Op den Inhalt sprangen

CFL 2200

Vu Wikipedia
CFL 2200
Constructeur Alstom
Bedreiwer CFL
Baujoer 2004-2006 an 2009-2010
Benotzt a(n) Lëtzebuerg
Numeréierung 2201-2223
Sëtzplazen 339
Stéckzuel 22
Technesch Detailer
Ass en(g) elektresch Automotrice
Bauaart 2 * Bo'2'
Déngschtmass 108,12 Tonnen
Längt iwwer Puffer 81,1 m
Héicht ouni Pantograph 4,300 mm
Maximal Achselaascht 30,14 Tonnen
Héchstvitess 160 km/h
Maximal Dauerleeschtung 2340 kW
Zuchsécherungs-
System(er)
ETCS
Memor II+

D'CFL 2200 sinn eng Serie vun elektreschen Automotricë fir den Asaz ënner 25KV Wiesselstroum an 1,5KV Gläichstroum. Si si baugläich mat de franséischen Z 24500 a kënnen och mat deenen Automotricen zu enger Ramm (Unité multiple) zesummegehaange ginn. D'CFL huet 22 där Maschinnen a se vun 2201 bis 2223 nummeréiert.

Am Eisebunnerjargon ginn déi Automotricë gär "Duscholux" genannt, zum engen, well een duerch déi gliesen Trennwänn, bannena wéi an enger Dusch steet, zum anere well verschidden Automotricë bei der Liwwerung en ondichten Daach haten [Source?].

Bei Zuch-Fotografe gi se gär als "Computermaus" bezeechent.

D'Automotrice 2207 ass den 11. Oktober 2006 beim Zuchaccident zu Zoufftgen zerstéiert ginn. Den Deel Z1 ass dobäi vollstänneg zerstéiert ginn an den Deel Z3 gouf sou wäit zerstéiert datt en net méi konnt reparéiert ginn. Den Deel Z5 huet keen gréissere Schued dovu gedroen a konnt zesumme mat 2 neien Deeler Z1 an Z3 zur neier 2223 zesummegebaut ginn.

D'CFL hunn am Joer 2009 bei Alstom/Bombardier eng zweet Serie vun zéng 2200er bestallt fir den akute Manktem ze kompenséieren.[1] Déi nei Tranche ass am Kontext vun der Ouverture vu Belval-Universitéit an den direkten Zuchverbindunge vun där Gare a Richtung Diddenuewen, Lonkech a spéider Virton ze gesinn.[2] Mat der 2223 ass am Januar 2011 déi lescht Maschinn vun der zweeter Serie ausgeliwwert ginn. D'2223 besteet aus dem Deel Z5 vun der 2006 accidentéierter 2207 an aus nei gebauten Deeler Z1 an Z3.

Nummer Bemierkung Foto
2201
2202
2203
2204
2205
2206 gedeeft op den Numm Beetebuerg
2207 2006 beim Zuchaccident zu Zoufftgen zerstéiert ginn.
2208
2209
2210
2211 De 14. Februar 2017 beim Zuchaccident zu Diddeleng zum Deel zerstéiert ginn.
2212
2213
2214
2215
2216
2217
2218
2219
2220
2221
2222 gedeeft op den Numm Schuller
2223 Den Deel Z5 vun der 2223 ass de fréieren Deel Z5 vun der 2207.

Biller vu bannendran

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: CFL 2200 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. https://web.archive.org/web/20120112031025/http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/08/106287/cfl-bekommt-zehn-neue-zuege.php Déi nei Tranche 2200er Lëtzebuerger Wort 4.August 2010
  2. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/62613/thionville-belval-longwy.php Direkt Verbindung Diddenuewen-Belval-Lonkech Lëtzebuerger Wort 15.Dezember 2009