Op den Inhalt sprangen

Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis

Vu Wikipedia

An dësem Artikel geet et ëm d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis.

Mat deenen éischte Publikatiounen op Lëtzebuergesch huet sech vum selwen d'Fro vun der Orthographie vum Lëtzebuergesche gestallt.

Schonn den Antoine Meyer, deen als éischte Lëtzebuerger Literat gëllt, hat am "Virwuurt"[1] vu sengem 1829 publizéierten E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus erkläert, wéi d'Lëtzebuergescht ze schreiwe wier. Genee wéi hien hu sech spéiderhin den Dicks, de Michel Lentz an de Michel Rodange hir perséinlech Orthographie op Mooss geschneidert. Heibäi ass besonnesch den Dicks mat sengem Versuch über die Orthographie der luxemburger deutschen Mundart z'ernimmen[2].

Orthographie vum Wörterbuch der luxemburgischen Mundart (1906)

[änneren | Quelltext änneren]

D'Kommissioun, déi d'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart zesummegestallt huet, war sech dëser Lacune bewosst an huet eng eegen Orthographie ausgeschafft, déi, sou ass tëscht den Zeile vum Virwuert erauszeliesen, mat vill Krämpes entstanen ass. Se gëtt am selwechte Virwuert explizéiert.

Charakteristesch ass ë. a., datt bei den Diphthongen den zweete Laut méi kleng an no uewe versat geschriwwe gëtt (Kou, speit, liewen, lues) an de "sch" als "š" transkribéiert gëtt. Laang Vokaler gi mam Circonflexe markéiert (lâfen, môlen).

Orthographie Welter-Engelmann (1910)

[änneren | Quelltext änneren]

Den Nikolaus Welter a René Engelmann hunn 1910 eng weider, vereinfacht, Rechtschreiwung zesummegestallt. An der Sproochfuerschung ass si ënner der Bezeechnung Orthographie Welter-Engelmann bekannt. Si huet am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum vum Nikolas Welter eng dräi an eng hallef DIN A5-Säite ageholl[3]. Do fanne mer och diakritesch Zeechen erëm, déi mer vun Dicks-Lentz-Rodange hier kennen, wéi z. B. den Hittche fir e laange Vokal ze markéieren, oder den Apostroph fir en Diphtong: Dûscht, Zâng, respektiv Le’w, wo'er.

Dës Schreifweis behandelt och schonn, wéi déi vun haut, den “e” respektiv den “ee”, anescht wéi déi aner Vokalen “i”, “u”, “o” an “a”.

  • Ben awer hêschen (haut: Been, heeschen), mä frech, frësch, Fräsch (wéi haut).

OLO - Offiziell Lëtzebuerger Orthographie (1946)

[änneren | Quelltext änneren]
Textbeispill an der OLO: Dem Jabo seng Kaap.

An engem verständlechen Iwwerschwang vun Nationalismus gouf nom Zweete Weltkrich duerch en Arrêté ministériel vum 5. Juni 1946 eng nei Orthographie ënner dem Kierzel OLO propagéiert. OLO steet fir Offiziell Lëtzebuerger Orthographie, an hir geeschteg Pappe waren den deemolegen Erzéiungsminister Nicolas Margue an de Professer Jean Feltes.

Dës Schreifweis op reng phoneetescher Basis (lezebuejer shreftshproogh, èèshteméch, metvogh, samshdéch, désharsh, mèrssi) huet bei de Leit, déi un dat an der Schoul geléierten däitscht Wuertbild gewinnt waren, keng Akzeptanz fonnt. Et gouf just e puer wéineg Publikatiounen, an deene se gebraucht gouf, a kee Schoulbuch, dat s'opgegraff hätt, obwuel se bis 1975 déi eenzeg "richteg" war.

Schonns deen éischte Volume vum Luxemburger Wörterbuch, deen 1950 erauskoum, war op enger neier Schreifweis opgebaut.

Orthographie vun der Dictionnaireskommissioun (1935-1975)

[änneren | Quelltext änneren]
- Welter-Engelmann oder Bruch?
- Jo!

Am Kader vun der Section de linguistique de folklore et de toponymie vum Institut grand-ducal gouf 1935 eng Dictionnaireskommissioun ernannt, déi ënner dem Professer Joseph Tockert vun 1935 bis 1939 d'Viraarbechte fir d'Luxemburger Wörterbuch geleescht huet, déi duerch den Amarsch vun Nazi-Däitschland ënnerbrach goufen. D'Kommissioun ass 1948 nei operstanen a gouf nom Doud vun hirem President, dem Joseph Tockert, den 19. Februar 1950, vun der Hélène Palgen weidergefouert a presidéiert.

Vun 1948 u louch d'Sekretariat an den Hänn vum Professer Robert Bruch. Seng jorelaang Fuerschungsaarbecht gouf 1955 vun der Sprooch-Sektioun vum Institut grand-ducal ënner dem Titel Précis de Grammaire Luxembourgeoise publizéiert. Si huet duerno d'Fëllement fir déi zwanzegjäreg Aarbecht vun der Dictionnaireskommissioun duergestallt a war och d'Basis fir den Arrêté ministériel vum 10. Oktober 1975[4], deen d'Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch - op der Basis vun der däitscher Rechtschreiwung - festgeluecht huet.

Orthographie-Reform vun 1999

[änneren | Quelltext änneren]

An der Reform duerch dat groussherzoglecht Reglement vum 30. Juli 1999[5] goufen e puer Detailer an der Orthographie vum Robert Bruch geännert. Virun allem goung et drëms, all deem Rechnung ze droen, wat sech haut als Ufuerderung un d'Lëtzebuergescht riicht; eng Sprooch, déi jo bekanntlecherweis ëmmer méi an däitsch, franséisch, englesch an aner Wuertschätz glanne geet.

Déi wichtegst Ännerungen:

[änneren | Quelltext änneren]
  • Den “ee” ënnerscheet sech vum “e” doduerch, datt en an de lëtzebuergesche Wierder ëmmer “ee” geschriwwe gëtt, och wann hannendrun nëmmen ee Konsonant kënnt.
Leeder, Keelen
  • Den “é” an den “ë” ginn nëmme méi a betounte Silbe mat hiren diakriteschen Zeeche geschriwwen:
Sprénkeng, Rëmeleng
Bei den Ausnamen ouni diakritesch Zeeche koume bäi:
meng, deng, seng an net
  • D'Duebelschreiwung vun de Vokalen an Ëmlauter virun engem “r” gëtt ersat duerch den einfache Vokal oder Ëmlaut a Kombinatioun mam Rëtschvokal “e”
Kierch, Tuerm, Päerd
  • a) De Rëtschvokal “e” kritt nëmme méi en Treema wann e virun oder hanner engem aneren “e” steet:
Joer, Suen, Aen     awer: leeën, Jeeër, agëengt, gëeegent
b) De Rëtschvokal gëtt a Wierder mat “i” oder “u” virum “r” nëmme geschriwwen, wann de Vokal virdrun net identesch mam Vokal am däitsche Wuert ass:
dir/Dier; mir/Mier, Bir/Bier, Bur/Buer;     Ausnamen: fir/vir
c) Den däitsche laangen “ie” virun “r” gëtt ëmmer bäibehalen:
Regierung, Nieren, Schmier
  • De kuerzen däitschen “ö” gëtt ouni Ausnam “ë” geschriwwen (dat ass eigentlech net nei):
ëffentlech, ëstlech, fërmlech, nërdlech
  • De laangen däitschen “ö” gëtt awer bäibehalen:
blöd, Föhn, Ökonomie
  • Den donkelen oder franséische “j”, deen duerch d'Schreifweis “jh” markéiert war, gëtt einfach “j” geschriwwen:
Jumm, jicken, Jemp
  • Den duebele Konsonant no kuerzem Vokal am Wuertstamm bleift erhalen, och wann en drëtte Konsonant derbäikënnt:
gëllen/et gëllt; Allerhellegen/Allerhellgen
  • Verben
    • a) D'Verbe konjugéiere sech nom lëtzebuergeschen an net nom däitschen Infinitiv:
finden/fannen - du fënns; fallen/falen - du fäls;
  • b) D'Verben: sinn, hunn, ginn, goen, stoen an doen, ginn net méi als Ausnam behandelt, mä schreiwe sech wéi all déi aner Verben no der allgemenger Reegel “an enger betounter Silb steet en duebele Konsonant no kuerzem Vokal”:
ech sinn, du bass, hien ass, ech hunn, dir hutt, dir gitt, gëff... asw.;
  • c) Bei de Konsonantekoppele w/f an d/t gëtt, wann d'Aussprooch stëmmlos ass, ëmmer f an t geschriwwen, egal wat fir e Konsonant an der Wuertwuerzel steet (anescht wéi déi allgemeng Reegel).
  • w/f: schreiwen, schreift;
  • d/t: bieden/biet;
Also: Buedzëmmer, awer: buet dech, buet iech.
  • Bei den zesummegesate Wierder, souguer bei deene mat engem Iwwergangs-“s”, gëtt de laange Vokal net verduebelt:
Alstad, Urgrousspapp, ofhängeg, kalbliddeg
Schofspelz, Kathedralstierm, Konveniatsiessen
  • Franséisch Wierder
  • Den “^” op de Vokale virun engem Nasal-Konsonant gëtt ofgeschaaft:
Camion, Timber, Member
  • De lëtzebuergesche Pluriel “en” an “er” gëtt am Prinzip ugehaangen, nodeem de franséische Pluriel “s”, “e”, “x” ewechgelooss ginn ass:
Bijouen, Camionen
Den Endungs-“s” am Singular bleift erhalen:
Coursen, Abusen, Jusen
  • Franséisch Wierder mat stommem Endungs-“e” kréien am Fall vun der Eifeler-Reegel en “ë”:
D'Corbeillë fëllen; Chancëgläichheet
  • De Pluriel vun den zesummegesate Substantiven: Dat éischt Wuert grouss; Trait d'unionen tëscht de Wierder; dat lescht Wuert kritt de lëtzebuergesche Pluriel:
Chargé-de-coursen; Point-de-vuen, Procès-verbalen

Aktualiséierungen an der Orthographie vun 2019

[änneren | Quelltext änneren]

Am November 2019 huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch e Kompendium mat alle Reegelen erausbruecht, an deem och ewell d'Onkloerheete gereegelt sinn, déi bis dohi bestanen hunn[6],[7]. E méi kompakt Dokument weist just déi zentral Aktualiséierungen, déi mam completéierte Reegelwierk vum 15. November 2019 a Kraaft getruede sinn. Et huet den Zweck, datt ee sech séier en Iwwerbléck verschafe kann, wéi de Wuertlaut vun deenen neie Reegelen ass, wéi eng Wierder adaptéiert a wéi eng Reegele completéiert goufen[8].

Déi wichtegst Ännerungen:

[änneren | Quelltext änneren]
  • De laange Vokal “e” gëtt am Lëtzebuergeschen “ee” geschriwwen, wann e betount ass oder a bestëmmten Endsilbe steet[9]:
beweegen, Reegel, Privileeg
Dës Reegel ass allerdéngs un d'Betounung gebonnen; wann d'Betounung ännert, da gëtt net méi verduebelt:
Kolleeg kollegial
  • An der geschwater Sprooch gëtt den “e” an onbetounte Silben dacks net ausgeschwat; e gëtt awer geschriwwen. Bei enger Rei Wierder gëtt et awer déi zwou Méiglechkeeten[10]:
Verdueblung (net Verduebelung), Verdonklung (net Verdonkelung), Wouerecht oder Wourecht
  • Wann den “i” oder den “u” virum “r” laang geschwat ass, da kënnt en “e” derbäi an deen “ier” oder “uer” gëtt als Diphthong geschwat[11]:
Gehier, sech ieren, huerelen, Spuer
  • Wann e Suffix duerch eng Endung e Konsonant hanne bäikritt, da gëtt de laange Vokal am Suffix verduebelt, och wann en net betount ass[12]:
national – nationaalt, souverän – souveräänt, brauchbar – brauchbaart, definitiv – definitiivt, frankophon – frankophoont, akut – akuutst
  • Bei zesummegesate Wierder gëtt fir d'Quantitéitsreegel vun de Vokaler am Prinzip all Wuert eenzel gekuckt[13]:
Alstad, Bamschoul, kalbliddeg, Lafschong, Mokrämp
Dat zielt och, wa just een Deel vum Wuert en eegestännegt Wuert ass:
Futtball, Hammbier, Sonndeg, stallhalen, Wittfra, Blödsinn, Tatsaach
  • Bei Verben op „–néieren“ a bei Adjektiven op „–onell“ oder “–ionell” gëtt just een „n“ geschriwwen, egal wéi et am Däitschen oder am Franséischen ass[14]:
abonéieren, faszinéieren, komponéieren, positionéieren
hormonell, konstitutionell, professionell, rationell, sensationell
  • E stommen “e” um Enn vu franséische Wierder gëtt geschriwwen, wann e Wuert ewéi am Franséischen ausgeschwat an ouni de stommen “e” iwwer dem Liesen net méi erkannt gëtt[15]:
Avantage, Documentaire, Facture, Mayonnaise, Revanche, Serveuse, Tâche
Soss gëtt déi lëtzebuergesch Schreifweis ouni “e” geholl:
Bott, Initiativ, Napp, Oliv, Phas, Tirett, Zon
  • Den däitschen „Dehnungs-h“ gëtt am Lëtzebuergeschen net benotzt, fir d'Längt vun engem Vokal ze markéieren[16]:
Anung, Bün, Erfarung, Faart, Fön, Tru, Walen, wärend
  • Bei griicheschen a laténgesche Wierder mat “–pre / –prä” a “–ped / –päd” gëllt d'Form mam “e” als Haaptvariant (den “e” gëtt net verduebelt)[17]:
Enzyklopedie (Enzyklopädie), pedagogesch (pädagogesch), Prepositioun (Präpositioun), present (präsent), President (Präsident), preziséieren (präziséieren)
  • Fir zesummegesate Substantiven, déi aus anere Sprooche kommen (z. B. aus dem Laténgeschen oder Italieeneschen), gëtt just dat éischt Wuert groussgeschriwwen[18]:
säin Alter ego, eng Conditio sine qua non, e Curriculum vitae (mee: en CV), eng Dolce vita, eng Terra incognita
An der Méizuel gi Bindestrécher gesat an nom kuerze betounte Vokal gëtt de Schlusskonsonant verduebelt:
seng Alter-egoen, vill Conditio-sine-qua-nonnen, Curriculum-vitaeë froen, De-facto-Bezéiungen
  • Eenzel Wierder, déi adaptéiert goufen (Auswiel):
achzeg → achtzeg; dagsiwwer → daagsiwwer; Nofolger → Nofollger, städtesch → stättesch
  • Reegelen iwwer d'Grouss- a Klengschreiwung an d'Getrennt- an Zesummeschreiwung[19].

Allgemeng Iwwerleeungen zur Orthographie

[änneren | Quelltext änneren]

Phoneetik vs. Etymologie

[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun der Orthographie vum Lëtzebuergeschen kann als ee Versuch gesi ginn, fir en Equiliber tëscht zwéi grondsätzlech verschiddene Prinzipien ze fannen: Soll d'Schreifweis um Klang vun de Wierder baséieren, d.h. um phoneetesche Prinzip, oder awer um Schrëftbild wéi et duerch aner Sprooche bekannt ass, deemno deem etymologeschen? De reng phoneetesche Prinzip, wéi e mat der OLO agefouert gouf, hat keng Akzeptanz fonnt. De reng etymologesche bréngt komplizéiert Reegelen, wat Verduebelung vu Buschtawen, je no Betounung oder Längt vun der Aussprooch, oder d'Erëmgi vu spezifesch lëtzebuergeschen Diphtongen, betrëfft, oder awer der ënnerschiddlecher Verschrëftlechung bei verschiddene Virbild-Sproochen. D'Komplexitéit vun den Detailer vun der aktueller Schreifweis ass Ausdrock vum Beméie fir Béides ënnert een Hutt ze kréien.

Koinè vs. Dialektvarianten

[änneren | Quelltext änneren]

De Robert Bruch huet fréi agesinn, datt als Schrëftsprooch nëmmen eng Héichsprooch a Fro kéim; eng sougenannt Allgemeng Lëtzebuerger Ëmgankssprooch, eng Koinè, wéi hie se nom griichesche Wuert koinos fir gemeinsam gedeeft huet (bei de Griiche war d'Koinè eng gemeinsam Sprooch, déi sech ëm 400 viru Christus am ganze Mëttelmierraum bis an den noen Osten ausgebreet hat). Fir de Robert Bruch war et d'Lëtzebuerger Sprooch tëscht Dummeldeng a Miersch, also den Uelzechtdall erop, déi sech am beschten dofir gëeegent huet, als Standard-, als allgemeng Ëmgangssprooch ze gëllen, an op där eng Schreifweis opzebauen.

Dat heescht net, datt d'Dialekter vum Lëtzebuergesche mat der Bruch-Orthographie net ze schreiwe wieren, mä den Ënnerscheed tëscht der Koinè an den Ënnermondaarten ass duerch si méi däitlech gezeechent ginn, wat besonnesch fir d'Schrëftsprooch an och fir d'Literatur op Lëtzebuergesch e Virdeel ass.

Noutwennegkeet vun enger Orthographie

[änneren | Quelltext änneren]

Dat bréngt eis och zur prinzipieller Fro vun der Noutwennegkeet vun enger Orthographie fir d'Lëtzebuergescht.

Eng Sprooch mat enger fixer Orthographie ass méi liicht ze schreiwen, a gëtt dofir och léiwer geschriwwen. De Wuertschatz bleift och quantitativ méi konstant, an d'Wierder änneren hiert Gesiicht net all puer Joerzéngten, eppes wat fréier zu Dosende vu regionalen a lokale Wuertvarietéite gefouert huet (z. B.: gedoen, gedon, gedongen, gedinn, gedunn; gemaacht, gemaach, gemat, gemeet).

Leit, déi Lëtzebuergesch als Friemsprooch léieren, hunn e strukturéierte System, mat deem se léiere kënnen. Och déi literaresch Kreatioun huet bei enger fester Orthographie Virdeeler.

Zanter 2006 gëtt et e Spellchecker, deen ënner enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze funktionéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt[20].

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass net nëmmen eng Referenz fir d'Bedeitung an Aussprooch vu Wierder ze erklären, ma indirekt och vun hirer Schreifweis.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cf. d'Virwert am Original op land.lu. Den Antoine Meyer huet 25 Joer méi spéit säi "Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf" erausbruecht (Cf. Meyer 1854 an der Literatur).
  2. Cf. La Fontaine 1855 an der Literatur.
  3. Dëst Buch fir Primärschoulen ass net manner wéi 14 mol tëscht 1914 (139 S.) an 1949 (189 S.) opgeluegt ginn.
  4. Cf. Arrêté ministériel du 10 octobre 1975 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise. Mémorial B n°68: 1366–1390, 16 novembre 1976.
  5. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise. - Legilux. legilux.public.lu. legilux.public.lu (30.07.1999). Gekuckt de(n) 09.05.2022.
  6. Lëtzebuerger Orthografie vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
  7. Lëtzebuergesch richteg schreiwen op wortl.lu vum 21.11.2019 an am Luxemburger Wort vum 21.11.2019 an der Bäilag Die Warte, S. 4-12
  8. Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Aktualiséierungen an der Orthografie (Versioun vum 22.02.2021). ccpl.lu (22.02.2021). Gekuckt de(n) 09.05.2022.
  9. Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Lëtzebuerger Orthografie - Reegel 2.1. cpll.lu (2019). Gekuckt de(n) 09.05.2022.
  10. ibidem Reegel 2.3
  11. ibidem Reegel 3.2.1
  12. ibidem Reegel 1.6.3
  13. ibidem Reegel 1.5
  14. ibidem Reegel 4.1.1
  15. ibidem Reegel 7.2.3
  16. ibidem Reegel4.3.1
  17. ibidem Reegel 7.4
  18. ibidem Reegel 7.5
  19. ibidem Reegelen 8 an 9
  20. Tëscht 2000 an 2002 gouf en éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht ënner dem Numm Cortina entwéckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begréisst, awer och vereenzelt kritiséiert, well keng dialektal Varianten am Thesaurus virkomm sinn. De Projet Cortina gouf 2002 agestallt.