Op den Inhalt sprangen

Nationalstrooss 6

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 6
Areler Strooss
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°36'44,21"N, 6°7'33,06"O
Enn Stengefort
Koordinaten 49°39'31,64"N, 5°54'13,90"O
Duerch Lëtzebuerg, Stroossen, Bartreng, Mamer, Käerch, Stengefort
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 6
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg N 7 Boulevard Royal
CR 204 Bd Prince Henri
CR 211 Bd Joseph-II
Stäreplaz N 51 Bd de la Foire (r)
       Bd G-D Charlotte (l)
N 12
       Rue de Rollingergrund (r)
Stroossen A 6
CR 230 Reckendall (r) /
       Rue des Carrefours (l)
CR 181 Chaussée Blanche (r) /
        Rue de la Chapelle (l)
N 34
Tossebierg N 6A Fly-over-Bréck
CR 101 Route de Mersch (r)

        N 6A Rue Gaston Thorn (l)

Mamer Mamer
CR 101 Rue Gaaschtbierg
CR 102 Rue Henri Kirpach
CR 102
A 6
Capellen CR 109 Route de Koerich
CR 103 Rue d'Olm (r) /
        Rue de la Gare (l)
Olmer Baach
Wandhaff CR 110 Rue de Koerich (r)
       N 13 Rue des Trois Cantons (l)
Schock CR 110 (l)
Stengefort CR 109 Rue de Koerich (r)
CR 106 Rue de Hobscheid (r)
Äisch
CR 106 Rue de Kleinbettingen (l)
Atertlinn
Belsch N 4

D'Nationalstrooss 6 oder N6, och nach Areler Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Capellen. Si féiert vun der Stad Lëtzebuerg op déi belsch Grenz, wou se tëscht Stengefort a Rosenberg Uschloss un déi belsch Nationale 4 huet.

An der Stad huet se hiren Ufank op der Kräizung vun der N7, déi do Boulevard Royal heescht, an der Groussgaass.

Op den éischte 450 Meter bis op d'Stäreplaz heescht se Avenue Émile-Reuter, déi fréier Arsenalstrooss. Duerno heescht se bis op d'belsch Grenz déi ganzen Zäit Route d'Arlon, mat Ausnam vun engem Stéck vu ronn engem Kilometer zu Stengefort, vun der Kräizung mat der Rue Randlingen bis op Kräizung mat der Rue de Hobscheid wou se Rue de Luxembourg heescht.

Si ass am Ganze 17,7 Kilometer laang a gehéiert op der ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.

Entwécklung vun der N6

[änneren | Quelltext änneren]
  • D'Strooss Lëtzebuerg - Stengefort besteet zanter 1843. Se gouf deemools als „Areler Strooss“ bezeechent a war en Deel vun der fréierer belscher Grande route de deuxième classe Nr 3, déi vu Bréissel op Tréier gelaf ass;
  • An den 1950er Joren ass d'Europastrooss E9 (Amsterdam - Genua)[1] vun Arel aus zu Stengefort an d'Land komm an ass iwwer den Tracé vun der N6 bis an d'Stad gelaf[2]. Vun do aus goung se iwwer d'N3 virun a Richtung Fréiseng - Diddenuewen;
  • Mam Ëmklasséierungsgesetz vun 1958 iwwer verschidden Deeler vum staatleche Stroossereseau[3] sinn déi fréier Chemin reprisen CR162 Lëtzebuerg - Kockelscheier - Beetebuerg - Diddeleng an CR166 Diddeleng - Keel - Esch en eng Nationalstrooss klasséiert ginn, déi op der ganzer Längt d'Stroossennummer N6 krut. D'Streck Stengefort - Stad - Fréiseng gouf just nach als E9 gefouert;
  • Ëm 1970 ass d'Streck vun der E9 an E25 ëmgedeeft ginn. Ongeféier déi Zäit gouf d'Strooss um Wandhaff gutt 110 m. méi südlech verluecht an d'Kräizung mat der N13 gouf nei amenagéiert. Méi spéit (Enn vun den 1990er Joren) gouf dës Kräizung mat engem Rond-point ersat;
  • Mat der Ouverture vun der A6 Enn 70er / uganks 80er leeft d'E25 zanterhier iwwer d'Autobunn, d'Nationalstrooss krut hir ursprénglech Nummer N6 nees zéck;
  • Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau sinn op der Cap verschidden Deeler (am Ganze 793 m) vun der fréierer N6 a Gemengeplazen deklasséiert ginn[4].
Commons: Nationalstrooss 6 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Op der topographescher Kaart als "Route à trafic international E9 – Amsterdam-Gènes" gezeechent.
  2. Art. 111 vum Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 16.01.2021.
  3. Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 16.01.2021.
  4. (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.