Versioun vum 16:14, 30. Dez. 2019 vum Zinneke(Diskussioun | Kontributiounen)('R' ewech, fir dëst Joer eng aner Serie vun Teaseren ze hunn wéi d'lescht Joer).
Mars Science Laboratory (kuerz MSL) ass eng NASA-Missioun, déi als Zil huet, de Mars z'erfuerschen, ob a wéi wäit een en als Biosphär benotze kéint. Dofir gouf op senger Surface e Rover mam Numm Curiosity (engl. fir Virwëtz) ausgesat, dee praktesch autonom schaffe kann. En ass mat zéng Instrumenter ekipéiert, fir ë. a. Gestengs, Atmosphär a Stralung z'analyséieren. Nieft Spektrographe kommen och Kameraen a meteorologesch Instrumenter zum Asaz. D'Donnéeë ginn op d'Äerd gefunkt. De Curiosity huet eng Mass vu knapps 900 kg an d'Gréisst vun engem klengen Auto; et ass dee bis ewell gréissten Objet, deen d'Mënschen op der Marsuewerfläch deposéiert hunn.
… de Sender 1212 e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als "schwaarz Propaganda" nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?
... d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?