Gemeng Ettelbréck

Vu Wikipedia
Gemeng Ettelbréck
An anere Sproochen fr: Ettelbruck
de: Ettelbrück
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Dikrech
Buergermeeschter Bob Steichen (LSAP)
Awunner 9.688
  1. Januar 2023
Fläch 1.518 ha
Héicht 264 m
Koordinaten 49° 50’ 47’’ N
      06° 05’ 57’’ O
LAU-Code LU0605
Websäit https://ettelbruck.lu/
Kierch

D'Gemeng Ettelbréck ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech an ass se no der Uertschaft mam selwechten Numm benannt.

Ettelbréck bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad.

Uertschaften an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ettelbréck läit op enger Héicht vun 199 Meter (NG-L). Duerch d'Uertschaft Ettelbréck fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Den déifste Punkt ass nieft Déifert am All op 191,5 m do wou d'Uelzecht an d'Sauer leeft.

Déi héchst Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbréck am Wald nieft dem CR345 op der Grenz mat der Gemeng Feelen tëscht dem Kräizwee an der Useldéngerfréin op enger Héicht vun 386 m.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zu der Gemeng Ettelbréck hu bis den 30. Juni 1850 och nach follgend Uertschafte gehéiert: Schieren, Biertreng, Colmer Bréck, Matgeshaff, Schierenerhaff, Ierpeldeng, Angelduerf a Bierden. Den 1. Juli 1850 (Gesetz vum 22. Januar 1850) goufen d'Gemenge Schieren an Ierpeldeng geschaaft.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

{{{1}}}

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

Écartelé: aux I et IV les armoiries nationales, aux II et III d'azur à un pont d'or sur une eau d'azur, en chef un caducée et deux gerbes de blé d'or, liées de gueules.
A.M. 24. Mäerz 1953 - Mémorial 1953, Säit 327

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun Ettelbréck gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 5 3 1 4
2005 6 1 1 5
2011 5 2 2 4
2017 5 2 2 4
2023 5 2 1 5

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flies, Joseph: Ettelbrück, die Geschichte einer Landschaft, 2274 Säiten, 1970, Imprimerie Saint-Paul
  • 100 Joer Ettelbréck, Bäilag vum Wort vum 6. Juni 2007, 36 S.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Ettelbréck ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Memorial N° 11 vun 1851 mam Arrêté royal grand-ducal du 21 janvier 1851, N° 59, portant nomination d'un bourgmestre.
  3. Memorial A - N° 12 / 15 mars 1905.
  4. Bob Steichen übernimmt in Ettelbrück das Bürgermeisteramt." wort.lu [w+], 12.06.2023.