Clairefontaine-Plaz
Numm |
lb: Schoulbierg[1] fr: Place de Clairefontaine |
---|---|
Fréieren Numm |
de: Maximinplatz Badenburgerstrasse / Bardenburgergasse |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Postcode | 1341 |
Koordinaten |
49° 36’ 35.6’’ N 06° 07’ 56.9’’ O |
Genannt no | Baardebuerg |
D'Clairefontaine-Plaz, och alt Schoulbierg, offiziell Place de Clairefontaine, ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Historesch gesinn, war et eng Strooss (Rue de Clairefontaine), déi d'Verbindung gemaach huet tëscht der Ënneschtgaass an der Hossegässel. An den 1980er Jore gouf de Quartier ëmgebaut, déi fréier Strooss gouf als Plaz ugeluecht an dat Ganzt gouf eng Foussgängerzon.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Um nord-westlechen Eck vun der Plaz läit den Hôtel Saint Maximin (dem Sëtz vum Staatsministère) an direkt donieft, den Hôtel de Bourgogne. Den Numm Clairefontaine huet d'Plaz vum Refuge vun der fréierer Abtei Clairefontaine, deen do stoung, an deen 1933 ofgerappt gouf.
D'Strooss huet fréier och nach Badenburgerstrasse oder Bardenburgergasse geheescht, als Iwwersetzung vu Clairefontaine. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss Maximinplatz geheescht.
An der Mëtt vun der Clairefontaine-Plaz steet zanter 1990 e Monument zu Éiere vun der Groussherzogin Charlotte mat enger Skulptur vum Jean Cardot.
De véiereckegen Tuerm op der Ostsäit vun der Plaz, bei der Place du 6 juin 1937, huet zu der zweeter Festungsmauer gehéiert, déi vum Grof Giselbert ëm 1050 gebaut gouf. E gouf ufanks vum 17. Joerhonnert am Renaissance-Stil no uewen ausgebaut a war vun do u bewunnt, zesumme mat der Maison Mohr-de-Waldt niewendrun, déi ëm 1600 gebaut gouf. Den Tuerm an d'Haus goufen 1981 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Ëm déi Zäit huet de Bauentrepreneur Willy Hein (1934-2018), am Optrag vum Staat, déi meescht Haiser do ofrappe gelooss. Dee geschützten Tuerm, deem seng Fëllementer méintlaang fräigeluecht waren, an deen net ofgestäipt war, ass ass Enn 1982 an e Koup gefall. E puer wéineg Gebaier goufe bis 1984 restauréiert, déi aner, wéi och den Tuerm, goufen 'op al' nei nogebaut[2] Am Kader vun deenen Aarbechte gouf och en ënnerierdesche Parking mat 120 Plaze fir héich Beamten, Ministeren an Deputéiert ugeluecht. Den Hein huet och de Kach Tony Tintinger iwwerzeegt kritt, do am Gebai, dat der CGFP gehéiert, e Restaurant opzemaachen.[3]
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Clairefontaine-Plaz vun uewe gesinn (November 2009)
-
Gebaier op der Ostsäit vun der Plaz, mam Nobau vum Tuerm (1983-1984), deen zur zweeter Festungsmauer gehéiert hat, an dee bei "Restauratiounsaarbechten" an e Koup gefall ass. (Cf. d'Plack hei drënner)
-
Den Hôtel de Bourgogne
-
Den Hôtel Saint-Maximin
-
Plack nieft dem Tuerm op der Ostsäit vun der Plaz.
-
D'Virbereedunge fir d'Volleksfest fir Nationalfeierdag
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schmitt, Michel, 1990. La Place de Clairefontaine et son passé historique: un haut-lieu de la mémoire collective. S. 33-41 in: Regéierungscommissioun fir d'Monument, 1990. Monument Grande-Duchesse Charlotte: inauguration, le 29 avril 1990, Luxembourg, Place de Clairefontaine. [éd. Regéierungscommissioun fir d'Monument ; dir. Martin Gerges ; préface Jacques Santer]. 104 p. Impr. Centrale, Lëtzebuerg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Aner Plazen am Zentrum vun der Stad
- Schlass zu Heeschdref, en anere Besëtz vun der Famill Mohr de Waldt
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Clairefontaine-Plaz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Luxembourg City Tourist Office, Toponoymie luxembourgeoise, „Plan Ville et environs“, 9e édition, 1999
- ↑ Cf. Plack op der Mauer nieft dem Tuerm; cf. och Jemp: "Den Tuerm as gefall." in: forum Nr.61 vum 29.1.1983, S.42.
- ↑ Bernard Thomas: "La passion d'un promoteur immobilier. Willy Hein (1934-2018) - Une nécrologie." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.44, 2. November 2018, S.9.