Op den Inhalt sprangen

Omeganiwwel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) RCW 160)
Date vum Omeganiwwel
Messier 17: den Omeganiwwel oder Schwanenniwwel
ObjettypEmissiounsniwwel (Typ H-II)
StärebildSagittarius (Sgr)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun118h 20m 48,00s
Deklinatioun-16° 11' 00,0"
Ausgesinn
Visuell Magnitude+6,00 mag
Wénkelduerchmiesser11,0'
Physikalesch Daten
Gehéiert zumSagittarius-Carina Aarm (Mëllechstrooss)
Distanzzirka 5.000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet-7,0M
Absolutten Duerchmiesserzirka 40 Liichtjoer
Radialvitess 
Geshicht
EntdeckerJ.-P. de Chéseaux
Entdeckungsjoer1745
Katalogbezeechnungen
Messier 17, NGC 6618

Den Omeganiwwel (och mat Messier 17 oder NGC 6618 bezeechent, seelen och Schwanenniwwel oder Houfeisenniwwel) ass en Emissiounsniwwel am Norddeel vum Stärebild Sagittarius. En huet eng visuell Magnitude vu +6,00 mag an en Duerchmiesser vun 11'.

Hie gëtt duerch d'Stralung vun de bannenzege jonke Stären zum liichten ugereegt a liicht an engem roude bis rosae Faarftoun. E läit am Sagittarius-Aarm, engem niwwelräiche Stäregebuertsgebitt, an erstreckt sech am siichtbare Beräich iwwer 15 Liichtjoer. D'Matièreusammlung dogéint erstreckt sech wäit weider iwwer 40 Liichtjoer am Duerchmiesser. Et entstinn ëmmer nach Stären an dësem H-II-Gebitt, wat och déi jonk 35 Stäre weisen, déi am Kugelstärekoup bannen am Niwwel verstoppt sinn. Den Niwwel ëmfaasst ronn 800 Sonnemassen.

Portal Astronomie

 Commons: Messier 17 – Biller, Videoen oder Audiodateien