Voiture I11
Voiture I11 SNCB | ||
---|---|---|
Stéckzuel: | 198 | |
Constructeur: | BN | |
Baujoren: | 1995 | |
Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
Déngschtmass: | 52 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 26400 mm | |
Héicht: | 4050 mm | |
Héchstvitesse: | 200 km/h | |
Alimentatioun: | 1,5 kV Gläichstroum 3 kV Gläichstroum 15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum 25 kV Wiesselstroum 50Hz |
D'I 11 sinn Eisebunnsvoiturë vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB déi am InterCity- an EuroCitytrafic agesat ginn.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]- Gebaut goufe se vu La Brugeoise et Nivelles, wat haut eng Filial vu Bombardier ass.
- Ursprénglech gouf dat Material an der Iddi gebaut de Confort vun den TGVzich och am Inland z'offréieren. Si zeechne sech duerch eng grouss Beenfräiheet an en hellen Interieur aus. Si sinn och besonnesch gutt géint de Kaméidi dee beim Fueren entsteet isoléiert.
- D'Steierween kënne mat der Serie 13 SNCB reversibel fueren, an dat alt bis 200 Km/h.
- Si gläiche souwuel vu banne wéi vu bausse staark den Automotricen AM96.
Bestand
[änneren | Quelltext änneren]Déi 142 Mëttelvoiturë goufen am Joer 1995 an 2005 an den Typpen A a B gebaut. Déi 21 Steierween sinn exklusiv mat den SNCB 13 homologéiert.
Technesches
[änneren | Quelltext änneren]D'Alimentatioun vun de Voituren iwwer d'Maschinn funktionéiert ënner follgende Reseauen:
- 1000 Volt 16 2/3 Hz fir Däitschland an d'Schwäiz;
- 1500 Volt 50 Hz fir Lëtzebuerg, Frankräich an déi belsch Strecken ënner 25 kV Wiesselstroum;
- 1500 Volt Gläichstroum fir Holland.
- 3000 Volt Gläichstroum fir d'Majoritéit vum belsche Reseau.
Si muss genee wéi déi vun de Lokomotiven op der Grenz vun zwéi Stroumsystemer geännert ginn. Op der InterCity A Streck geschitt dat zweemol an um InterCity O souguer dräimol.
Mëttelvoiturë vun den Typpen A a B
[änneren | Quelltext änneren]D'Mëttelvoiturë vum Typ A hunn en Zentralgang mat enger Rei eenzele Sëtzer op der enger Säit, an enger duebeler Rei Sëtzer op där anerer. Bei de Mëttelvoiturë vum Typ B sinn op béide Säite vum Gang 2 Sëtzreien.
Mëttelvoiture A | Mëttelvoiture B | ||
---|---|---|---|
Baujoer | 1995 | 1995 | |
Stéckzuel | 36 | 106 | |
Capacitéit | 60 | 80 | |
Héchstvitesse | 200 km/h | ||
Längt | 26400 mm | ||
Nummeréierung | 11801-11836 | 12801-12906 |
Steierween
[änneren | Quelltext änneren]An de Steierween, genannt I11BDx, si genee wéi an de Mëttelvoiturë B, 2 Reie Sëtzer op béide Säite vum Mëttelgang. Well hanner dem Poste de Commande eng Gepäckoflag ass, hunn d'Steierween nëmme 56 Plazen. D'Steierween si vu baussen der Serie 13 SNCB ugepasst, mat där se reversibel bis 200 km/h fuere kënnen.
Steierwon | |||
---|---|---|---|
Baujoer | 1997 | ||
Stéckzuel | 21 | ||
Capacitéit | 58 | ||
Héchstvitesse | 200 km/h | ||
Längt | - | ||
Nummeréierung | 19801-19821 |
Asaz
[änneren | Quelltext änneren]National
[änneren | Quelltext änneren]International
[änneren | Quelltext änneren]- - 1999: Bréissel - Köln
- 2002 - 2003: EuroCity 90/91 Vauban
- 2003 - 2004: EuroCity 96/97 Iris