Lëtzebuerg op de Weltausstellungen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Gëlle Fra virum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010.

Lëtzebuerg huet bis ewell 24-mol op Weltausstellunge matgemaach:

2025 ass et och op der Expo 2025 zu Osaka mat dobei.

Déi eenzel Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

...[änneren | Quelltext änneren]

Bréissel 1935[änneren | Quelltext änneren]

Op der Bréisseler Weltausstellung hat Lëtzebuerg en Terrain vun 2800 m², wouvun der 2100 bebaut waren. De Pavillon war vun den Architekte Georges Traus a Michel Wolff entworf ginn. E war am Art Deco-Stil; hat seng Entrée op engem Eck, driwwer war eng grouss Betongs-Marquise mam Numm vum Land, a laanscht d'Säite waren 2 Reliefer vum Auguste Trémont, déi d'Industrie an d'Landwirtschaft weisen.

An der Entréeshal stoung eng Büst vun der Groussherzogin Charlotte an dekorativ Vasen aus de Siweburer Parzeläinsfabrek. Vun do goung et no lénks a riets a Raim fir touristesch Informatiounen, ë. a. iwwer d'Stad Lëtzebuerg a Munneref-Bad. Am Haaptsall hunn d'Stolkonzerner Arbed, Hadir a Paul Wurth S.A. zentral sech an hir Produkter virgestallt, laanscht d'Säitemauere ware Vitrinne fir d'Mëttel- a Klengindustrie.

Iwwert eng Terrass koum een an e Pavillon mat enger Buvette dran. Op dësem Pavillon waren zwéi Reliefer, ee vum Léon Nosbusch, op deem d'Wäilies op der Musel ze gesi war, an ee vum Louiz iwwer d'Brauerei.[1]

Paräis 1937[änneren | Quelltext änneren]

Op der Weltausstellung 1937 zu Paräis war de Lëtzebuerger Pavillon vum Architekt Nicolas Schmit-Noesen. Den Terrain ronderëm war vum Landschaftsarchitekt Henri Luja entworf. Op der Baussefassad vum Pavillon war e grousse Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg, dee vum Pierre Blanc entworf a vun de Sculpteuren Aloyse Deitz, Ernest Grosber, Albert Kratzenberg a Léon Nosbusch ausgefouert gouf. Laanscht d'Entrée ware Bas-Reliefe vu Grouwen- a Stolaarbechter vum Auguste Trémont a Lucien Wercollier.[2]

Bannenan, an der Éierenhal, houng en iwwermaansgrousse Portrait vun der Groussherzogin Charlotte, op gëllenem Hannergrond, gemoolt vum Hubert-Denis Etcheverry. Lénks a riets dovu ware Wopen, aus Kermaik, vun der Gréifin Ermesinde a vum Jang de Blannen. Uewe laanscht d'Mauere ware Wandmolereie vu verschiddene Buerge aus dem Land, gemoolt vum Paul Jouve, souwéi den Tableau vun der Eruewerung vun der Festung Lëtzebuerg duerch de Louis XIV., vum Adam Frans van der Meulen. Och Skulpture vum Michel Haagen waren do ze gesinn.[2]

An der Austellungshal war an der Mëtt eng grouss Maquette vun 20 op 4,5 Meter vum Industriebaseng am Minett. Ronderëm ware Vitrinnen, an deene Stied, Schoulen a Firmen sech an hir Produkten, respektiv Aktivitéiten, virgestallt hunn, wéi z. B. d'Gierwerei Ideal vu Wolz, Villeroy & Boch, d'Stater Handwierkerschoul, Radio Lëtzebuerg, d'Polverfabrek op der Kochelscheier, Paul Wurth S.A., d'Sozialversecherungen, d'Stad Lëtzebuerg an d'Thermalbad Munneref. Ausserdeem houngen uewendriwwer Biller vum Joseph Kutter (Luxembourg, Clervaux), Henri Rabinger (Terres Rouges[3]) a Lucien Simon (Procession dansante, La Moselle a La Sûre).[2]

Am Restaurant-Fligel war uewe ronderëm e Fries mat Molereie vum Jean-Pierre Lamboray, Josy Meyers, Félix Glatz a Jean Schaack.[2]

De Léon Laval war Generalkommissär fir d'Ausstellung.[4]

New York 1939[änneren | Quelltext änneren]

Well keng lëtzebuergesch Entreprisë fonnt goufen, déi op der New Yorker Weltausstellung matmaache wollten, stoung dëse Pavillon ganz am Zeeche vum Tourismus an der Konscht. De Pavillon war dem Staat vun den Organisateuren zur Verfügung gestallt ginn.[5]

D'Entréeshal war mat enger grousser Fotomontage vun der Simone Lutgen dekoréiert, mat Zeene vun amerikaneschen Zaldoten, déi nom Éischte Weltkrich zu Lêtzebuerg waren, a vu Schmelzaarbechter. Fir d'Haapthal haten de Jean Schaack an den Henri Rabinger en 20 x 12 Meter grousst Monumentalbild gemoolt, op deem, "in unsagbar wuchtigen Strichen", wéi d' Wort schrouf, déi dräi Haaptlandschaften - Minett mat senge Grouwen a Schmelzen, d'Stad Lëtzebuerg mat hire Brécken an d'Éislek mat senge Buergen a Bëscher - allegoresch aneneen iwwerginn. Op de Mauere lénks a riets dovu waren op där enger Säit Landschaftsbiller vum Schaack a vum Rabinger, a vum Jean-Pierre Lamboray, Félix Glatz, Jean-Pierre Calteux a Jean-Pierre Beckius, op där anerer Säit gouf d'Geschicht vum Land unhand vun enger Zort Pressessioun vu mëttelalterlechen an neizäitlechen Herrscher op enger Zeenographie vun 120 m² am Stil vu mëttelalterlecher Molerei oder vu Kierchefënstere gewisen, déi vum Émile Probst, Joseph Meyers a Pierre Blanc realiséiert gi war. Déi véiert Mauer hat eng grouss Landkaart, op där Industrieprodukter, a wou se hier koumen, gemoolt waren, an och nach e puer Tableaue mat Landschaftsbiller. D'Landkaart war vum Theo Kerg, Jean Thill a Victor Jungblut gemoolt ginn. Ausserdeem stoungen do 4 Meter héich gosse Figuren, déi d'Stolindustrie (e Gossaarbechter vum Albert Kratzenberg), d'Handwierk (Claus Cito), d'Landwirtschaft (Lucien Wercollier) an de Wäibau (e Wënzer vum Michel Jungblut) symboliséiern. An der Mëtt vum Sall ware fer-forgés Vitrinnen, déi vum Michel Haagen a vum Marcel Langsam realiséiert goufen, an an deene Parzeläi vun de Siwebueren ausgestallt war. Den Atelier Linster hat faarweg Fënstere geliwwert. Baussen op der Fassad war e 6 Meter grousse Wope mam roude Léiw, deen nuets beliicht war, an et stoung eng 4 Meter héich Statu vum Auguste Trémont virun der Entrée, déi d'Stad Lëtzebuerg symboliséiert huet.[5],[6]

Stand vun RTL am Lëtzebuerger Pavillon op der Expo58 zu Bréissel.

Expo '58 zu Bréissel[änneren | Quelltext änneren]

...

Expo '92 zu Sevilla[änneren | Quelltext änneren]

Op der Expo '92 zu Sevilla war Lëtzebuerg mat engem Pavillon vun den Architekte Paul Fritsch a Bohdan Paczowski vertrueden, déi ënner 17 Kandidaten erausgewielt goufen.[7] E stoung op enger 1000 m2 grousser Parzell, a war vun der Struktur hier en 20 Meter héije Wierfel aus 260 Tonne stolen Dunnen an aus Glas. Bannena goufen d'Visiterue mat engem Panoramalift bis ënnert den Daach gefouert, vu wou et dann op enger spiralfërmeger Ramp, ronderëm eng grouss Kugel an der Mëtt, no ënne goung. Laanscht d'Ramp goufe mat Videoclippen, Biller- an Tounprojektiounen eng "Rees duerch Raum an Zäit" ugebueden, déi vum Paräisser Büro La Grande Halle konzipéiert gi war, no engem Szenario vum belsche Comicauteur François Schuiten. Sou waren z. B. Seegelen ze gesinn op deene Biller iwwer d'Iechternacher Buchmolerei projezéiert goufen; eng Maquette vum Kolpecher Schlass mat Informatiounen iwwer de Frëndeskrees ëm d'Famill Mayrisch, Portraite vu Leit vu Lëtzebuerg, eng Bëschlandschaft an e Stolwierk. Och RTL/CLT an SES Astra} hu fir sech Reklamm gemaach; déi 20 Clippen iwwer ë. a. Politik, de Staatschef, Landschaften a Kultur goufe vun RTL produzéiert. D'ABBL hirersäits huet e Computerspill ugebueden, wou ee fiktiv Sue konnt investéieren an dann nokucken, wéi déi sech entwéckelt hunn.

25 jonk Leit ware rekrutéiert gi fir wann néideg Explikatiounen ze ginn. Ausserdeem gouf et eng Cafeteria mat Lëtzebuerger Spezialitéiten, e Business Corner an e Pressebüro.

Generalkommissär fir d'Lëtzebuerger Presenz op der Expo war de Jean Hamilius.

Expo 2000 zu Hannover[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2000 zu Hannover ass vum Christian Bauer entworf ginn. Generalkommissär fir Lëtzebuerg war de Johny Lahure.

De Pavillon zu Shanghai

Expo 2010 Shanghai[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg war op der Expo 2010 zu Shanghai mat engem Pavillon vertrueden, dee vun Hermann & Valentiny entworf gi war. Fir d'Expo gouf d'Gëlle Fra op Shanghai transportéiert a virum Pavillon ausgestallt. 7,2 Millioune Leit haten deemools de Pavillon besicht. De Pavillon gouf "dem chineesesche Vollek" geschenkt, well et ze deier gi wier, en ewechzetransportéieren. Eng Zäitche war eng Mouddesign-Schoul an e Virtual-Reality-Labo dran; wou en haut drun ass, ass net bekannt.[8]

De Robert Goebbels war de Generalkommissär vun der lëtzebuergescher Bedeelegung un der Ausstellung.

Expo 2020 Dubai[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Participatioun op der Weltausstellung zu Dubai 2020 sinn 32 Milliounen Euro (ursprénglech geplangt: 25 Milliounen) virgesinn. Dovu ginn der jee 2,5 Millioune vun der Post Luxembourg an SES Astra bäigedroen, ArcelorMittal spendéiert fir eng hallef Millioun Euro Stol, d'Firme Cargolux (Frêt) an RAK Porcelain (Dëschgeschier) droe mat enger Mëschung aus Suen a Sachleeschtunge bäi, iwwerdeems d'Firme Guardian (Glas) an MCM Steel Sachleeschtunge bréngen. 5,8 Milliounen Euro sinn nach vum Budget vun der Expo zu Shanghai 2010 Rescht. Designéierten Direkter fir de Pavillon ass den Daniel Sahr.[8]

E groussen Deel dovu si fir e Pavillon, dee vun Nüssli Adunic gebaut gouf. De Pavillon gëtt nom Oflaf vun der Expo ofgerappt, well en Of- an Erëmopbau ze vill deier gi wier. E gouf vu Metaform entworf an huet d'Form vun enger grousser Möbiusschleef[9], op där hiren 3.648 Quadratmeter Surface, op 3 Stäck, maximal 500 Leit Plaz fannen. Den däitsche Büro Jangled Nerves ass fir d'Präsentatioun vum Land responsabel. Nieft der Ausstellung gëtt et e Konferenzsall fir 80 Leit.[8]

Generalkommissarin fir d'Lëtzebuerger Participatioun op der Expo 2020 war d'Maggy Nagel.

2025 Osaka[änneren | Quelltext änneren]

D'Weltexpo 2025 zu Osaka gëtt vum 13. Abrëll bis den 13. Oktober 2025 op der kënschtlecher Insel Yumeshima organiséiert. Si steet ënnert dem Theema "D'Gesellschaft vun der Zukunft gestalten, sech eist Liewen vu muer virstellen". De Lëtzebuerger Pavillon soll ënnert dem Slogan "Doki Doki - The Luxembourg Heartbeat" stoen. E gouf no nohaltege Krittäre vum Architekte-Bureau Steinmetz-Demeyer entworf. Genee wéi zu Shanghai an Dubai gouf och dës Kéier nees e Groupement d'intéret économique gegrënnt, dee mat enger Budgetsenveloppe vun 30 Milliounen Euro dotéiert ass. Den André Hansen ass Commissaire général fir de Lëtzebuerger Pavillon.[10]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Luc Mousset: "Un petit parmi les grands. Le Luxembourg aux Expositions universelles, de Londres à Shanghai (1851-2010)." d'Lëtzebuerger Lnd Nr.42, 16. Oktober 2009, S.17-18.
  • Jean-Luc Mousset … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Musée national d'histoire et d'art Luxembourg, 13 mai - 5 septembre 2010. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), ISBN 978-2-87985-101-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. A-Z Luxemburger Illustrierte 1935, Fascicule 22, S.6-9 a Fascicule 23, S.3-7.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 "Der Luxemburger Pavillon auf der internationalen Ausstellung in Paris." A-Z Luxemburger Illustrierte 1937, Fascicule 32, S.4-5.
  3. Terres Rouges ass eng Monumentaltoile (4 × 6,3 m), déi, nodeems s'iwwer Joerzéngten um Späicher vum Escher Jongelycée an engem Eck louch, an no enger Restauratioun mat groussem Opwand an den 1990er Joren, haut an der Kantin vun där Schoul hänkt.
  4. "Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung." In: Luxemburger Wort Nr. 165, 14. Juni 1937 (Link).
  5. 5,0 5,1 "Luxemburg auf der Weltausstellung in New York." in: Luxemburger Wort Nr.166 vum 16. Juni 1939, S.3.
  6. "Luxemburg auf der Grossen Internationalen Weltausstellung in New York." In: A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift Fascicule 16, Säit 10an 11
  7. Quell vum Kapitel, wou net anescht uginn: Rob Kieffer: "Fiesta Sevillana: Luxemburgs Beteiligung an der Weltausstellung in Sevilla." in: Voilà Luxembourg, April 1992, Nr.4, S.6-13.
  8. 8,0 8,1 8,2 Michèle Sinner: "32 Milliounen Euro an de Sand." d'Lëtzebuerger Land Nr. , 28. Juni 2019, S. (och op land.lu).
  9. "Luxembourg Pavilion at Dubai Expo2020 Dubai, UAE" op metaform.lu.
  10. Weltexpo 2025 zu Osaka: Lëtzebuerger Pavillon ënnert dem Slogan "en Häerz, dat freedeg schléit". rtl.lu, 20.10.2023.