↑ Memorial A - N° 12 / 15 mars 1905.
- ↑ Bob Steichen übernimmt in Ettelbrück das Bürgermeisteramt." wort.lu [w+], 12.06.2023.