Waassertuerm (Tramshalt)
De Tram fiert aus der Halt Waassertuerm a Richtung Luxexpo eraus | |
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 7. Juli 2024 |
genannt no | Waassertuerm op der Cloche d'Or |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Gaasperech |
Koordinaten | 49°34'45,55"N, 6°7'13,55"O, 49°34'49,66"N, 6°7'14,88"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Lycée Vauban, Stadion |
Waassertuerm ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 7. Juli 2024 opgaangen ass.
Lag vun der Statioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun läit um Boulevard de Kockelscheuer am Quartier Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Lycée Vauban am Norden a Stadion am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel - Luxembourg Airport (vu Mäerz 2025 un) |
Lycée Vauban | Waassertuerm | Stadion | Stadion |
D'Statioun läit direkt beim Waassertuerm vun der Cloche d'or, no deem s'och genannt ass.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai. Et ass déi eenzeg Statioun wou déi zwéi Quaien net géintiwwer vunenee leien, mä versat sinn. De Quai a Richtung Luxexpo läit nërdlech vun der Kräizung Rue Émile Bian / Rue Isaac Newton, iwwerdeems deen a Richtung Stadion südlech vun der Kräizung läit. S'ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert a fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
D'Statioun huet een Uschloss op AVL-Buslinnen (Halt: Gasperich, Waassertuerm).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Tramshalt a Richtung Stadion
-
Den Tram fiert a Richtung Lycée Vauban
-
D'Tramshalt mam Waassertuerm am Hannergrond
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
[änneren | Quelltext änneren]-
De Stater Waassertuerm op der Cloche d'or
-
d'Crystal Park-Gebai vu PWC
-
de Fouss- a Vëloswee Couloir écologique laanscht den Niewenaarm vun der Drosbech
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Waassertuerm (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |