Place de Bruxelles (Stad Lëtzebuerg)
Ausgesinn
Numm |
lb: Bréisseler Plaz (Beim Pôle Nord) fr: Place de Bruxelles |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Koordinaten |
49° 36’ 34.2’’ N 06° 07’ 34.4’’ O |
Genannt no | Bréissel |
D'Bréisseler Plaz (offiziell: Place de Bruxelles) ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Den Odonym bezitt sech am Fong op d'Kräizung op där de Boulevard Royal, de Boulevard Roosevelt, d'Nei Bréck an d'Avenue Marie-Thérèse openee stoussen. Am Volleksmond gëtt fir d'Plaz och dacks "Beim Pôle Nord" gesot, als Referenz un de fréieren Theater- a Festsall mam selwechten Numm.
Um südwestlechen Eck vun der Plaz steet eng Maark vun der Voie de la Liberté fir un d'Befreiung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich duerch amerikanesch Zaldoten z'erënneren.
Op der Bréisseler Plaz gouf de 5. Juli 1951 déi éischt Verkéiersluucht am Land a Betrib geholl.[1]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Vun der Bréisseler Plaz op d'Nei Bréck gekuckt (1971)
-
2016 wéi d'Nei Bréck wéinst Renovatiounsaarbechte gespaart war
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Place de Bruxelles (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Rotlichtmilieu." wort.lu, 24.12.2018.