Departement Charente
Charente (16) | |
---|---|
Regioun | Nei-Aquitaine |
Prefecture | Angoulême |
Ënnerprefecture | Cognac Confolens |
Bevëlkerung | 339 628 Aw.(1999) |
Fläch | 5 956 km² |
Arrondissementer | 3 |
Kantonen | 19 |
Gemengen | 394 |
D'Charente (16) ass e franséischt Departement an der Regioun Nei-Aquitaine. Et krut säin Numm duerch de Floss Charente deen derduerch fléisst.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Departement gouf wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 iwwer d'Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.[1].
D'Charente ass zanter dem Paleolithikum bevëlkert [2].
Am Zweete Weltkrich war d'Charente duerch d'Demarkatiounslinn an zwee gespléckt: am Westen déi besat Zon an am Osten déi fräi Zon. Dat erkläert firwat do d'Resistenzorganisatioune sou fréi funktionéiert hunn[3].
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Charente grenzt un d'Departementer Vienne, Haute-Vienne, Dordogne, Charente-Maritime an Deux-Sèvres.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]D'Bevëlkerungszuel läit zanter dem Ufank vum 19. Joerhonnert ëm 340.000 Awunner, allerdéngs lieft haut en Drëttel vun den Awunner am Groussraum Angoulème.
Perséinlechkeeten aus der Charente
[änneren | Quelltext änneren]- François I., gebuer den 12. September 1494 zu Cognac. Hie war Kinnek vu Frankräich vun 1515 bis zu sengem Doud 1547.
- Jean Monnet, gebuer den 9. November 1888 zu Cognac. Hie war ee vun de Grënner vun der Europäescher Unioun.
- François Mitterrand (1916 – 1996), gebuer zu Jarnac, war President vun der franséischer Republik vun 1981 bis 1995. Hie läit och zu Jarnac begruewen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Arrondissementer am Departement Charente
- Kantonen am Departement Charente
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Charente
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: D'Charente – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "la Charente de la préhistoire à nos jours",Ed Bordessoules, 1986, ISBN 2-903504-21-0
- ↑ A. Debenath, J.F. Tournepiche, "Néandertal en Poitou-Charentes", Association régionale des musées en Poitou-Charentes.
- ↑ "Le maquis charentais Bir Hacheim", Raymond Troussard,1981, SAJIC Angoulême, dépôt légal n°1455