Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit/WDS-Beispiller

Vu Wikipedia


Wikipedia - Beispiller vu Verweiser op der Haaptsäit

Wousst Dir schonn datt...

  • ... de Mitock (Upupa epops) op Lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?
Archiv

Wousst Dir schonn datt...

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • … am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
  • ... D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?
  • ... d'Zuel vun de Supermarchéen zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
  • ...Rio de Janeiro iertemlech no engem "Januar-Floss" genannt gouf, deen et awer net gëtt?
  • ... den 18. Mee 1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
Archiv

Wousst Dir schonn datt...

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • ... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
  • ... d'Verkéierswarnschëld viru Véi op der Strooss 2012 aus dem Lëtzebuerger Code de la Route gestrach, ma 2024 nees agefouert gouf?
  • ... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zeréckgezunn hat, an do am Laf vun der Evolutioun aus Manktem u Fudder ëmmer méi kleng gouf?
  • ...d'Anna Boch den eenzege Client war deen de Vincent Van Gogh zu senge Liefzäiten hat?
  • ... d'lëtzebuergesch Schauspillerin Germaine Damar duerch de Film Die Beine von Dolores an Argentinien esou bekannt gouf, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Televisiounsemissioun hat?
Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • ... "Sequoiaen" wuel dat eenzegt Wuert am Lëtzebuergeschen ass, bei deem all 5 Vokaler hannerenee stinn?
  • ... d'Wollefsschlucht bei Iechternach hiren Numm 1881 vun engem vun den éischten Touristen, déi doduerch gefouert goufen, krut, dee se mat der "Wolfsschlucht" aus dem Carl Maria von Weber sengem Freischütz verglach huet?
  • ... den Ausdrock Paparazzi op e Personnage aus dem Federico Fellini sengem Film La dolce vita zeréckgeet?
  • ... beim Waasserball d'Feldspiller de Ball mat all Kierperdeel spille kënnen, just net mat den zwou Hänn gläichzäiteg?
  • … deen éischte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner op enger Olympiad de Michel Théato war, an zwar 1900 zu Paräis am Marathon-Laf?
Archiv