Messier 38
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Collinder 67)
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Stärebild | Auriga (Aur) | ||||
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
Rektaszensioun | 05h 28m 43s | ||||
Deklinatioun | + 35° 51' 18" | ||||
Ausgesinn | |||||
Konzentratiounsklass | II,2,r (Trumpler), e (Shapley) | ||||
Visuell Magnitude | + 6,4m | ||||
Wénkelduerchmiesser | 21' | ||||
Hellste Stär | +7,9 magm | ||||
Physikalesch Donnéeën | |||||
Distanz | 4.200(Lj) | ||||
Routverrécklung | (−22 ± 7) ∙ 10−6 | ||||
Radialvitess | −6,7 km/s | ||||
Absolutten Duerchmiesser | 25 Lj | ||||
Alter | 220 Mio. Joer | ||||
Geschicht | |||||
Entdecker | G. B. Hodierna | ||||
Entdeckungsdatum | 1654 | ||||
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
M | 38 | ||||
NGC | 1912 | ||||
C | 0525+358 | ||||
OCl | 433 | ||||
Cr | 67 | ||||
Lund | 181 | ||||
Mel | 36 |
De Messier 38 (och als NGC 1912 bezeechent) ass ee vun dräi oppene Stärekéip (nieft M36 an M37) am Wanterstärebild Auriga. Seng Hellegkeet ass +6,4 mag, seng Wénkelausdehnung ass 21'.
Mat der Spektiv 10×50 gesäit een eng kleng Wollek mat enger Handvoll Eenzelstären 9.-10. Gréisst, mat engem klengen Teleskop eng däitlech Kräizform, déi awer mat méi engem groussen Teleskop nees verschwënnt. An engem 20cm-Spigelteleskop gesi routinéiert Observateure schonn 100 bis 150 Stären[1], déi sech zu der Mëtt hi konzentréieren an deelweis a Reien opgebaut sinn.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Bernd Koch, Stefan Korth: Die Messier-Objekte. Die 110 klassischen Ziele für Himmelsbeobachter. Kosmos-Verlag, 213p., ISBN 9783440117439, Stuttgart 2010