Tripticon+

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tripticon)
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Tripticon+, mat vollem Numm Trame régionale pour l'initiation professionnelle aux technologies de l'information et de la communication - Ouest-nord, plus langues, war e Weiderbildungsprojet, an deem sengem Kader Computer- a Sproochecoursen am Norde vu Lëtzebuerg organiséiert goufen.

D'Vereenegung "Comité luxembourgeois pour les langues moins répandues" a.s.b.l., genannt "Sproochenhaus", ass Träger vum Projet Tripticon+ an zanter Dezember 2005 als unerkanntene Weiderbildungsveranstalter vum Bildungsministère registréiert.

Vun 2003 un ass d'Tripticon-Team aktiv a këmmert sech ëm d'Organisatioun vu Computer- a Sproochecoursen am Norde vum Land. Iwwer 5000 Awunner hu sech zanterhier schonn an d'Weiderbildungsaktivitéiten, déi vun Tripticon an hirer Gemeng organiséiert gi sinn, ageschriwwen (Stand Mee 2008). Eleng am Schouljoer 2007/2008 sinn 2036 Aschreiwunge fir Coursen notéiert ginn.

De Projet Tripticon ass aus enger Leader-Initiativ entstanen, mam Zil Computercoursen am Nord-Weste vu Lëtzebuerg z’organiséieren. Mat der Zäit ass d'Offer u Coursen ëm Sproochecoursen a Course rondrëm Carrière a Beruff ausgebaut ginn. 2005-2008 gëtt Tripticon+ zu 45 % vum Europäesche Sozialfong an zu 55 % vum Bildungsministère finanzéiert.

Partner vum Projet sinn, nieft dem Bildungsministère an dem Service e-Lëtzebuerg, follgend 35 Gemengen aus de Kantone Klierf, Veianen, Réiden, Wolz an Dikrech (Stand Dezember 2007):

Tripticon+ schafft de Moment mat ongeféier 85 Formatricen/Formateuren zesummen, déi sech och reegelméisseg weiderbilden a sech un international Standarden wéi zum Beispill „Europäesche Computerführerschäin“ (ECDL: Europen Computer Driving Licence) an "Gemeinsamer europäischer Referenzrahmen für Sprachen" orientéieren.

Ausgangsproblematik[änneren | Quelltext änneren]

An der haiteger Zäit ginn an alle Beräicher déi nei Technologien an eng, op d'Aarbechtsplaz zougeschnidden, (Aus-)Bildung ëmmer méi wichteg. Am ländlechen Deel vu Lëtzebuerg leeft een de Risiko den Uschloss dorun ze verléiere, besonnesch wat (Infra-)Strukturen an déi begrenzte Weiderbildungsméiglechkeete betrëfft.

En zentralen Uspriechpartner mat enger dezentraler Offer ass am ländleche Raum opgronn vun der spezifescher Landesstruktur sënnvoll, well een den Zäitverloscht vun Déplacementer ka vermeiden an et virun allem bei der eelerer Bevëlkerung an den Hausfraen a –männer, déi scho länger Zäit net méi aktiv um Aarbechtsliewen deelgeholl hunn, zu Beréierungsängscht mat net regionalen Acteure kënnt.

Wichteg schéngt och de perséinlechen an direkte Kontakt mat der Regioun an der ländlecher Organisatioun, virun allem, well sech bis elo nach keen Acteur aus dem ëffentleche Secteur hei niddergelooss huet, wéi de Centre de formation professionnelle continue, de Centre de Langue oder d'Chambres Professionnelles.

Déi ländlech Regioune vu Lëtzebuerg sinn an de Beräicher vun der berufflecher Weiderbildung géintiwwer der stättescher Bevëlkerung benodeelegt. Hei sollt eng Chancëgläichheet geschaf ginn.

Ziler vum Projet[änneren | Quelltext änneren]

D'Zil vum Projet ass d'Erhéijung vun de Beschäftegungszuelen vun der lokaler Bevëlkerung, d'Ofsécherung vun der Aarbechtsplaz an d'Informatiounen iwwer déi verschidde Weiderbildungsméiglechkeete méi einfach zougänglech ze maachen. Den Träger vum Projet wëll och e Beitrag zu enger dezentraler an zougänglecher Lifelong-Learning-Offer am ländleche Raum leeschten. Et ass eng dréngend Noutwennegkeet eng qualitativ héichwäerteg Weiderbildungsoffer mat engem ausgeklügelten „Networking“-System am ländleche Raum op- an auszebauen.

De Projet riicht sech besonnesch un d'Beruffsufänger, un déi Leit déi e Beruff hunn oder erëm an de Beruff wëllen zeréckkommen an och un all déi Persounen, déi hir Kompetenzen erweidere wëllen.

Fir dëst Zil erreechen ze kënnen, geet Tripticon+ nei Weeër a bitt, nieft den traditionelle Computer- a Sproochecoursen, och Coursen un, déi speziell fir de Beruffsufank ausgeschafft sinn, an och Weiderbildungscoursen, déi op d'Bedierfnesser vun de Firmaen zougeschnidde sinn. Et gëllt, déi Leit, déi eng Aarbecht fonnt hunn, duerch d'Erweiderung an den Ausbau vun hire Kenntnisser z’ënnerstëtzen.

Beschreiwung vum Projet[änneren | Quelltext änneren]

Tripticon+ ass eng regional Plattform fir d'Koordinatioun, d'Organisatioun an d'Verëffentlechung vun der Weiderbildungsoffer am Beräich vun den neien Technologien, Sproochen, Aarbechtsplazsécherung a fir aner Theemen.

E stellt eng Zort „Billeterie centrale“ duer, d. h. e regionalen Uspriechpartner fir all déi Leit, déi Informatioune sichen (z. B. Hëllef bei der Sich no engem Cours oder engem Ubidder, Berodung fir speziell Cours) mat „Back-Office“-Verwaltung, fir eng besser Notzung vun den Infrastrukturen, déi scho bestinn, a fir d'Koordinatioun vun der Offer.

Tripticon+ probéiert d'Offer am ländleche Raum ze verbesseren duerch eng méi iwwersiichtlech Offer, duerch eng Offer déi iwwer d'Grenze vun de Gemengen erausgeet, duerch d'Évitéiere vu Konkurrenz tëscht de selwechte Coursen an duerch eng qualitativ héichwäerteg Pallett u Coursen, z. B. konform mat den internationale Standarden (Europäesche Computerführerschäin) oder mat den, duerch de Bildungsministère konventionéierte Coursen, déi e Qualitéitslabel droen. Duerch den Opbau vun engem „Networking“-System ginn déi Offeren, déi scho bestinn, lokaliséiert a matenee verbonnen.

D'Formatricen an d'Formateure kënne sech reegelméisseg weiderbilden a kréien d'Geleeënheet sech géigesäiteg auszetauschen. D'Material fir d'Course ka bereetgestallt, ausgeschafft a verbessert ginn. D'Formatiounsbibliothéik am Sproochenhaus stellt Unterrechtsmaterial a Bicher fir an iwwer Coursen zur Verfügung.

Dës zentral Ulaafplaz versteet sech als Service fir individuell Berodung wat d'Weiderbildung ubelaangt, als Uspriechpartner fir déi ländlech Regioun an als Ënnerstëtzung fir d'Informatioune iwwer Initiativen, déi scho bestinn, weiderzeleeden, z. B. eBac. Fir d'Programmerweiderung ginn Iddie gesammelt fir weider Coursen; dës kënnen dann ausgeschafft ginn. D'Interessente ginn op Waardelëschte geréiert a kontaktéiert, sou bal dee gefrote Cours gehale gëtt.

Offer[änneren | Quelltext änneren]

Nieft deene scho bekannten a beléifte PC-Coursen (Aféierung PC, Word, Excel, Internet, PowerPoint, Publisher, Access, digital Bildbeaarbechtung, …) a Sproochecourse fir Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Spuenesch, Portugisesch, Italieenesch an Hollännesch, bitt Tripticon+ och nach aner Coursen a Servicer un:

  • Integratiounscourse mat bilinguale Sproochecoursen
  • Course fir Beruffsufänger
  • Weiderbildung fir Firmen
  • Berodung bei der Demande fir Deelremboursement fir kleng a mëttel Betriber
  • Fernunterrecht
  • Bibliothéik
  • Surf-Corner

Duerch den enke Kontakt mat der ländlecher Bevëlkerung kënne regional spezifesch Besoinen éischter erkannt an et ka sou éischter drop reagéiert ginn. Doduerch kann e flexibel ausgeschafftene Programm ugebuede ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]