Marco Schank

Vu Wikipedia
Marco Schank
Gebuer 10. Oktober 1954
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Marco Schank, gebuer den 10. Oktober 1954 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker an Auteur vu Bicher iwwer Gaardebau a vu Kriminalromanen.

National Politik

1989 war hien eng éischt Kéier Kandidat bei de Chamberwalen. Op der Lëscht vun den Ekologisten fir den Norden hat hien déi meescht Stëmmen, et ass awer net duergaange fir e Sëtz an der Chamber ze kréien.

1994 ass hie Member vun der CSV ginn, vun där hien tëscht 2006 an 2009 Generalsekretär war.

Den 2. Februar 1999 ass hie fir de verstuerwenen Édouard Juncker an d'Chamber nogeréckelt a gouf zanterhier all Kéier als Deputéierte fir de Walbezierk Norden erëmgewielt.

Vun 2009 bis 2013 war de Marco Schank Minister fir Wunnengsbau an Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung an der Regierung Juncker-Asselborn II, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ervirgaange war.

Zënter de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien nees Deputéierten. Hie gouf bei deene vum 14. Oktober 2018 erëmgewielt.[1]

Gemengepolitik

Nodeem de Marco Schank bei de Gemengewale vum 10. Oktober 1981 eng éischt Kéier gewielt gouf, koum hien an den Heischter Gemengerot. Hie war vum 1. Januar 1982 bis 2009 do Member, dobäi zanter dem 1. Januar 1994 als Buergermeeschter.

Als Resultat vun de Gemengewalen 2017 gouf hien den 8. November 2017 zum Buergermeeschter vun der Gemeng Esch-Sauer ernannt.

Aner Aktivitéiten

Hie war bis 2009 President vum interkommunale Syndikat Naturpark Öewersauer.

Vun 2000 bis 2009 war hie President vum Office national du tourisme.

Hien ass bestuet mat der Edmée Bisdorff a Papp vun dräi Kanner.

Publikatiounen

Theaterstécker

  • Däiwelskapp - d'Wonnermeedche vun Eschdöerf. Theaterstéck an 3 Akten. 62 S. Op der Lay n°158. 2009. ISBN 978-2-87967-163-5.
  • De Lederbarong - Di opstännisch Geerwer voa Wooltz. Theaterstéck an 2 Akten. 80 S. Op der Lay n°164. 2011. ISBN 978-2-87967-174-1.
  • Stol a Goss. Theaterstéck an 3 Akten. 72 S. Op der Lay n°172. 2013. ISBN 978-2-87967-187-1.

Kriminalromaner

  • Die Schalen des Zorns. Op der Lay n°119. 1996. 2. Oplo 1998. 3. Oplo 2001. 4. Oplo 2004. ISBN 2-87967-044-6.
  • Die Stunde der Ernte. Op der Lay n°123. 1998. 2. Oplo 2000. 3. Oplo 2003. ISBN 2-87967-058-6.
  • Das Vermächtnis des Propheten. 272 S. Op der Lay n°130. 2001. 2. Oplo 2003. ISBN 2-87967-087-X.
  • Todesengel. Kriminalgeschichten aus Luxemburg.. 136 S. 2011. Op der Lay n°168. ISBN 978-2-87967-179-6

Fäll fir de Kommissär Mathieu

Gielercher

Literatur

Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofolger
Jean-Louis Schiltz 2006 - 2009 Marc Spautz

Referenzen

  1. elections.lu.
  2. Compte rendu des séances publiques N° 13 – Session ordinaire 2004-2005 op der Websäit vun der Chamber